2012 TC4

Vu Wikipedia
2012TC4
Kompositfoto vum 2012 TC4 (2017)
Orbittyp Apollo-Asteroiden
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 1,406 A.E.
PerihelAphel ? –? AE
Exzentrizitéit 0,3357
Inklinatioun 0,8564 Grad
Peridatum 16. November 2017
Sideresch Ëmlafzäit 1,67 Joer
Mëttel Bunnvitess 24,4 km/s
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 10–30 m[1] resp. 12–27 m[2]
Mass
Albedo ?
Mëttel Dicht
Rotatiounsperiod 12 min 14 sek
Absolut Hellegkeet 26,7
Spektralklass -
Entdeckung
Entdecker Pan-STARRS
Datum 4. Oktober 2012
Plaz
Aner Bezeechnungen

Den 2012 TC4 ass en äerdnoen Asteroid vum Apollo-Typ, deen de 4. Oktober 2012 vum Groussteleskop-System Pan-STARRS entdeckt gouf.[3],[4]

Den 2012 TC4 beweegt sech op enger Distanz vun 0,934 (Perihel) bis 1,878 (Aphel) astronomesch Eenheeten a 607 Deeg ëm d'Sonn. Seng Bunn steet nëmmen 0,9° schréi zur Ekliptik, an d'Exzentrizitéit ass mat 0,34 relativ grouss.

Déi éischt Klasséierung als potentiell geféierlechen Asteroid gouf am Laf vu weideren Observatiounen nees opgehuewen.

Iwwer den Asteroid selwer ass, vun de Bunn- a Rotatiouneegenschaften ofgesinn, wéineg bekannt.

Lëscht vun den Distanzen zu der Äerd an dem Äerdmound[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun den Distanzen[5]
Datum (UT) Objet Distanz a km
(Mëttelpunkt-Mëttelpunkt)
Onsécherheet
a km
Relativ-
Vitess
a km/s
13. Oktober 1996 Äerd 756.000 ± 75300 6,444
13. Oktober 1996 Äerdmound 532.000 ± 67900 7,143
3. Mäerz 1997 Äerd 46.926.000 ± 58600 4,190
2. August 2009 Äerd 68.969.000 ± 5960 7,039
12. Februar 2010 Äerd 40.183.000 ± 16100 14,640
12. Oktober 2012 Äerd 94.965 ± 4 7,123
12. Oktober 2012 Äerdmound 113.886 ± 7 6,773
12. Oktober 2017 – 05:42
Gekuckt den 20. August 2017
Äerd 50.142 ± 373 7,647
12. Oktober 2017 – 05:42
berechent 11. Oktober 2017, 09:02
Äerd 50.151 ±? 7,647
12. Oktober 2017 – 19:19 Äerdmound 277.700 ± 801 6,101
29. Dezember 2019 Äerd 34.509.615 ± 2.007.000 13,828

Laanschtfluch 2017[änneren | Quelltext änneren]

Den 12. Oktober 2017 ass den Asteroid géint 6 Auer UT laanscht d'Äerd geflunn. Seng Vitess war 7,647 km/s an d'Distanz zum Äerdmëttelpunkt war (50.141 ± 373) km (matgedeelt vum JPL). Seng Distanz zu der Äerduewerfläch war eppes méi wéi 44.000 km oder ronn 3,5 Äerdduerchmiesser. Doduerch krut den Asteroid eng gewësse medial Opmierksamkeet.

Eng am viraus berechent Bunn vum Himmelskierper huet de JPL den 11. Oktober 2017 korrigéiert op d'Distanz vun 0.000335242438051313 au wat rechneresch 50.151 km ausmécht.

Et ass unzehuelen, datt déi mat nëmme 4 resp. 7 km Onsécherheet ganz genee notéiert Distanzwäerter fir 2012 an der Tabell op Auswäertunge vu geneeë Miessunge vum Transit vun 2012 no deene Miessunge berouen.

Animatioun: 2012 TC4 (gréng) gëtt beim Laanschtfluch bei der Äerd (Dagsäit: blo) vun hir duerch Gravitatioun ofgebéit. Zur Illustratioun vun den Ofstänn ass an der Animatioun ausserdeem e geosynchrone Satellit (rosa) an den Äerdmound (gro) agezeechent. Déi gréng Linn vun der Asteroidebunn gëtt méi däischter am Beräich, an deem déi ënner (= südlech) d'Ekliptik andaucht. (D'Animatioun gouf den 11. September 2017 berechent.)

Well Ausmooss a Richtung vum Ofknécken och den 11. Oktober 2017 – dem Zäitpunkt vun der leschter Berechnung vum JPL – wéinst der Onsécherheet vun der Bunnvirausso nëmme mat schappeger Prezisioun virausgesot konnt ginn, erginn zukünfteg Miessunge vun Asteroidebunnplaze mat héijer Warscheinlechkeet däitlech aner Wäerter fir d'Virausso vun den nächste Rendezvousen..

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Asteroid 2012 TC4 to Safely Pass Earth This October. Bei: cneos.jpl.nasa.gov. 12. Juli 2017, ofgeruff den 20. August 2017.
  2. ZDFtext S. 141, 12. Oktober 2017 "Asteroid 2012 TC4 flittt knapps laanscht d'Äerd"
  3. Tomasz Nowakowski: Will Asteroid 2012 TC4 Hit Earth in October 2017. Bei: spacedaily.com. 17. April 2015. Gekuckt den 20. August 2017. Zuletzt abgerufen 12. Oktober 2017.
  4. MPEC 2012-T18. Bei: minorplanetcenter.net. 17. April 2015. Gekuckt den 20. August 2017.
  5. JPL Small-Body Database Browser, gekuckt den 20. August 2017.