Jan Mayen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Jan Mayen.jpg

Jan Mayen ass eng 373 km² grouss Vulkaninsel am Arkteschen Ozean, 600 km nërdlech vun Island a 500 km westlech vu Grönland. Topographesch gëtt d'Insel vun enger enormer Biergketten aus vulkaneschem Gestengs dominéiert, déi gréisstendeels vu Gletscher bedeckt ass. Den héchste Bierg ass de Beerenberg, mat 2277 Meter deen nërdlechste Vulkan weltwäit. D'Insel an hire Vulkan ass en Deel vum Mëttelatlantesche Réck. Jan Mayen streckt sech iwwer 53 km a Richtung Südwest-Nordost a läit op de Koordinate 70.97° N 8.6° W.

Zanter dem 27. Februar 1930 ass d'Insel ënner norwegescher Souverainitéit. Vu politescher a wirtschaftlecher Bedeitung ass Jan Mayen virun allem wéinst der Fëschereizon ëm d'Insel, e Gebitt vun 293.049 km².

Jan Mayen ass bis op d'Personal vun der meteorologescher an der LORAN-C Statioun - eppes méi wéi enger Dose Leit - net bewunnt. Béid Statioune gi vum norwegesche Militär bedriwwen.

Entdeckung a Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et ass net mat Sécherheet ze klären, vu wiem a wéini d'Insel fir d'éischt Kéier entdeckt gouf. Vereenzelt Spuren aus der Wikingerzäit loosse spekuléieren, datt schonn ëm d'Joer 500 déi éischt Mënschen do passéiert sinn. Sécher ass awer, datt d'Insel op d'mannst fir laang Joerhonnerte vergiess gouf, an eréischt 1607 vum engleschen Entdecker a Navigator Henry Hudson op der Sich nom Nordwestpassage erëmendeckt gouf. Den Hudson huet der Insel hiren éischte Numm ginn: Hudson's Tutches. D'Insel sollt hiren Numm duerno nach e puer mol änneren:

Um Enn huet d'Insel hiren haitege Numm 1614 vum hollännesche Walfänger Jan Jacobs May van Schellinkhout krut an déi Kéier och behalen däerfen. Dat virun allem och, well et den Hollänner an deene Jore gelongen ass op Jan Mayen befestegt Statioun fir d'Kache vum Tran vun de Walfësch, an Tëschelagere fir de Walspeck opzeriichten. Bis zu 1000 Mann hu sech an de Summerméint do opghal. Den intensive Walfang huet dozou gefouert, datt de Grönlandwal am Laf vun nëmmen e puer Jore bal ausgestuerwe war, sou datt d'Hollänner sech tëscht 1640 an 1650 nees zréck gezunn hunn.

Polarfuuss

Nodeem d'Hollänner fort waren an d'Insel allgemeng net méi fir Walfänger interessant genuch war, sollten iwwer 200 roueg Jore vergoen. 1882-1883 huet e Grupp vun éisträichesch-ungaresche Wëssenschaftler d'Land am Detail kartographéiert. D'Kaarten aus der Zäit waren nach bis an d'1950er Joren am Gebrauch.

Ufanks vum 20. Joerhonnert hunn d'Norweger ugefaangen, sech fir d'Insel a virun allem fir d'Juegd op d'Polarfiiss z'interesséieren. D'Juegd op d'Fiiss gouf iwwerdriwwen an huet schonn an den 1920er Joren nees misse fale gelooss ginn. D'Zuel vun de Déiere war sou staark deziméiert ginn, datt laang Zäit ze fäerte war, d'Populatioun géif sech net méi erkréien.

1921 gouf déi éischt meteorologesch Statioun gebaut. Am Kader vum Bau an dem Betrib vun der Wiederstatioun gouf fir d'éischt en Deel, 1926 dunn awer d'ganz Insel vun Norwegen reklaméiert. Mat der kinneklecher Resolutioun vum 8. Mee 1929 ass Jan Mayen de facto vun Norwegen annektéiert ginn (a Kraaft getrueden de 27. Februar 1930).

Eng däitsch Junkers JU 88 (hei am Bild) an eng Focke-Wulf Fw 200 sinn 1942 op Jan Mayen erofgefall

D'Wiederstatioun ass nëmmen eng eenzeg Kéier net a Betrib gewiescht: de Wanter 1940-41. Aus Angscht virun engem däitschen Ugrëff gouf deemools kuerzerhand decidéiert d'Statioun ze verbrennen an d'Equipe an England z'evaquéieren. D'Joer drop gouf se nees - ënner Bewaachung vun norwegeschen Zaldoten - opgeriicht. Bis op e puer Loftattaque bei deenen zwéin däitsch Fligeren erofgefall sinn, konnt Norwegen d'Insel mat hirer militäresch wichteger Wiederstatioun de ganzen Zweete Weltkrich iwwer halen. 1943 hunn d'Amerikaner d'Erlaabnes kritt eng Radiostatioun, Atlantic City, op Jan Mayen opzeriichten déi déi däitsch Radios- a Wiederstatiounen op Grönland ausspionéiere sollt. Déi amerikanesch Statioun huet 1946 aus Angscht viru sowjetesche Revendikatiounen op Svalbard nees mussen ofgerappt ginn.

Tëscht 1959 an 1961 huet d'NATO am Kader vum Ausbau vum LORAN-C Reseau am Atlantik e Sender op Jan Mayen gesat. LORAN (LOng RAnge Navigation) ass en terrestresche Funknavigatiounssystem deen haaptsächlech dofir do ass d'Positioun vu Schëffer a Fligeren ze bestëmmen. Den Transmitter sollt em Fong 2006 ausser Betrib geholl ginn, gouf awer op Wonsch vun der EU bis 2009 weider bedriwwen.

1960 gouf de Fluchhafe Jan Mayensfield gebaut, eng 1583 Meter laang Fligerspiste déi bal just nëmme vum norwegesche Militär benotzt gëtt.

Op Jan Mayen gëtt et keng Naturressourcen déi et sech géif rentéieren z'exploitéieren. D'Vergréisserung vun der Fëschereizone ëm d'Insel (200 nautesch Meilen) am Joer 1980 war dofir ëmsou méi wichteg fir Norwegen.

Natur[änneren | Quelltext änneren]

Äisstuermvull

D'Landschaftsbild op Jan Mayen ass kee besonnescht faarwegt, schwaarzt Vulkangestengs kontrastéiert mat Äis a Schnéi. Just an de Summerméint sinn e puer Flecke Gréngs ze gesinn. Haaptsächlech Flechten, Kraut a Moos, mä vereenzelt och Blummen (vun deenen der e puer endemesch sinn). Et wuesse kéng Beem op Jan Mayen.

D'Flora zu Land ass wéinst dem Polarklima an der Distanz zum Festland grad sou limitéiert wéi d'Fauna. Et goufen awer bis zu 98 verschidden Aarte Vigel op der Insel observéiert. Déi gréisst Kolonië sinn déi vun den Äisstuermvigel, de Kléngen Alken an de Polarlummen.

Nieft de Polarfiiss sidelen am Nordweste vun der Insel Robben, vereenzelt och Äisbieren.

Vun de Mieresfriichten sinn déi grouss Populatiounen vun de Crevettë ronderëm d'Insel déi déi wirtschaftlech gesinn am interessanteste sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jan Mayen – Biller, Videoen oder Audiodateien