Benny Berg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Bernard Berg)
Benny Berg
Gebuer 14. September 1931
Diddeleng
Gestuerwen 21. Februar 2019
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei LSAP

De Bernard ("Benny") Berg, gebuer de 14. September 1931 zu Diddeleng a gestuerwen den 21. Februar 2019[1], war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.

Hien huet eng Léier als Dréier op Arbed Diddeleng gemaach (1946-1949) an huet do bis 1963 dëse Beruff ausgeüübt. Vun Ufank u war hien an der Gewerkschaftsbeweegung engagéiert, sou huet en ënner anerem beim DGB eng Ausbildung gemaach. Hie war fir d'éischt Sekretär, du President vun der Aarbechterdelegatioun op Arbed Diddeleng, duerno Vizepresident a schliisslech President vun der zentraler Aarbechterdelegatioun vun der Arbed.

Och am LAV war hie fir d'éischt President vun der Lokalsektioun, da President vun de Schmelzaarbechter vum LAV, weider Vizepresident, duerno President vum Zentralcomité vum LAV a Member vum Comité-directeur vun der CGT.

Hien huet sech och fréi an der LSAP engagéiert a war 1955 Vizepresident vun der Jugendsektioun. 1970 koum hien an den Direktiounscomité a gouf vun 1980 bis 1985 Vizepresident vun där Partei.

Vun 1970 bis 1974 a vun 1981 bis 1984 war hien an den Diddelenger Gemengerot gewielt ginn.

Vun 1969 bis 1974, an da vun 1979 an 1984 war de Benny Berg Deputéierten an der Chamber. An der Regierung Thorn-Vouel war hie Minister fir Aarbecht a Sozialversécherung, fir Famill, soziale Wunnengsbau a sozial Solidaritéit. Wéi de Raymond Vouel 1976 Member vun der Europäescher Kommissioun gouf, gouf de Berg Vizepresident vun der Regierung.

1984, an der Regierung Santer-Poos I, war hie bis 1988 Gesondheetsminister De 15. Juli 1988 huet hien op deem Posten demissionéiert[2], no enger Affär vu Schwaarzer Keess am Thermalbad Munneref, och wann him keng Schold konnt nogewise ginn. Hie blouf bis 1989 Minister fir Sozialversécherung.

Bei de Walen 1989 ass hien net méi an d'Chamber erëmgewielt ginn[3].

Bis 1995 war hien Administrateur délégué vun der Fondatioun Kräizbierg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Fréiere laangjäregen LSAP-Minister Bernard "Benny" Berg gestuerwen op RTL.lu de 26. Februar, 09:30:16
  2. Arrêté grand-ducal du 15 juillet 1988 accordant démission à Monsieur Benny BERG en tant que Ministre de la Santé op legilux.lu, gekuckt de 16. Februar 2019
  3. "La composition de la Chambre des Députés depuis 1944." In: Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 2003-2004 (du 14 octobre 2003 au 5 juin 2004), édité par le Greffe de la Chambre des Députés, Luxembourg 2006, S.63 (fir d'lescht gekuckt de 16. Februar 2019).