Infrabel-Linn 161

Vu Wikipedia
Infrabel Linn 161/ Namouer - Schaerbeek
Garen - Uschlëss - Brécken - Tunnelen - Barriären Km
Uschloss: Lëtzebuerg Dinant
Uschloss: Léck
Namur
Uschloss: Charleroi
A15
Rhisnes
Gembloux
Uschloss: Louvain-la-Neuve
Ottignies
Profondsart
Rixensart
Genval
La Hulpe
Groendaal
Contournement vu Bréissel
Boitsfort
Etterbeek
Bréissel-Lëtzebuerg
Bréissel-Schuman
Uschloss: Bréissel-Nord
Schaerbeek

D'Infrabel-Linn 161 ass eng Zuchstreck déi Namouer mat Schaerbeek am Oste vu Bréissel verbënnt. Zesumme mat der Streck Namur-Lëtzebuerg bilt se déi international Streck Lëtzebuerg-Bréissel

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

  • Vun 1835 un entwéckelt sech an der Belsch d'Eisebunn vu Malines aus, an all Ecker vum Land. Nodeem d'Haaptachse gebaut waren, ass vun 1844 un, an enger zweeter Phas, d'Eisebunn a Richtung vun de Grenze gedriwwe ginn.
  • An engem Gesetz vum 18. Juni 1846 gouf de Bau vun enger Eisebunnslinn tëscht Bréissel a Lëtzebuerg decidéiert. D'Grande compagnie du Luxembourg gëtt am nämmlechte Joer gegrënnt a fänkt mam Verleeë vun de Schinnen un.
  • Wéi bei villen Eisebunnslinnen déi ëm déi Zäit gebaut goufen, ass och hei de private Budget net duergaangen an de belsche Staat huet misse méi Geld bäisteiere wéi Ufanks geplangt war.
  • 1858 war d'Streck fäerdeg a gouf an dräi Schrëtt ageweit: Bréissel - La Hulpe, La Hulpe - Rhisne a Rhisne - Namur.
  • Well de belsche Staat, 1873 beim Verleeë vun engem zweete Gleis nees finanziell agräife muss, gëtt decidéiert d'Grande compagnie du Luxembourg ze nationaliséieren.
  • Vun 1935 un elektrifizéiert d'SNCB hire Reseau, als éischt op där wichteger Streck Bréissel - Antwerpen, duerno am Rescht vum Land. De gréissten Deel vun deenen Aarbechte war nach net fäerdeg wei den Zweete Weltkrich ausgebrach ass, an d'Belsch vun Nazi-Däitschland besat gouf.
  • No der Befreiung gëtt de Reseau moderniséiert an déi typesch Catenairesportaler ginn opgeriicht. Vun 1956 un, si se och tëscht Bréissel an Namouer ze fannen, wat d'Linn 161 zu enger wichteger Linn fir de Gidder- a Persounentrafic mécht. De gréissten Deel vun de Wueren déi am Kader vun der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun tëscht de Länner zirkuléieren, maachen dat iwwer d'Linn 161 a weider iwwer d'Linn Namur-Lëtzebuerg vun 1957 un, um Krop vun der fonkelneier Serie 23, déi haaptsächlech am Giddertransport agesat gouf. Am Persounentrafic komme belsch Automotricen an den Asaz.
  • 1980, koum mat den Automotricen 80 en neit Material fir de Persounentrafic op d'Streck. 1984 gëtt den Trafic tëscht Bréissel a Lëtzebuerg am InterCity J an op de Strecke Bréissel-Liers a Bréissel-Dinant am InterCity M vertakt. Zäitgläich gi vill kleng Halten op der Streck zougemaach.
  • Vun 2000 u komme mat den AM 96 nei Automotricen. Vun 2003 u kommen déi nei M6 Voituren an den Asaz. Domat leeft op der Linn 161 mat dat modernst Material dat d'SNCB huet.
  • Zanter 2009 gëtt sech ëm den desolaten Zoustand vun der Linn gekëmmert, wat mat enger Modernisatioun vun der Catenaire ugefaangen huet an duerno och d'Verleë vun neie Schinne virgesäit. D'Zill ass et bis 2014 eng Vitess vun 160 km/h op der Linn méiglech ze maache fir datt d'AM 80, AM96 an d'Dostozich hir Héchstvitess op der ganzer Streck kënnen ausspillen.

Zich déi iwwer d'Linn 161 fueren[änneren | Quelltext änneren]

Zukunft[änneren | Quelltext änneren]

1956 huet d'SNCB d'Linn ënner 3.000 Volt Gläichstroum elektrifizéiert a mat Lokomotive vun der Serie 23 Gidder- a Persounenzich op Lëtzebuerg bruecht. D'SNCB huet zanter 1956 sou gutt wéi keng Moderniséierungsaarbechten op der Streck gemaach, wouwéinst se haut déi belsch Haaptstreck mat där niddregster Referenzvitess ass, also där Vitess déi am Durchschnëtt ka gefuer ginn.