Claude Haagen

Vu Wikipedia
Claude Haagen
Gebuer 18. Mee 1962
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Handballspiller
Partei LSAP

De Claude Haagen, gebuer den 18. Mee 1962 zu Dikrech, ass e lëtzebuergeschen Enseignant, Politiker (LSAP) a fréieren Handballspiller.

Politesch Carrière

Hien ass zanter 2011[1] (2017 erëmgewielt[2]) Buergermeeschter vun der Gemeng Dikrech. Hie war dat schonn eng Kéier vun 2001 bis 2005, dono war hien, bis 2011, Member vum Dikrecher Gemengerot.

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 war de Claude Haagen Kandidat op der LSAP-Lëscht fir den Nord-Bezierk. Hien ass an d'Chamber 'nogeréckelt', nodeem de Romain Schneider zum Minister ernannt gi war. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf hien erëmgewielt. Bei deene vum 14. Oktober 2018 ass hien de 6. Dezember nees fir de Romain Schneider 'nogeréckelt'.[3] Hie war vu Mäerz 2014[4] bis Januar 2019 Parteipresisdent vun der LSAP.[5]

Sportlech Carrière

1982 war de Claude Haagen fir d'éischt am Kader vun der lëtzebuergescher Härenhandballnationalekipp. Hien huet 65-mol an der Nationalekipp gespillt, an huet 29 Goler geschoss[6].

Vun 2010 bis 2018 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise d'athlétisme[7].

Um Spaweck

Commons: Claude Haagen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Arrêté grand-ducal du 28.10.2011
  2. "Claude Haagen bleift Buergermeeschter." rtl.lu, 8.10.2017, 16:24:01.
  3. Actualité of chd.lu.
  4. "LSAP: Claude Haagen neie Parteipresident." rtl.lu, 30.03.2014, 18:26:15.
  5. "De Franz Fayot ass neien LSAP-President, Tom Jungen Generalsekretär ". rtl.lu, 23.01.2019, 08:25:03.
  6. http://web.archive.org/web/20170629041236/http://www.flh.lu/index.php?site=page&id=sats-1946-2016-28049
  7. Stéphanie Empain ouni Géigekandidatur als Presidentin gewielt op rtl.lu den 1. Dezember 2018, fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2018