Kepler-33

Vu Wikipedia
Kepler-33
De Kepler-33 am Verglach mat der Sonn (lénks)
Stärebild: Cygnus (Cyg)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 19h16m18,612s
Deklinatioun + 46° 00' 18,78"
Visuell Magnitude 13,74 mag
Spektralklass: G1IV
Astrometrie
Radialvitess: 14,09 ± 0,1 km/s
Parallax: ?
Distanz ? Lj.
Liichtkraaft 0,556 ± 0,080 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 1,219+0,063−0,121
Radius: 1,82+0,14−0,18
Metallizitéit: 0,0250 ± 0,0019
Uewerflächentemperatur 5.904 ± 47 K
Alter: 4,27+0,74−1,03 Milliarden
Aner Bezeechnungen
GSC GSC 03542-01616
Kepler Kepler-33
KOI KOI-707
2MASS J19161861+4600187
WISE J191618.60+460018.7

De Kepler-33 ass en Ënnerris am Stärebild Cygnus. Hien huet e Planéitesystem mat fënnef bekannten Exoplanéiten. D'Distanz vum Stär zu eisem Sonnesystem ass net bekannt.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

De Kepler-33 ass méi masseräich wéi eis Sonn an entwéckelt sech ewech vun der Haaptrei. Hien huet ongeféier 116,4 % vun der Sonnemass a ronn 161,5 % vum Sonneradius.

Planéitesystem[änneren | Quelltext änneren]

Op Basis vun Observatiounsdate vum Weltraumteleskop Kepler huet en Astronomenteam ënner der Leedung vum Jack Jonathan Lissauer de 26. Januar 2012 d'Entdeckung vu fënnef Planéiten, déi de Kepler-33 ëmkreesen, publizéiert. Hir Ëmlafbunne sinn all a kuerzer Distanz zum Zentralstär. De jeeweilege Radius vun de Planéite beweegt sech op enger Gréisst vun tëscht 1,74 an ongeféier 5,35 Äerdradien. De klengsten a bannenzege Planéit, Kepler-33b, huet no der Modellrechnung vum Entdeckerteam warscheinlech eng méi grouss Bunnschréi a Bunnexzentrizitéit wéi déi baussenzeg Planéiten. En ass ze vergläiche mam Planéit Merkur am Sonnesystem.

Planéitesystem vum Kepler-33
Planéit
No Distanz zum Stär zortéiert
Entdeckung
(Joer)
Radius
(an )
Ëmlafzäit
(an Deeg)
Grouss Hallefachs
(an AE)
Bunnschréi
(a °)
Kepler-33b 2012 1,74 ± 0,18 5,66793 ± 0,00012 0,0677 ± 0,0014 86,39+0,96−1,62
Kepler-33c 2012 3,20 ± 0,30 13,17562 ± 0,00014 0,1189 ± 0,0025 88,19+0,58−1,06
Kepler-33d 2012 5,35 ± 0,49 21,77596 ± 0,00011 0,1662 ± 0,0035 88,71+0,61−0,48
Kepler-33e 2012 4,02 ± 0 ,38 31,78440 ± 0,00039 0,2138 ± 0,0045 88,94+0,45−0,35
Kepler-33f 2012 4,46 ± 0,41 41,02902 ± 0,00042 0,2535 ± 0,0054 89,17+0,33−0,42

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kepler-33 – Biller, Videoen oder Audiodateien