François Hollande
François Hollande | |
---|---|
Gebuertsnumm | François Gérard Georges Nicolas Hollande |
Gebuer |
12. August 1954 Rouen |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Universitéit Panthéon-Assas, Institut d'études politiques de Paris, HEC Paris, École nationale d'administration |
Aktivitéit | Staatsmann |
Partei | Parti socialiste |
Famill | |
Bestuet mat | Julie Gayet, Ségolène Royal |
Liewenspartner(in) | Ségolène Royal, Julie Gayet |
Papp | Georges Hollande |
Mamm | Nicole Tribert |
Kanner | Julien Hollande, Flora Hollande, Thomas Hollande, Clémence Hollande |
De François Gérard Georges Nicolas Hollande, gebuer den 12. August 1954 zu Rouen, ass e franséische Politiker.
De 6. Mee 2012 gouf hien zum President vun der Republik gewielt.
Hie war vun 1997 bis 2008 Éischte Sekretär vun der franséischer Sozialistescher Partei (PS). Hie war och vun 1988 bis 1993 an dann nees zanter 1997 Deputéierten an der Assemblée nationale fir de Walbezierk Corrèze. Vun 2001 bis 2008 war hie Buergermeeschter vun Tulle a vum 20. Mäerz 2008 bis den 11. Mee 2012 President vum Conseil général de la Corrèze.
Bei de Presidentschaftswalen 2012 war hien de Kandidat vu senger Partei a gouf de 6. Mee 2012 mat 51,63 % vun de Stëmmen am zweeten Tour géint den amtéierende President Nicolas Sarkozy gewielt. Hie gouf domat de 24. President vun der franséischer Republik an de 7. President vun der Fënnefter Republik.
Privatliewen
[änneren | Quelltext änneren]De François Hollande war 30 Joer onbestuet mat der Ségolène Royal, der sozialistescher Presidentschaftskandidatin vun 2007, zesummen, mat där e 4 Kanner huet. Hie war vun ~2005 bis Ufank 2014 an enger Relatioun mat der Journalistin Valérie Trierweiler. Zanter 2014 ass hie mat der Actrice a Produzentin Julie Gayet liéiert.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Francis Brochet, Et François Hollande enterra le socialisme; Paräis (l'Archipel), 2015.
- Carl Meeus, François Hollande, le président du temps perdu; Paräis (Stock), 2016.
- Gérard Davet & Fabrice Lhomme, "Un président ne devrait pas dire ça..." - Les secrets d'un quinquennat; Paräis (Stock), 2016.
- Patrick Rambaud, François le Petit - Chronique d'un règne; Paräis (Grasset), 2016.
- Olivia Recasens, Didier Hassoux & Christophe Labbé, Bienvenue Place Beauvau - Police: Les secrets inavouables d'un quinquennat; Paräis (Robert Laffont), 2017.
Buchpublikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- L'Heure des choix. Pour une économie politique; mam Pierre Moscovici; 1991. ISBN 2-7381-0146-1
- L'Idée socialiste aujourd'hui; Omnibus, 2001. ISBN 978-2-259-19584-3
- Devoirs de vérité; Interview mam Edwy Plenel; éd. Stock, 2007. ISBN 978-2-234-05934-4
- Droit d'inventaire; Interview mam Pierre Favier; Le Seuil, 2009. ISBN 978-2-02-097913-9
- Le rêve français; Privat, August 2011. ISBN 978-2-7089-4441-1
- Un destin pour la France; Fayard, January 2012. ISBN 978-2-213-66283-1
- Changer de destin; Robert Laffont, February 2012. ISBN 978-2-221-13117-6
- Les leçons du pouvoir; Paräis (Stock), 2018.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: François Hollande – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Gebuer 1954
- Deputéiert vun der Fënnefter Franséischer Republik
- Presidente vun der Franséischer Republik
- Grand-croix de l'ordre national du Mérite
- Grand-croix de l'ordre de Saint-Charles
- Membere vum franséische Conseil constitutionnel
- Grand-croix de la Légion d'honneur
- Groß-Stern des Ehrenzeichens für Verdienste um die Republik Österreich (1952)