Astronomesch Moosseenheeten
Astronomesch Moosseenheeten gi gebraucht, fir de spezifesche Fuerderunge vun der Astronomie gerecht ze ginn. Den Ausdrock soll net mat der "Astronomescher Eenheet" verwiesselt ginn, déi eng vun deene Moosseenheeten duerstellt.
Am Verglach zu den eis vertrauten (terrestreschen) Moosseenheete sinn d'Gréisstenuerdnungen an der Astronomie heefeg spréchwiertlech "astronomesch", an déi mënschlech Betruechtung fänkt un, ze versoen: D'Distanz vun eiser Sonn zu hirem nooste Stärennoper (Proxima Centauri) ass z. B. ronn 40 Billioune Kilometer, eis Sonn weit zirka 1,9891·1030 kg. Et kann een déi Wäerter zwar mat anere vergläichen, awer dobäi kënnt d'Gefill op, datt een déi Gréisstenuerdnung net verstoe kann.
Dofir ginn, fir eng einfach Vergläichsméiglechkeet ze kréien, an der Astronomie dacks Verbindungen zu bekannte Gréisste gebraucht.
- Fir Distanze gëtt dacks de Begrëff Liichtjoer gebraucht. Dat ass d'Streck, déi d'Liicht an engem Joer zeréckleet, eng Tatsaach, déi e Laien dacks irritéiert, well d'Bezeechnung "Joer" op eng Zäitdauer schléisse léisst.
- D'Mass vu Stären, Planéiten oder aneren astronomeschen Objete gëtt dacks a Multiple vun der Mass vun anereren Objeten uginn, z. B. an Eenheete vun der Sonnen- oder der Äerdmass.
- D'Angab vun engem Wénkel- a rotatiounsgebonnene Koordinatesystemer an Zäiteenheeten, déi dem intuitiven Zougang zu der Rotatiounsdauer entgéintkommen, sou wéi den Dag vun der Äerd, also 24 Stonnen amplaz vun 360 Grad, z. B. Stärenzäit {{{1}}}.
Mass
[änneren | Quelltext änneren]Objet | Mass a kg |
Verhältnes zu der | |||
---|---|---|---|---|---|
Äerdmass | Sonnemass | ||||
Äerdmound | 7,348 | •10221,230•10−2 | 3,694•10−8 | ||
Äerd | 5,9736•1024 | 3,003•10−6 | |||
Jupiter | 1,8986•1027 | 3,178•102 | 9,545•10−4 | ||
Sonn | 1,9891·1030 | 3,330·105 |
Radius
[änneren | Quelltext änneren]Objet | Radius a km |
Verhältnes zum | ||
---|---|---|---|---|
Äerdradius | Sonneradius | |||
Äerdmound | 1738 | 0,27 | 0,0025 | ¼ ‰ |
Äerd | 6378 | ~0,01 | 1 % | |
Jupiter | 71490 | ~ | 11~0,1 | 10 % |
Sonn | 659700 | ~100 |
- Dacks gëtt amplaz vu Radius (r) och den Duerchmiesser (d) gebraucht (d = 2•r).
Distanz
[änneren | Quelltext änneren]Dës Astronomesch Eenheete sinn am Internationalen Eenheetesystem net zougelooss. Trotzdeem gëlle s'an der Astronomie als onverzichtbar a gi weiderhi gebraucht.
Bezuchsgréisst | Wäert | Moosseenheet (Symbol) | weidere Verglach |
---|---|---|---|
mëttleren Ofstand Äerd/Sonn | 1,496•1011 m | 1 AE (Astronomesch Eenheet) | 8,3 Liichtminutten |
Parallax | 3,086•1016 m | 1 pc (Parsec) | 206.264,8 AE = 3,2616 Lj |
Liichtvitess am Vakuum (siderescht Joer) (1) | 299.792.458 m/s | (c oder c0) | zirka 109 km/h |
zirka 300.000 km | 1 Ls (Liichtsekonn) | 80 % Distanz Aërd–Äerdmound | |
zirka 18 Mio. km | 1 Lm (Liichtminutt) | zirka 1/8 AE (Distanz Äerd–Sonn) | |
zirka 1079 Mio. km | 1 Lh (Liichtstonn) | méi wéi de Bunnradius vum Jupiter | |
9,46 Billioune km = 63.240 AE = 0,3066 pc | 1 Lj (Liichtjoer) | zirka 1/4 vun der Distanz zum nächste Stär (Proxima Centauri) |
(1) D'Vakuum-Liichtvitess bezitt sech op e siderescht Joer. D'Liicht leet dofir am Vakuum an enger (SI-)Sekonn e bëssi manner wéi eng Liichtsekonn zeréck.
Zäit
[änneren | Quelltext änneren]No enger astronomescher Konventioun gëtt een
- Zäitpunkt an der Form 1h 23m 45s
- Zäitdauer awer 1 h 23 m 45 s
D'Zäitangab mat ′ an ″ ass net üblech, fir eng Verwiesselung mat dem Stonnemooss z'ënnerdrécken.
Wénkel am Zäitmooss (Stonnemooss)
[änneren | Quelltext änneren]Stonnemooss(1) | Wénkel |
---|---|
24 Stonnn (1 Dag) | 360° |
1 Stonn | 15° |
1 Minutt | 15' (Bouminutten) = 1/4° |
1 Sekonn | 15" (Bousekonnen) = 1/240° |
D'Duerstellungen 1h 23m 45s an 1ʰ23'45" sinn dobäi gläichbedeitend.
(1) Heibäi ass ze beuechten, wat fir een astronomeschen Dag gebraucht gëtt: Sou gëtt d'Stärenzäit op de Stärendag bezunn, an entspriechend déi aner Zäiteenheeten. D'Angabe bezéie sech op äerdbezunne Koordinaten. Am Allgemenge gëllt:
- 360° ≙ Rotatiounsdauer vum Koordinatesystem geméiss enger Referenz
Leeschtung
[änneren | Quelltext änneren]Et gëtt weiderhin d'Konventioun, fir bestëmmt Leeschtungen doduerch z'erklären, datt ee se z. B. mat der Stralungsleeschtung vun der Sonn, enger ganzer Galaxie oder vum ganzen Universum vergläicht.
D'Sonneliichtkraaft ass definéiert als
Gréisst | Formelzeechen | Wäert a Watt |
Vergläichswäerter | Definitioun/Bezuch | Quell fir Wäert |
---|---|---|---|---|---|
Sonneliichtkraaft | L☉ | 3,86•1026 W | feelt nach |
|
Hellegkeet
[änneren | Quelltext änneren]Déi visuell Hellegkeet (Gréisstenklass oder magnitudo m) definéiert sech allgemeng
mat I1,2 Stralungsintensitéit (Energie pro Zäit a Fläch a Js−1m−2 = Wm−2). Dat ass eng reng Vergläichsmooss, dofir brauch eng normal Mooss:
Gréisst | Formelzeechen | Wäert | Vergläichswäerter |
---|---|---|---|
visuell Hellegkeet vum Stär Vega am Stärebild Lyra |
m0 | 0m | Polarstär: 2,12m Sirius: −1,6m Vollmound: −12,5m (Duerchschnëtt iwwer pg/ag) Sonn: −26,87m |