Duebelbesteierungsofkommen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Duebelbesteierungsofkommen ass eng vëlkerrechtlech Vereinbarung tëschent zwee Länner, déi d'Duebelbesteierung vu Bierger, déi an engem Land wunnen an aus engem anere Land Revenue bezéien, verhënnere soll. Si regelt a wéi engem Ëmfang déi erhuewe Steiere jiddwerengem vu dësen zwee Länner zoustinn.
D'international Conventioune géint d'Duebelbesteierung sinn haut e wichtege Faktor an der Entwécklung vun enger Finanzplaz.
Am Laf vun de Joren huet Lëtzebuerg mat dëse Länner Conventiounen ofgeschloss:
- Belsch
- Brasilien
- Bulgarien
- China
- Däitschland
- Dänemark
- Éisträich
- Estland (vum 1. Januar 2008 un)
- Finnland
- Frankräich
- Georgien [1]
- Griicheland
- Groussbritannien
- Holland
- Indonesien
- Irland
- Island
- Israel
- Italien
- Japan
- Kanada
- Lettland
- Litauen
- Malaysia
- Malta
- Marokko
- Mauritius
- Mexiko
- Mongolei
- Norwegen
- Polen
- Portugal
- Rumänien
- Russland
- Schwäiz
- Schweden
- Singapur
- Slowakei
- Slowenien
- Spuenien
- Südafrika
- Südkorea
- Thailand
- Tierkei
- Trinidad an Tobago
- Tschechien
- Tunesien
- Ungarn
- USA
- Usbekistan
- Vereenegt Arabesch Emiraten [2]
- Vietnam
Alleguer ginn se op d'Zäit nom Zweete Weltkrich zeréck. Eng Rei aner Conventioune sinn nach an der Negociatiounsphase oder sti virun hirer Akraaftsetzung.
[änneren] Um Spaweck
Websäit mam Stand vun de Conventiounen