Pällem

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gewéinleche Pällem

Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Ënnerräich: Tracheobionta
Ofdeelung: Bléieplanzen
Klass: Magnoliopsida
Ënnerklass Eudikotyledonen
Uerdnung: Buxales
Famill: Buxaceae
Gattung: Buxus
Aart: Gewéinleche Pällem
Wëssenschaftlechen Numm
Buxus sempervirens
L.

De Gewéinleche Pällem (Buxus sempervirens) ass eng Planzenaart aus der Gattung vun de Pällembeem (Buxus), deen a Südwesteuropa, Mëtteleuropa, Nordafrika a Westasien doheem ass.

Nimm[änneren | Quelltext änneren]

De lëtzebuergeschen Numm ass op de Pällemsonndeg zréckzeféieren, op deem Äscht vu Palmen, Olivëbeem oder vum Pällembam geweit goufen.

De laténgeschen Numm buxus staamt méiglecherweis vum griichesche pyxos, deen den Theophrast enger Planz ginn hat, vun där hautdesdaags ugeholl gëtt, datt de Pällem gemengt war.

Dat schwéiert Pällemholz gëtt bis haut gäre fir d'Drechsele geholl, a schonn den alréimesche Schrëftsteller Plinius huet erzielt, datt aus dem Holz vum Pällembam Béchsen a Këschte gemaach goufen. Dowéinst gëtt ugeholl, datt sech aus dem Wuert pyxis d'Bezeechnunge Béchs, Büchse (Däitsch), box (Englesch) a boîte (Franséisch) entwéckelt hunn.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Pällem wiisst extrem lues als ëmmergréngen Trausch oder méi seelen als klenge Bam deen an eise Breede bis 8 m héich gëtt. An de Subtrope kann e bis 20 m héich wuessen. Hie bilt kuerz Äscht déi schréi an d'Luucht wuessen, si si fir d'éischt olivegréng a kuerz behoert, méi spéit ouni Behoerung. Déi 1-2,5 cm laang an ongeféier hallef sou breet Blieder sinn eefërmeg bis längelzeg-elyptesch, blénkeg donkelgréng op der ieweschter Säit an däitlech méi hell a matt op der ënneschter Säit, an um Rand liicht no ënne gebéit. Si sti ganz enk beieneen um Aascht.

De Pällembam ass eng eenhaiseg Planz. Tëscht Mäerz a Mee erschéngen an de Blatachselen onscheinbar gielzeg Bléiestänn, déi gutt richen. All Bléiestand besteet aus enger weiblecher Bléi mat männleche Bléie säitlech ronderëm.

D'Bléie produzéiere vill Nektar a Pollen a ginn dofir gäre vu Beien a Mécke besicht. Am September fueren déi zirka 8 mm laang dräideeleg Kapselfriichten op a streeë jeeweils 2 blénkeg schwaarz Somkären, déi duerch e speziellen Doft d'Seechomessen ulackelen, déi se mathuelen an doduerch verbreeden. De Pällem gehéiert genee sou wéi de Gënz zu deene wéinegen europäeschen Aarten, déi vu Seechomesse verbreet ginn (Myrmekochorie).

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

De Pällembam huet eng Virléift fir en ozeanesch markéiert Klima. E kënnt vum Mëttelmier queesch duerch Frankräich bis no Südengland vir. Géint Osten ass e bis an den Iran ze fannen. An Europa gëtt et zwee gréisser Arealer, wou e virun allem virkënnt: tëscht Südfrankräich an Nordspuenien an um Balkan.

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng eenzeg gréisser Populatioun vum Pällembam um Pällembierg, wou dowéinst en Naturschutzgebitt ageriicht gouf. Vereenzelt kënnt de Pällembam och op anere Plaze vir, sou z. B. a senger rarer Bamform zu Biwels an enger Weed.

De Pällembam schéngt bei eis op der Grenz vu sengem Verbreedungsgebitt ze sinn. Et fënnt een e soss doruechter an der Groussregioun, z. B. a Loutrengen am Pällembësch bei Rettel (Buxaie du Pällembësch) oder an Däitschland am Buchswald Grenzach-Wyhlen (Landkrees Lörrach) a laanscht Musel am Brodenbachtal.

De Pällembam ass eng beleift Gaardeplanz an et kënnt heefeg vir, datt e sech vun deene Gäert aus an d'Ëmgéigend verbreet.

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Tornieporth, Gerda, 2011. Buchs – Sorten, Pflege, Formschnitt, Gestaltung. blv Verlag, München. ISBN 978-3-8354-0500-4.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wëlle Pällem – Biller, Videoen oder Audiodateien