Op den Inhalt sprangen

Chronologie vun de Marsmissiounen

Vu Wikipedia

An dëser Lëscht sti chronologesch all d'Raumsonden, déi gestart goufe fir de Planéit Mars z'erreechen. Dobäi ginn och déi Raumsonde genannt, déi hiert Zil wéinst Feelfunktiounen oder anere Grënn net erreecht haten. Sonde mat renge Feelstarte sinn ageklamert. Verschidde vun der Sowjetunioun gestart a feelgeschloe Marsmissioune goufen (am Fall vum Erreeche vun der Äerdëmlafbunn) als Satellit bezeechent a kruten Decknimm wéi z. B.: Sputnik- oder Kosmos. Déi Sonden, déi d'Äerdëmlafbunn net erreecht hunn, kruten iwwerhaapt keng offiziell Bezeechnung. Si droen dofir Bezeechnungen, déi se vun internationalen Experte kruten, wéi z. B. Mars 1960A.

De Grad vum Erfolleg ass an de Faarwe markéiert:

Mësserfolleg Deelerfolleg Erfolleg aktiv
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Inhaltsverzeechnes: 1960er1970er1980er1990er2000er2010erGeplangt
Nr. Missioun Bild Startdatum (UTC) Organisatioun/Land Resultater
1960er6062646569
1. Marsnik 1 (Mars 1960A) 10. Oktober 1960,
14:27:49
Sowjetunioun Geplangte Laanschtfluch beim Mars. Hat wéinst Versoe vun der drëtter Stuf vun der Molnija-Drorakéit d'Äerdëmlafbunn net erreecht.
2. Marsnik 2 (Mars 1960B) 14. Oktober 1960,
13:51:03
Sowjetunioun Geplangte Laanschtfluch beim Mars. Hat wéinst Versoe vun der drëtter Stuf vun der Molnija-Drorakéit d'Äerdëmlafbunn net erreecht
3. Sputnik 22 (Mars 1962A) 24. Oktober 1962,
17:55:04
Sowjetunioun Geplangte Laanschtfluch beim Mars. War wéinst Versoe vun der véierter Stuf vun der Molnija-Drorakéit nëmme bis an d'Äerdëmlafbunn komm.
4. Mars 1 Mars 1 1. November 1962,
16:14:16
Sowjetunioun Geplangte Laanschtfluch beim Mars. De Kontakt war den 21. Mäerz 1963 op enger Distanz vun 106 Millioune Kilometer vun der Äerd ofgebrach.
5. Sputnik 24 (Mars 1962B) 4. November 1962,
15:35:15
Sowjetunioun Geplangte Laanschtfluch beim Mars. War wéinst Versoe vun der véierter Stuf vun der Molnija-Drorakéit nëmme bis an d'Äerdëmlafbunn komm.
6. Mariner 3 Mariner 3-4 5. November 1964,
19:22:05
NASA (USA) Geplangte Laanschtfluch beim Mars. War wéinst enger Feelfunktioun vun der Notzlaaschtverkleedung vun der Atlas-Agena Drorakéit an enger Äerdëmlafbunn hänke bliwwen.
7. Mariner 4 Mariner 3-4 28. November 1964,
14:22:01
NASA (USA) War de 15. Juli 1965 op enger Distanz vun 9.846 km laanscht de Mars geflunn. Éischt 22 Fotoe vum Mars vun no opgeholl.
8. Zond 2 30. November 1964,
13:12
Sowjetunioun Geplangte Laanschtfluch beim Mars. De Kontakt war den 2. Abrëll 1965 wéinst engem feelerhafte Solarpanéil ofgebrach. Si war de 6. August 1965 ouni Kontakt op enger Distanz vu 1.500 km laanscht de Mars geflunn.
9. Zond 3 18. Juli 1965,
14:38
Sowjetunioun Laanschtfluch beim Äerdmound an erfollegräich Tester vun der Kommunikatioun iwwer d'Mars-Distanz, kee Fluch Richtung Mars. Dës Sond gëtt vu villen Auteuren net zu de Marssonde gezielt
10. Mariner 6 Mariner 6-7 25. Februar 1969,
01:29:02
NASA (USA) War den 31. Juli 1969 op enger Distanz vun 3.431 km laanscht de Mars geflunn. Hat 75 Fotoe geknipst.
11. Mars 1969A 27. Mäerz 1969,
10:40:45
Sowjetunioun Geplangte Mars-Orbiter. Hat wéinst Versoe vun der drëtter Stuf vun der Proton-Drorakéit d'Äerdëmlafbunn net erreecht.
12. Mariner 7 Mariner 6-7 27. Mäerz 1969,
22:22:01
