Bréck zu Waasserbëlleg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stroossebréck zu Waasserbëlleg. Fir déi aner Bréck, kuckt wgl. Eisebunnsbréck zu Waasserbëlleg.
Bréck zu Waasserbëlleg
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz LUXLUX Waasserbëlleg
DEUDEU Bëllegerbréck
Flosskilometer 0,095[1]
Koordinaten 49° 42’ 51.5’’ N
      06° 30’ 23.9’’ O
Chronologie
Baujoer < 1750
Zesummegefall 1903
Rekonstruktioun 1909
Zerstéiert 14. September 1944
Rekonstruktioun 1950 - 1951
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Fuerspueren 2
Uschloss un LUXLUX N 1
DEUDEU B 49
Féiert iwwer Sauer
Op der Spatz
Technesch Detailer
Bréckentyp Boubréck op 3 Gelenker
Totallängt 73,60 m
Längt tëscht Widderlager 64,30 m
Felder/Béi 2 flaach Béi
+ 1 ronne Bou
Feldbreet(en) 2 × 30,15 + 5,00 m
Breet 8 m (Bréck vun 1909)
Material Arméierte Bëtong
Bemierkungen
Bauhär Lëtzebuerg
Rheinland-Pfalz


Déi zerstéiert Brécken, am Januar 1945.

D'Bréck vu Waasserbëlleg ass eng Grenzbréck tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. Et ass eng Stroossebréck a féiert iwwer d'Sauer.

Si verbënnt déi lëtzebuergesch Uertschaft Waasserbëlleg mat der däitscher Uertschaft Bëllegerbréck am Landkrees Tréier-Saarburg.

D'Bréck déi 1952 am arméierte Bëtong gebaut gouf, ass mat Parmangen ausgekleet an ersetzt eng fréier stenge Bréck vun 1909 mat dräi Béi déi am Zweete Weltkrich zerstéiert gouf.

Bréckegeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Bréck iwwer d'Sauer zu Waasserbëlleg geet bis op Réimer zeréck. Den Archeolog Heinz Cüppers an de Lokalhistoriker Erwin Weber vu Laser hunn an hire Fuerschunge Rapporten doriwwer geschriwwen. An de Reschter vun de Piliersfëllementer goufen déck véiereckeg Steebléck fonnt déi mat Eiseklamen zesummegehale waren, wat typesch fir Bauweis bei de Réimer war. D'Béi déi un d'Uwänner gestouss hunn, waren am Ufank vum 18. Joerhonnert entweeder frësch opgeriicht oder komplett restauréiert ginn. Si hunn deene vun der Tréierer Réimerbréck geglach, déi 1689 vun der Fransouse gesprengt gi war a 1718 - 1719 nei opgeriicht gouf. Wéinst hirem schlechten Zoustand hat d'Bréck scho missen am Ufank vun den 1890er Jore fir schwéier Gefierer gespaart ginn. Am November 1894 huet Gemeng Mäertert bei der Regierung finanziell Mëttele fir d'Moderniséierung vum Grenziwwergank gefrot. Déi Demande ass ouni Äntwert bliwwen, soudatt se all Joers frësch agereecht gouf. Dat Spillchen huet bis 1903 gedauert, wéi e Bou op der däitscher Säit an e Koup gefall war. Déi zwee Länner sinn dunn net méi laanscht en Neibau komm.

Bréck vun 1909[änneren | Quelltext änneren]

De Bau vun der neier Bréck gouf de 16. November 1903 tëscht de Vertrieder vun der preisescher an der Lëtzebuerger Bauverwaltung op der Plaz ausgehandelt. De Bau gouf mam Gesetz vum 29. Mee 1907 autoriséiert an et war e Käschtepunkt fir de Lëtzebuerger Staat vun 140.000 Frang virgesinn[2].

Et gouf decidéiert déi nei Bréck e bësselche flossof vun der aler opzeriichten a se sollt rechtwénkeleg zum Waasserlaf gebaut ginn. Déi nei Lag huet an engems de Stroossenuschloss op de lëtzebuergescher Säit verbessert. Wärend der Zäit vum Bau sollt déi al Bréck rafistoléiert ginn an als Noutbréck déngen. Wéinst der Schëfffaart op der Sauer gouf e grousse mëttelste Bou mat zwéi méi klenge Säitebéi geplangt. Well d'Konstruktiounshéicht grouss genuch war, an eng Steekaul mat guddem Sandsteen net wäit ewech war, gouf op eng massiv Bauweis aus Mauerwierk zeréckgegraff. D'Bréck war tëscht de Gelänneren 8 Meter breet, wouvu 5 m fir d'Fuerbunn waren an op all Säit 1,50 m fir Trëttoiren. Um lénkse Pilier war op béide Säiten de preisesche Wope mam Aadler ze gesinn, an um rietsen de lëtzebuergesche mam Léiw.

