Charles Bernhoeft
Charles Bernhoeft | |
---|---|
Gebuer |
22. Juli 1859 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
7. Februar 1933 Beggen |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fotograf |
De Charles (Carl Michael) Bernhoeft, gebuer den 22. Juli 1859 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 7. Februar 1933 zu Beggen, war e lëtzebuergesche Fotograf. Als Photographe de la Cour war hien zu senger Zäit ee vun deene gefroteste Portraitisten zu Lëtzebuerg.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Säi Papp, de Carl Johann Adolph Bernhoeft, Ënneroffizéier an der preisescher Garnisoun vun der deemoleger "Bundesfestung Luxemburg", war bestuet mat der Marguerite Specht, Duechter vun engem Händler aus dem Stadgronn. De Charles, eenzege Jong, hat nach sechs Sëschteren.
Den 18. Februar 1889 huet e sech mat der Marie-Louise Bernardy bestuet. D'Koppel hat zwéi Jongen, de Charles-Marcel gouf Dokter, an de Charles-Paul huet fir Ingenieur studéiert.
De Fotograf an Editeur
[änneren | Quelltext änneren]De Charles Bernhoeft huet eng Léier an der Lithographie an an der Fotografie gemaach an ass sou direkt an de Beruff erakomm, net wéi seng meescht Zäitgenossen, déi dëse Wee iwwer d'Konschtmolerei fonnt hunn.
Nieft Portraiten huet hien och Landschaftsopname gemaach, wouvun der en ettlech op Postkaarten an an Albume kommerzialiséiert goufen. E weidere "Créneau" waren Opdraagsaarbechte fir Entreprisen, z. B. fir de Schampesfabrikant d'Etablissements Eugène Mercier & Cie oder fir d'Granitscarrièrë vun Écaussinnes, an der Provënz Hainaut.
De Charles Bernhoeft huet och, 1895, zesumme mam Jean-Nicolas Moes, déi éischt Lëtzebuerger illustréiert Wochenzeitung erausginn, Das Luxemburger Land in Wort und Bild. Déi Revue ass awer no 9 Méint nees agestallt ginn.
Säin éischten Atelier hat deen dunn nëmmen nonzéngjärege Charles Bernhoeft schonn 1878 an der deemoleger Rue du Génie, haut Montereysavenue, vis-à-vis vun der Stater Post, opgemaach. Wéi dunn d'Affäre gutt gelaf sinn, hien hat mat Zäite bis zu 25 Leit fir sech schaffen, huet hie sech ëm d'Joerhonnertwenn a sengem neie Geschäftshaus um Eck Boulevard Royal - Groussgaass etabléiert. Dëst Gebai, deemools "De Bernhoeft" genannt, gouf an den 1970er Joren ofgerappt, fir engem Büro- a Geschäftshaus vun der Luxembourgeoise Plaz ze maachen. 2015 war et dann och schonn eriwwer mat deem Gebai dat dem Projet Royal-Hamilius huet misse wäichen.
Den Erfinder
[änneren | Quelltext änneren]Hien huet och en Apparat erfonnt, deen en ënner dem Numm Bernhoeft's Blitzlichtapparat Sanssouci patentéiere gelooss huet, fir mat enger indirekter Beliichtung bannenan Opname mat engem Magnesiumsblëtz ze maachen, woubäi den Damp duerch eng Zort Hott no uewen evakuéiert gouf. En ettlech Fotografen an Europa haten him dësen Apparat, dee Präisser op Weltausstellunge krut, ofkaaft.
1910 huet de Charles Bernhoeft sech aus dem Geschäftsliewen zeréckgezunn a säi Gebai un d'Versécherungsgesellschaft La Luxembourgeoise verkaaft.
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]- Den 12. Mee 2009 huet d'Lëtzebuerger Post hie mat engem Timber an der Serie "Personnages célèbres" geéiert. Um Timber gesäit een och seng historesch Foto vun 1904 vun de Prinzessinnen Hilda, Charlotte a Marie-Adélaïde.
- Um Kierchbierg ass eng Strooss no him benannt: rue Charles-Bernhoeft.
Ausstellungen
[änneren | Quelltext änneren]- 2006: Retrospektive « Charles Bernhoeft, photographe de la Belle Époque » am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht;
- 2014: Images d'un pays souverain. Le photographe Charles Bernhoeft et l'identité luxembourgeoise. 15.05.2014 - 15.03.2015 am Musée Dräi Eechelen.
Auswiel vun Albumen
[änneren | Quelltext änneren]- Luxembourg et ses environs (1887)
- Le Grand-Duché de Luxembourg (1889-91). Librairie de la Cour Victor Bück. D'Fotoen doraus
- Album von Trier. Ansichten der Stadt und ihrer nächsten Umgebung (ëm 1890)
- Strassburg, Metz und die Vogesen (1891 an 1894)
- Le Luxembourg pittoresque (1893) - D'Fotoen doraus
- Exposition universelle d'Anvers 1894 (1894)
- Cöln und der Rhein (1895-96)
- Bilder aus der Pfalz (1895)
- Nederland in Beeld (1895-99)
- Eifel-Album (1896)
- Carrières de Petit Granit de M.M. J. Velge et J. Cornet à Écaussinnes (1896)
- Établissements Eugène Mercier & Cie. (ëm 1900)
- Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-Aktiengesellschaft, Abtheilung Differdingen (1903-1904)
- Grand Pont Adolphe à Luxembourg (1904) - D'Fotoen doraus
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Clesse, René, 1994. Geschichtsschreibung mit der Kamera. Die ersten Photographen unserer Hauptstadt. ons stad Nr. 45: 6-12.
- Mersch, François, 1978. Le Grand Duché de Luxembourg à la Belle Epoque, Tome I (1870 - 1914). Éditions François-Mersch.
- Mosar, Christian, 2006. "Exposition Charles Bernhoeft". forum Nr. 254: 50-52.
- Thill, Edmond, 2005. Charles Bernhoeft, photographe de la Belle Époque. Exposition au Musée national d'histoire et d'art du 24 mars au 7 mai 2006. Musée Info. Bulletin d'information du Musée national d'histoire et d'art n° 18: 6–11.
- Edmond Thill, Direkter vun der Publikatioun, zesumme mat Peter Fritzen, Susanne Lange, François Reinert, Cécile Arnould, Claude Lamesch, Marie-Sophie Corcy, Jean-Paul Gandolfo, Sandra Maria Petrillo, Jean-Daniel Lemoine, Fernand Gonderinger: Charles Bernhoeft, Photographe de la Belle Époque, 2014. 800 Säiten, 1.000 Illustratiounen. ISBN 978-2-87985-269-0
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Charles Bernhoeft – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Charles Bernhoeft photographe de la Belle Époque (archivéiert)