Proba-2
Den Proba-2 ass e Klengsatellit vun der ESA, deen entspriechend dem Konzept vu Proba (engl. Project for On-Board Autonomy fir (Projet fir Bordautonomie) autonom a käschtegënschteg operéiere soll. De Start vum 130 kg schwéieren an 0,6×0,6×0,8 Meter groussen boxfërmege Satellit op eng sonnesynchron Ëmlafbunn an 700 km Héicht war den 2. November 2009 erfollegt zesummen mat dem SMOS-Satellit u Bord vun enger Rockot-Rakéit vun der russescher Weltraumgare Plessezk aus.
Proba-2 test nei Lithium-Ionen-Batterien, eng verbessert Datenerfaassung an -veraarbechtung, liicht Strukturelementer op Basis vun Aluminium an CFK, eng verbessert Lagereegelung duerch nei Reaktiounsrieder a Verbindung mat GPS-Empfänger an Stäresensoren déi och bei der BepiColombo agesat solle ginn, a mat Xenon a Stéckstoff betriwwen Resistojets fir d'Bunnregelung. Laserreflektoren erméiglechen déi genee Positiounsbestëmmung vun der Äerd aus.
Proba-2 ënnersicht d’Sonnestralung an dat vum Sonnewand ausgeléiste Plasma an der Magnéitosphär vun der Äerd.
Um Spaweck [änneren]
- (en) ESA: Projektseite zu Proba-2
- Chrunitschew: Общие сведения о проекте Proba-2 (russesch an deelweis englesch, mat Diagrammen zu der Startsequenz)
|
|
||
|
COS-B (1975) • GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978) • Meteosat (1977–1997) • IUE (1978) • EXOSAT (1983) • Giotto (1985) • Olympus (1989) • Hipparcos (1989) • Hubble (1990) • Ulysses (1990) • ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995) • EURECA (1992) • ISO (1995) • SOHO (1995) • Huygens (1997) • XMM-Newton (1999) • Cluster (2000) • Artemis (2001) • Proba (2001) • Envisat (2002) • MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005) • Integral (2002) • Mars Express (2003) • SMART-1 (2003) • Double Star (2003) • Rosetta (2004) • SSETI Express (2005) • CryoSat (2005) • Venus Express (2005) • Galileo (2005–2008) • ASTRO-F (2006) • METOP-A (2006) • CoRoT (2006) • GOCE (2007) • SMOS (2007) • Herschel (2008) • Planck (2008) • ADM-Aeolus (2008) • HYLAS (2008) • LISA Pathfinder (2009) • CryoSat-2 (2009) • SWARM (2010) • Gaia (2011) • ExoMars (2013) • BepiColombo (2013) • JWST (2013) • LISA (2015) • Darwin (2015) • Solar Orbiter (2015) • Mars Sample Return (fréistens 2016) |
||
</noinclude>