Déi Bréck gouf de 14. September 1944 vun der Wehrmacht gesprengt.

Noutbréck[änneren | Quelltext änneren]

Am Mäerz 1945 gouf vun der amerikanescher Arméi eng Noutbréck opgeriicht. Well d'Truppen déi virdrun d'Inspektioun vun der Plaz gemaach haten, eng Sprengfal iwwersinn haten, gouf et dunn een Doudegen an e schwéier Blesséierten. Dee westleche Bou deen nach do stoung war sou schwéier beschiedegt datt en och huet misse gesprengt ginn. Op der däitscher Säit huet missen e Bunker gesprengt ginn fir een neit stabilt Widderlager kënnen ze bauen. D'Piliere waren am Fachwierkbau mat schwéieren Dunnen dee bannendra mat Gestengs opgefëllt gouf, fir ze stabiliséieren. D'Fuerbunn war aus Madrillen. An engem zweeten Ulaf goufen d'Piliere mat Bëtong gefëllt a mat engem Mauerwierk agekleet. Déi Bréck war fir eng maximal Laascht vu 70 Tonnen ausgeluecht.

Bréck vun 1952[änneren | Quelltext änneren]

Well Piliere lues a lues ënnerspullt goufen an déi hëlze Charpente vun de Jachen ugefaangen huet mat Faulen, war d'Verkéierssécherheet vun der Bréck geschwënn net méi garantéiert. 1948 huet Militärregierung vun der franséischer Besatzungszon zesumme mat der Lëtzebuerger Regierung éischt Moossname fir en Opbau vun enger neier Bréck an d'Weeër geleet. An enger Konventioun vum 29. Januar 1949 goufen d'Eenzelheete fir den Opbau vun den zwou Waasserbëlleger Sauerbrécke festgehalen. Fir datt de Verkéier konnt weiderlafen, gouf d'Bréck der Längt no an zwéin Deeler opgeriicht. Am Oktober 1950 gouf déi éischt Hallschent vun der Noutbtréck, flossof, ewechgerappt, an et gouf mat de Fëllementsaarbechte fir d'Säitenopleeër a fir d'Flosspilieren ugefaangen.

Wéinst héijem Waassergank op Sauer a Musel wärend dem Wanter 1950/51, hunn déi Aarbechte sech bis an de Mäerz 1951 eragezunn. Fir den Opbau vun de provisoresche Steeën a vum Bréckenënnerbau vun der éischter Hallschent gouf onënnerbrach Dag an Nuecht souwéi och sonndes geschafft, esou datt déi de 15. Juni 1951 fir de Verkéier konnt opgemaach ginn.

D'Ofrappe vum Rescht vun der Noutbréck an de Bau vun der zweeter Hallschent goungen du schëtzeg weider an déi Aarbechte ware bis September 1951 ofgeschloss. Den 2. September 1951 war déi ganz Bréck dunn op fir de Verkéier.

Den 10. Mäerz 1952 gouf d'Bréck dunn a Presenz vun de Regierungsvertrieder feierlech ageweit. Lëtzebuerg gouf dobäi vum Transportminister Victor Bodson, Rheinland-Pfalz vu sengem Ministerpresident Peter Altmeier an déi franséisch Militärregierung vun hirem Delegéierten H.J. Chauchoy vertrueden[3].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Weber, Heinrich Theodor, 1997. Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0
  • Mathieu, François, Wasserbillig im 19. und 20. Jahrhundert, 3 Bänn (1977, 1983, 1987), Lëtzebuerg Imprimerie Saint-Paul
  • Deveikis,C, The Eager Beaver Regiment, the regimental history of the 1303 Engineers, Chicago, 1952

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Flosskilometeren an dër Këscht entspriechen deenen déi um Blat 22 vun der däitsch-lëtzebuergescher Grenzkaart vun 1984 festgehale goufen.
  2. (fr)Loi du 29 mai 1907, concernant la construction d'un nouveau pont sur la Sûre à Wasserbillig. legilux.public.lu (29.05.1907). Gekuckt de(n) 06.04.2023.
  3. L.W. Das Fest der Brückenweihe