(12) Victoria

Vu Wikipedia
(12) Victoria
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,334 A.E.
Exzentrizitéit 0,2202
Sideresch Ëmlafzäit 3 a 207 d
Mëttel Bunnvitess 19,3 km/s
Inklinatioun 8,36 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 113 km
Mass 1,5 • 1018 kg
Mëttel Dicht ≈ 2 g/cm3
Rotatiounsperiod 8 h 40 min
Albedo 0,1765
Absolut Hellegkeet 7,24M
Spektralklass S
Entdeckung
Entdecker John R. Hind
Entdeckungsdatum 13. September 1850
Plaz London


Den (12) Victoria ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture.

Hie gouf den 13. September 1850 vum John Russell Hind als 12. Asteroid entdeckt.

Den Numm gouf kontrovers diskutéiert, well allgemeng ugeholl gouf, datt den Hind den Himmelskierper zu Éiere vun der brittescher Kinnigin Victoria genannt hätt, well bis dohi war et net de Brauch Asteroiden no Persounen ze benennen déi nach gelieft hunn. Den Hind huet allerdéngs drop higewisen, datt d'réimesch Sigesgëttin fir den Numm steet. Den Numm Klio,[1] deen 1865 fir den Asteroid (84) Klio vergi gouf, gouf och notéiert. Als Symbol gouf e Stär mat engem Lorberaascht virgeschloen[1].

De Victoria beweegt sech op enger Distanz vun 1,8191 (Perihel) bis 2,8495 (Aphel) A.E., an 3,57 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn steet 8,3619° schréi zur Ekliptik an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,2207.

Den Asteroid Victoria huet en Duerchmiesser vun 117 Kilometer. En huet eng relativ hell Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,176. E rotéiert a ronn 8 Stonnen a 40 Minutten ëm seng eegen Achs.

Fotoen, déi mat Radar a Speckle-Interferometrie gemaach goufen, weisen, datt den Asteroid eng längelzeg Form huet. Méiglecherweis besteet hien aus zwéi Kierper.

Aspekter[änneren | Quelltext änneren]

Stationär, da réckleefeg Oppositioun Distanz Hellegkeet Stationär, da rechtleefeg Konjunktioun zu der Sonn
22. Juli 2014 3. September 2014 0,89385 AE 8,9 mag 3. Oktober 2014 26. Mee 2015
18. November 2015 12. Januar 2016 1,85271 AE 11,2 mag 4. Mäerz 2016 26. August 2016

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Conversations-Lexikon, 10. Oplo, F. A. Brockhaus 1854, Band 12, Eintrag "Planeten", S. 175