NASA (USA) War de 5. August 1969 op enger Distanz vun 3.430 km laanscht de Mars geflunn. Hat 126 Fotoe geliwwert, dorënner éischt Fotoe vum Marsmound Phobos
13. Mars 1969B 2. Abrëll 1969,
10:33:00
Sowjetunioun Geplangte Mars-Orbiter. Hat wéinst Versoe vun der éischter Stuf vun der Proton-Drorakéit d'Äerdëmlafbunn net erreecht.
1970er717375
14. Mariner 8 Mariner 8-9 9. Mee 1971,
01:11:02
NASA (USA) Geplangte Mars-Orbiter. Hat wéinst Versoe vun der Atlas-Centaur-Drorakéit d'Äerdëmlafbunn net erreecht.
15. Kosmos 419 10. Mee 1971,
16:58:42
Sowjetunioun Geplangte Mars-Orbiter a Lander. Wéinst Versoe vun der véierter Stuf vun der Proton-Drorakéit hat se nëmmen d'Äerdëmlaufbunn erreecht.
16. Mars 2 Mars 2 19. Mee 1971,
16:22:44
Sowjetunioun Mars-Orbiter a Lander. Den Orbiter hat erfollegräich d'Marsëmlafbunn erreecht an hat Fotoen a Miessunge gemaach, de Lander gouf bei der Landung zerstéiert
17. Mars 3 28. Mee 1971,
15:26:30
Sowjetunioun Mars-Orbiter a Lander. Den Orbiter erreecht den 2. Dezember 1971 eng onplangméisseg Marsëmlafbunn an hat e puer Fotoen a Miessunge gemaach. De Lander war erfollegräich op der Marsuewerfläch gelant, war awer schonn 20 Sekonnen no der Landung ouni Signal (Ursaach war méiglecherweis e staarke Stëbsstuerm, deen de Lander vläicht ëmgehäit hat)
18. Mariner 9 Mariner 8-9 30. Mee 1971,
22:23:04
NASA (USA) War de 14. November 1971 als éischte kënschtleche Satellit an eng Marsëmlafbunn geschwenkt, an hat déi ganz Marsuewerfläch kartograféiert. Si hat am Ganze 7.329 Fotoe gemaach.
19. Mars 4 21. Juli 1973,
19:30:59
Sowjetunioun Geplangte Mars-Orbiter, wéinst feelerhafte Bremsdreifwierker koum et nëmmen zu engem Laanschtfluch den 10. Februar 1974. D'Distanz zum Mars war 2.200 km. 20 Fotoe goufe gemaach.
20. Mars 5 25. Juli 1973,
18:55:48
Sowjetunioun War den 12. Februar 1974 an eng Marsëmlafbunn geschwenkt, am 22. Orbit hat e Feeler an der Sendeanlag d'Enn vun der Missioun bewierkt. Am Zäitraum vun néng Deeg goufe ronn 60 Biller an en ettlech Donnéeë gemaach
21. Mars 6 5. August 1973,
17:45:48
Sowjetunioun Geplangte Mars-Lander. De Kontakt war kuerz virun der Landung ofgebrach, méiglech Ursaach ware feelerhaft Bremsrakéiten, déi kuerz iwwer dem Buedem gezünnt ginn an d'Sond virun enger haarder Landung schütze sollen. Et goufe just e puer Donnéeën iwwer d'Atmosphär geliwwert.
22. Mars 7 9. August 1973,
17:00:17
Sowjetunioun Geplangte Mars-Lander. Duerch e Feeler beim Oftrenne vun der Landeeenheet gouf et nëmmen e Laanschtfluch.
23. Viking 1 Viking spacecraft 20. August 1975,
21:22:00
NASA (USA) Mars Orbiter a Lander, haten den 19. Juni 1976 d'Marsëmlafbunn erreecht. D'Landung war den 20. Juli 1976. Den Orbiter blouf bis de 7. August 1980 a Betrib an hat ongeféier 37.000 Fotoe geliwwert. De Lander hat bis November 1982 funktionéiert an hat sengersäits ënner anerem ronn 2.300 Fotoe vun der Landeplaz op d'Äerd geschéckt.
24. Viking 2 Viking spacecraft 9. September 1975,
18:39:00
NASA (USA) Mars Orbiter a Lander, haten de 7. August 1976 d'Marsëmlafbunn erreecht. D'Landung war de 4. September 1976. Den Orbiter blouf bis de 27. Juli 1978 a Betrib an hat 19.000 Fotoe geliwwert. De Lander hat bis den 11. Abrëll 1980 funktionéiert an hat ongeféier 2.250 Fotoe vun der Landeplaz geliwwert.
1980er88
25. Fobos 1 Fobos 7. Juli 1988,
17:38:04
Sowjetunioun Geplangte Mars-Orbiter a Phobos-Lander, de Kontakt war den 2. September 1988 wéinst engem falschen Uerder un d'Sond ofgebrach.
