Arthur Herchen
Arthur Herchen | |
---|---|
Gebuer |
24. Januar 1850 Clausen |
Gestuerwen |
2. November 1931 Clausen |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Historiker |
De Charles Joseph Philippe Herchen, meeschtens Arthur Herchen oder Karl Arthur Herchen, gebuer de 24. Januar 1850 a Clausen, an do gestuerwen den 2. November 1931, war e lëtzebuergesche Pedagog an Historiker.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Arthur Herchen huet no senger Première am Kolléisch, tëscht 1869 an 1873 Philosophie, Alphilologie a Geschicht an der Stad Lëtzebuerg (Cours supérieurs am Kolléisch), zu Léiwen, Bonn a Berlin studéiert. Nom lëtzebuergeschen Doktorat (nom System vun der Collation des grades) an dem prakteschen Examen zum Schlus vum Stage, wou hie besonnesch an de Fächer Philosophie a Latäi gepréift gi war (1874), war hien d'éischt zwee Joer laang Repetent an duerno, bis 1920, an der Haaptsaach Geschichtsprofesser am Kolléisch an och op de Cours supérieurs.[1] Hien huet awer nach aner Fächer ginn, wéi z. B. Algriichesch. Eng Zäit laang huet hien och der Prinzessin Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, der spéiderer Groussherzogin, Privatunterrecht ginn.
Hie war Matgrënner vun der Zäitschrëft Hémecht. Vun 1921 bis 1931 war hie President vun der Section historique vum Institut grand-ducal a vun 1910 u President vun der Université populaire catholique.
Eent vum Herchen senge Meedercher war mam Politiker Hubert Loutsch bestuet.[2]
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]Den Arthur Herchen war virun allem fir seng Geschichts- a Geographiebicher fir d'Primär- a Secondaireschoule bekannt, Bicher, déi och no sengem Doud zum Deel alt bis an d'1970er um Programm stoungen. Virun allem säi Manuel d'histoire nationale, dat 1918 erauskoum a bis 1972 an de Schoulen am Gebrauch war, huet d'Geschichtsbild vu ganze Generatiounen zu Lëtzebuerg gepräägt. Besonnesch seng Theorie vun de "véier Periode vu Friemherrschafte vu Lëtzebuerg" a vum Verknëppe vum mëttelalterlechen Herzogtum mam modernen Nationalstaat, wéi wann d'Land, als Element vun den Éisträicheschen Nidderlanden, net tëscht 1794/95 an 1815 verschwonne wier, huet nohalteg och aner Historiker beaflosst. Dës teleologesch Vue vun der Geschicht gëllt haut zurecht als iwwerholl.[3]
- Apologie de la poésie, 1870
- Henri l'Aveugle, comte de Namur et de Luxembourg; in: Programme publié à l'issue de la fin de l'année scolaire - Athénée, année 1883-1884; ~30 Säiten.
- Dom Miguel I., König von Portugal: sein Leben und seine Regierung. Luxemburg: Huss, 1908
- Geschichte des Herzogtums Luxemburg wärend des XVIII. Jahrhunderts, 1910
- Manuel d'histoire nationale[1] 1918. Vun deem Buch gëtt et nach 8 weider Editiounen: 1929, 1934, 1937, 1947, 1952, 1966, 1969 an 1972)
Gielercher[4]
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne
- Officier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Chevalier vum Ordre de Léopold
No him benannt
[änneren | Quelltext änneren]Fir un den Arthur Herchen z'erënneren, ass um Belair eng Strooss, d'Rue Arthur-Herchen no him genannt ginn.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Albert Steffen, Professor K. Arthur Herchen †; in: Ons Hémecht, 37 (1931), H.4, S.5.
- Nicolas Margue, Arthur Herchen (1850-1931); in: Athénée grand-ducal de Luxembourg - Trois cent cinquantième anniversaire de sa fondation; Lëtzebuerg (Bourg-Bourger), 1955; Ss. 130-132.
- Félix Heuertz & Charles Lang, Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 - Travail statistique de Félix Heuertz (1922) complété par Charles Lang (1967); Lëtzebuerg (erausgi vum Educatiounsministère), 1967; vgl. Ss. 40-41.
- Tony Kellen: Die luxemburgische Geschichtsschreibung: ein Rückblick und ein Ausblick, in: Jonghémecht. Blätter für heimatliches Schrift- und Volkstum 7 (1933), S.159.
- Michel Margue: Nationale Identitätskonstruktionen durch fiktive Kontinuität. Einige Bemerkungen zum 'nationalen' Vergangenheitsbild. In: forum 271 (2007), S. 33-36.
- Peporté P., S. Kmec, B. Majerus, et M. Margue, Inventing Luxembourg. Representations of the past, space and language from the nineteenth to the twenty-first century, Amsterdam, Brill, 2010 (http://hdl.handle.net/10993/2052) iwwer den Herchen besonnesch S.31-64 ("The master narrative of Luxembourg's History").
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Cf. S. 256 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
- ↑ Calmes C., Création et formation d'un pays : de 1815 à nos jours, Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul, 1989, S. 301.
- ↑ cf. Peporté, 2010 a Michel Margue, 2007
- ↑ Doudesannonce vum Arthur Herchen am Luxemburger Wort vum 11. Abrëll 1931
- Lëtzebuergesch Historiker
- Lëtzebuergesch Pedagogen
- Gebuer 1850
- Commandeur de l'ordre de la couronne de chêne
- Officier de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Chevalier vum Ordre de Léopold
- Gestuerwen 1931
- Membere vun der Section historique vum Institut grand-ducal
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass