African Development Bank - Banque africaine de développement

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) African Development Bank)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Banque africaine de développement
African Development Bank
Logo BAD Horizontal.jpg
Typ Bank
Slogan Bâtir aujourd'hui, une meilleure Afrique demain
Building today, a better Africa tomorrow
Grënnung 1964
Sëtz Flag of Côte d'Ivoire.svg Elfebeeküst, Abidjan
Leedung Donald Kaberuka (President)
Conseil des gouverneurs
Conseil d'administration
Produit Entwécklungszesummenaarbecht
Um Spaweck www.afdb.org

D'Afrikanesch Entwécklungsbank (op Franséisch: Banque africaine de développement oder kuerz BAD; op Englesch: African Development Bank oder kuerz AfDB) ass eng regional, multilateral Entwécklungsbank fir den afrikanesche Kontinent mat Sëtz zu Abidjan an der Elfebeeküst. Hiert Zil ass d'wirtschaftlech an d'sozialpolitesch Entwécklung am afrikanesche Raum duerch d'Finanzéierung vu bestëmmte Projete virunzedreiwen. Dobäi ginn d'Prioritéiten op déi méi aarm Länner a spezifesch Secteure gesat, wéi zum Beispill Infrastruktur, Landwirtschaft oder de private Secteur.

Geschicht a Struktur[änneren | Quelltext änneren]

Den Donald Kaberuka, President vun der Bank zënter 2005

D'Ofkommes zur Grënnung vun der Bank ass de 4. August 1963 zu Khartum am Sudan adoptéiert ginn an dräi Joer méi spéit, um 1. Juli 1966, huet si hir Aarbecht opgeholl.[1] Obwuel d'AfDB ufanks als pur afrikanesch Institutioun gegrënnt ginn ass, ass 1979 decidéiert ginn, och net-afrikanesch Länner zouzeloossen fir sou Zougank zu weidere Kapitalquellen ze hunn. Wéinst der Resistenz vu verschiddenen Länner, dorënner Nigeria an Algerien, ass déi Entscheedung awer eréischt 1982 ëmgesat ginn.

Nieft den uewe genannte Prioritéitssecteure vergëtt d'AfDB och Krediter un déi finanziell méi staark Staaten, haaptsächlech an Nordafrika. Zousätzlech gëtt et am Grupp vun der AfDB nach déi separat Entitéite vum Afrikaneschen Entwécklungsfong (Fonds africain de développement; African Development Fund) a vum Nigeria Trust Fund (Fonds spécial du Nigéria).

Den afrikaneschen Entwécklungsfong gëtt aarme Länner Krediter zu konzessionäre Konditiounen an huet als Zil d'Aarmutsreduktioun. D'Sue fir dee Fong kommen ausschliisslech vun net-afrikanesche Staaten. Den Nigeria Trust Fund ass 1976 mat engem Accord tëscht dem AfDB Grupp an der nigerianescher Regierung mam Zil geschafe ginn, d'Entwécklungsefforte vun der Bank hire Membere mat niddregem Akommes z'ënnerstëtzen. Haut spillt dee Fong awer nëmmen nach eng manner wichteg Roll.

Déi éischt Hallschent vun den 1990er Joren war fir d'AfDB vu Krise markéiert, well d'Bank duerch héich Verloschter, politesch Muechtspiller an onduerchsichtegem Management u Reputatioun verluer huet a massiv vun Ausse kritiésiert ginn ass. No 1995 ass d'Bank ënner der Leedung vum Marokaner Omar Kabbaj staark reforméiert ginn, wat hire Leeschtungprofil an hir Kredibilitéit bedéitend verbessert huet. Zënter 2005 ass de ruandeschen Economist Donald Kaberuka President vun der AfDB. Hien ass am Mee 2005 fir eng weider Amtszäit vun fënnef Joer erëmgewielt ginn.[2]

Nom Putsch an der Elfebeeküst huet d'AfDB hir Operatiounen temporär op Tunis verluecht. De komplette Retour op Abijan ass fir 2014 ugekënnegt.[3]

Am Ablack sinn 78 Länner Member vun der Bank, dorënner alleguer d'afrikanesch a 24 net-afrikanesch Länner. Um 31 Dezember 2010 huet d'AfDB Suen am Wäert vun ongeféier 12,06 Milliarden US-Dollar geréiert, dovun ëm déi 7,05 Milliarden USD an de verschiddene Portefeuilleë vun der AfDB selwer an 4,94 Milliarden USD am Afrikaneschen Entwécklungsfong.[4]

Lëtzebuerg an d'Afrikanesch Entwécklungsbank[änneren | Quelltext änneren]

Am Juni 2013 huet de Lëtzebuerger Regierungsrot e Gesetzesprojet adoptéiert, deen d'Adhésioun vu Lëtzebuerg zur Afrikanescher Entwécklungsbank virgesinn huet. Fir Member bei der Bank ze ginn muss e Land gläichzäiteg Member beim Afrikaneschen Entwécklungsfong ginn.[5] Den 10. Oktober 2014 hunn de Finanzminister Pierre Gramegna an de Bankpresident Donald Kaberuka zu Lëtzebuerg den Accord iwwer d'Memberschaft ënnerschriwwen, an deem festgehale gouf datt Lëtzebuerg iwwer déi nächst 8 Joer 25 Milliounen Euro wäert investéieren.[6]

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1964-1970: Mamoun Beheiry (Sudan)
  • 1970-1976: Abdelwahab Labidi (Tunisien)
  • 1976-1979: Kwame Donkor Fordwor (Ghana)
  • 1979-1980: Godwin Gondwe (Malawi, Interimspresident)
  • 1980-1985: Willa Mung’Omba (Sambia)
  • 1985-1995: Babacar N’diaye (Senegal)
  • 1995-2005: Omar Kabbaj (Marokko)
  • 2005-elo: Donald Kaberuka (Rwanda)

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Afrikanesch Memberstaaten[änneren | Quelltext änneren]

Net-afrikanesch Memberstaaten[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: African Development Bank - Banque africaine de développement – Biller, Videoen oder Audiodateien

Weider Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Kleines Afrika-Lexikon, 2004, R. Hofmeier an A. Mehler (Hrsg), C.H. Beck oHG, München

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. afdb.org: Historique (gekuckt de 5. November 2013)
  2. lemaghrebdz.com: Donald Kaberuka réélu à la présidence de la BAD pour un second mandat (29. Mee 2010; gekuckt de 5. November 2013)
  3. afdb.org: AfDB Governors Announce Bank’s Return to its Headquarters in Abidjan (1. Juni 2013; gekuckt de 5. November 2013)
  4. afdb.org: Gestion de liquidités (gekuckt de 5. November 2013)
  5. gouvernement.lu: Conseil de gouvernement: Résumé des travaux du 7 juin 2013 (7. Juni 2013; gekuckt den 5. November 2013)
  6. gouvernement.lu: Le Ministre des finances, Pierre Gramegna, signe l’Accord d’adhésion du Luxembourg à la Banque africaine de développement et au Fonds africain de développement. (Mee 2014)