Wilhelm Weis

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Wilhelm Weis
Gebuer 15. Mäerz 1894
Clausen
Gestuerwen 23. Mäerz 1964
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Famill
Geschwëster Adolf Weis
Wikidata-logo-without-paddings.svg
Plack um Gebuertshaus vum Wilhelm Weis

De Guillaume Gustav (Wilhelm, Wëllem) Weis, gebuer de 15. Mäerz 1894 a Clausen a gestuerwen den 23. Mäerz 1964 zu Lëtzebuerg, war e Lëtzebuerger Geeschtlechen a Schrëftsteller. Hien ass den eelere Brudder vum Adolf Weis. Seng Wierker sinn an däitscher an och a Lëtzebuerger Sprooch verfaasst.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No der Primaireschoul am Pafendall a senge Secondairestudien an der Industrieschoul um Lampertsbierg goung hien an de Seminaire. 1920 gouf de Wilhelm Weis zum Priister geweit a gouf datselwecht Joer Koadjutor am Konvikt an der Stad. Vun 1925 bis 1932 war hie Kaploun zu Bouneweg. 1932 krut hien d'Plaz als Paschtouer zu Koplescht. Hei huet hien tëscht 1934 a 1936 d'Briefe eines Hinterwäldlers geschriwwen. Am Joer 1936 ass hien zum Aumonier am Prisong am Gronn ernannt ginn. Op dëser Plaz war hie bis 1959 aktiv. No senger Pensionéierung huet hien um Lampertsbierg gelieft.
Säi ganzt Liewen huet hien a verschidde kathoulesch Publikatiounen, mä haaptsächlech am Lëtzebuerger Sonndesblad ënner dem Pseudonym Messager geschriwwen. Hie war och bekannt als Auteur vun den Texter op den Oktavbiller Unserer Lieben Frau.

1961 krut en de lëtzebuergesche Prix de littérature.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Wëllem Weis huet ënner e puer Pseudonyme geschriwwen: Hermann Berg, Sylvester, Bruder Klaus a Messager.

als Wilhelm Weis[änneren | Quelltext änneren]

  • Gedichter
    • Léif Mamm, ech weess et nët ze son (E Muttergottesgebiet, dat och vertount ginn ass)
    • Meng Mamm
    • Vum Kurschnatz
    • Mëtteg
    • Theisherrschen
  • Seechen
    • Bib
    • De Klautje vun Itzeg
    • Die goldene Grube
  • Erzielungen
    • Kaspar Dennewalds Himlinger Jahr (eng Erzielung iwwer Dugenden a Ondugende vu lëtzebuergesche Geeschtlechen). Gouf vum Karl Düngler op Franséisch iwwersat ënner dem Titel Le Vicaire et son curé.
    • Wölm Winz (e Roman iwwer e klatzkäppege Bauer, dee verhënnere wëll, datt d'Eisebunn duerch seng Stécker soll fueren)
    • Knecht der Liebe (e Roman iwwer d'Liewe vum Schetzel)

als Hermann Berg[änneren | Quelltext änneren]

    • Briefe eines Hinterwäldlers, 1934
    • Der Gang zum Licht (Gedichtsbändchen)

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • W. Weis 1946 De Klautje vun Itzeg, eng Séchen vum Wöllem Weis. Biller vum Nico Schneider Sankt Paulus-Dréckerei 55 S.
  • W. Weis 1957 Le Vicaire et son curé. Éditions Alsatia 222 S.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]