26. Fobos 2 Fobos 12. Juli 1988,
17:01:43
Sowjetunioun Geplangte Mars-Orbiter a Phobos-Lander. Den 29. Januar 1989 war si an eng Marsëmlafbunn ageschwenkt, de 27. Mäerz 1989 war de Kontakt ofgebrach (Ursaach war e falschen Uerder, wouduerch d'Sond sech vun der Sonn ewechgedréit an hir Batterien dorop hi gefruer waren)
1990er92969899
27. Mars Observer Mars Observer 25. September 1992,
17:05:01
NASA (USA) Geplangte Mars-Orbiter. De Kontakt war den 21. August 1993, dräi Deeg virum Aschwenken an d'Marsëmlafbunn, ofgebrach (Ursaach war warscheinlech e feelerhaften Transistor vun e puer Cent).
28. Mars Global Surveyor Mars Global Surveyor 7. November 1996,
17:00:49
NASA (USA) Erfollegräiche Mars-Orbiter. Hien hat ronn 240.000 héichopgeléist Fotoe gemaach. No en ettleche Missiounsverlängerunge war de Kontakt mat der Sond no 10 Joer, 2. November 2006, wéinst engem feelerhafte Kommando ofgebrach.
29. Mars 96 16. November 1996,
20:48:53
Roskosmos (Russland) Geplangte Mars-Orbiter mat en ettleche Landestatiounen. Hat d'Äerdëmlafbunn wéinst Versoe vun der véierter Stuf vun der Proton-Drorakéit net erreecht.
30. Mars Pathfinder Mars Pathfinder 4. Dezember 1996,
06:58:07
NASA (USA) Mars-Lander a klenge Rover (Sojourner). Erfollegräich Landung, blouf 3 Méint a Betrib. Asaz vum éischte Rover op der Marsuewerfläch.
31. Nozomi (Planet-B) 3. Juli 1998,
18:12
ISAS (Japan) Geplangte Mars-Orbiter. Duerch Problemer mat dem Aschoss an d'Marstransferbunn hat d'Fluchzäit op de Mars méi wéi véier Joer gedauert. An där Zäit hat d'Sond ënner de Sonnestierm gelidden, wouduerch d'Haaptdreifwierk beschiedegt gouf. Dofir konnt d'Sond net an e Marsorbit aschwenken a war de 14. Dezember 2003 op enger Distanz vun 870 km laanscht de Mars geflunn.
32. Mars Climate Orbiter Mars Climate Orbiter 11. Dezember 1998,
18:45:51
NASA (USA) Geplangte Mars-Orbiter. Verloscht vun der Sond den 23. September 1999 beim Aschwenken an d'Marsëmlafbunn duerch ze kleng Ufluchhéicht (57 km) an uschléissender Zerstéierung an der Atmosphär. De Feeler entstoung duerch de Gebrauch vun zwee verschiddene Moosssystemer (SI-Eenheetesystem an den angloamerikanesche System)
33. Mars Polar Lander Mars Polar Lander 3. Januar 1999,
20:21:10
NASA (USA) Geplangte Mars-Lander (Start a Fluch zesumme mam Deep Space 2). Goung bei der Landung den 3. Dezember 1999 duerch e futtisse Sensor verluer.
Deep Space 2 Deep Space 2 3. Januar 1999,
20:21:10
NASA (USA) Zwou geplangt Penetrator-Sonden (Start a Fluch zesumme mam Mars Polar Lander). Gounge bei der Landung den 3. Dezember 1999 verluer, déi genee Ursaach konnt net festgestallt ginn.
2000er0103040507
34. 2001 Mars Odyssey 2001 Mars Odyssey 7. Abrëll 2001,
15:02:22
NASA (USA) Erfollegräiche Mars-Orbiter, hat de 24. Oktober 2001 d'Marsëmlafbunn erreecht, a Betrib
35. Mars Express 2. Juni 2003,
17:45:26
ESA (Europa) Erfollegräiche Mars-Orbiter (Start a Fluch zesumme mam Beagle 2), hat de 25. Dezember 2003 d'Marsëmlafbunn erreecht, a Betrib
Beagle 2 2. Juni 2003,
17:45:26
Groussbritannien Geplangte Lander (Start a Fluch zesumme mam Mars Express), goung bei der Landung an der Nuecht vum 24. Dezember op de 25. Dezember 2003 verluer (déi genee Ursaach ass net kloer)
36. MER-A Spirit MER 10. Juni 2003,
17:58:47
