Jacobus Kapteyn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Jacobus C. Kapteyn

De Jacobus Cornelius Kapteyn, gebuer den 19. Januar 1851 zu Barneveld a gestuerwen den 18. Juni 1922 zu Amsterdam war en hollänneschen Astronom. Hie gëllt als Entdecker vun der Mëllechstroossrotatioun.

De Kapteyn huet vun 1868 bis 1875 op der Universitéit Utrecht studéiert. Seng Fächer ware Mathematik a Physik. Duerno huet hien um Observatoire Leiden geschafft a gouf vun 1878 bis 1921, éischte Professer fir Astronomie an Theoretesch Mechanik op der Universitéit Groningen.

De Kapteyn hat keen eegenen Observatoire, huet sech awer op d'Auswäertung vu Fotoplacke spezialiséiert an huet eng ëmfaassend Duerchmusterung virun allem vum südleche Stärenhimmel, déi um Observatoire vu Kapstadt opgeholl goufen, gemaach. Hien huet dobäi 454.875 Stäre katalogiséiert. Seng Aarbechte vu 1896 bis 1900 hu sech konzentréiert ë. a. op d'Spektralklass an d'Eegebewegung vun de Stären an hu wiesentlech matgehollef, déi haiteg Struktur vun der Mëllechstrooss ze verstoen. De Kapteyn huet am Joer 1897 op de Fotoplacke vum David Gill deen no him genannte Kapteyns Stär entdeckt. Am Joer 1904 huet en erausfonnt, datt d'Stärebewegung net zoufälleg erfollegt, mä sech an zwou Haaptstréimunge vu verschiddenen Dréiriichtungen opsplécke léisst. Spéider gouf him kloer, datt hien domat déi vum Bertil Lindblad an dem Jan Oort virausgesote galaktesch Rotatioun fonnt hat.

1922 huet hie säi Liewenswierk publizéiert, wouran hien e kosmesche Modell entwéckelt hat, an deem eng scheiwefërmeg, rotéierend Galaxis vu 40.000 Liichtjoer Duerchmiesser, woubäi d'Sonn zirka 2.000 Liichtjoer vum Zentrum ewech ass. Usatzweis gläicht d'Mëllechstrooss eisen haitege Virstellungen, huet zwar Feeler, déi wéinst dem net Wëssen aus senger Zäit z'entschëllege sinn (z. B.: interstellar Absorptioun).

Den Asteroid (818) Kapteynia deen den 21. Februar 1919 vum Max Wolf zu Heidelberg entdeckt gouf, ass no him genannt. Och d'Astronomescht Institut vun der Universitéit Groningen ass no him genannt an och de Moundkrater Kapteyn.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • P. C. Van Der Kruit, K. Van Berkel: The Legacy of J.C. Kapteyn. Verlag Springer; 2000, ISBN 0-7923-6393-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jacobus Cornelius Kapteyn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Saturn 01.svg Portal Astronomie