NASA (USA) Mars Rover, d'Landung war de 4. Januar 2004 am Gusev-Krater. De Rover hat bis den 22. Mäerz 2010 geschafft. Duerch Keeltschied un de Platinne vun der Bordelektronik konnten zanterhier keng Signaler méi vum Spirit empfaange ginn. De 24. Mee 2011 hat d'NASA bekannt ginn, mat hire Beméiungen opzehalen. De 25. Mee 2011 gouf mat den d'Aktivitéiten opgehalen.
37. MER-B Opportunity MER 8. Juli 2003,
03:18:15
NASA (USA) Mars Rover, war de 25. Januar 2004 am Meridiani Planum gelant, a Betrib
38. Rosetta 2. Mäerz 2004,
07:17:44
ESA (Europa) Eng Raumsond fir d'Erfuerschung vun engem Koméit, war de 25. Februar 2007 op enger Distanz vun 250 km laanscht de Mars geflunn an hat dobäi en ettlech Fotoen a Miessunge gemaach.
39. Mars Reconnaissance Orbiter Mars Reconnaissance Orbiter 12. August 2005,
11:43:00
NASA (USA) Mars-Orbiter, hat den 10. Mäerz 2006 de Marsorbit erreecht, am November 2006 gouf de wëssenschaftleche Betrib opgeholl, a Betrib
40. Phoenix Phoenix 4. August 2007,
09:26:35
NASA (USA) Éischte Mars-Lander, Zilgebitt läit an der Géigend vum nërdleche Pol; Landung war de 25. Mee 2008, Ofbroch vum Funkkontakt den 2.November 2008
41. Dawn Dawn 26. September 2007 NASA (USA) Asteroidesond, war de 17. Februar 2009 op enger Distanz vu 543 km laanscht de Mars geflunn.
2010er11
42. Fobos-Grunt Fobos-Grunt 8. November 2011,
20:16
Roskosmos (Russland) Mars-Orbiter a Réckféierung vu Phobosprouwen op d'Äerd, hat warscheinlech wéinst Ausfäll vu Computersystemer d'Äerdëmlafbunn net verlooss, Reschter waren de 15. Januar 2012 viru Südchile an de Pazifik gestierzt.
Yinghuo-1 8. November 2011,
20:16
China Mars-Orbiter, Huckepacknotzlaascht vun der russescher Marssond Fobos-Grunt, vergloust mat hir de 15. Januar 2012 iwwer dem Südpazifik
43. Curiosity Mars Science Laboratory 26. November 2011,
15:02
NASA (USA) Grousse Rover mat nuklearer Energieversuergung, Landung de 6. August 2012 am Gale-Krater, a Betrib
44. Mangalyaan 5. November 2013
09:08
ISRO (Indien) Éischt indesch Marssond
Geplangt 201320162020 a spéider
45. MAVEN Mars Atmosphere and Volatile EvolutioN November 2013 NASA (USA) Zweet Missioun vum Mars Scout Programm, soll d'Marsatmosphär ënnersichen
46. InSight InSight 2016 NASA (USA) stationäre Marslander, deen d'Struktur an d'Zesummesetzung vum Marskär ënnersiche soll.
47. ExoMars[1] ExoMars 2016 an 2018 ESA (Europa) Roskosmos(Russland) Orbiter a Lander (2016) souwéi e Rover (2018) am Kader vum Aurora-Programm vun der ESA.
48. Mars 2020 Rover Mission[2] 2020-Marsmissioun 2020 NASA (USA) Grousse Rover deen op der Technologie vum Curiosity baséiert an no Spuere vu Liewe siche soll, souwéi eng Proufréckhuelung op d'Äerd virbereede soll.
? Mars Sample Return ExoMars no 2020 ESA (Europa) / NASA (USA) Réckféierung vu Mars-Prouwen op d'Äerd am Kader vum Aurora-Programm. Kollektiv Missioun vun ESA an NASA.

Vun 1960 bis Enn 2012 goufen 41 Raumsonden op de Mars geschéckt (Sond 3, Rosetta an Dawn net matgezielt), dovu waren 19 sowjetesch/russesch, 19 amerikanesch, eng europäesch, eng japanesch an eng chineesesch (Huckepacknotzlaascht vun der russescher Marssond Fobos-Grunt). Dovu waren der nëmme 15 erfollegräich – 13 amerikanesch, eng sowjetesch (Mars 5) an eng europäesch (Mars Express).

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. The ESA ExoMars programme 2016-2018 ESA-Säit zu ExoMars (en). Ofgeruff de 26. Januar 2010.
  2. Curiosity-Nofollger hëlt Formen un astronews.com. Ofgeruff den 11. Juli 2013.

Portal Astronomie