Gemeng Useldeng
Gemeng Useldeng | |
---|---|
d'Gemengeverwaltung um Schlassareal | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Useldange de: Useldingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Réiden |
Chef-lieu | Useldeng |
Buergermeeschter | Pollo Bodem (LSAP) |
Awunner | 2.143 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 2.392 ha |
Héicht | 240 m |
Koordinaten |
49° 46’ 08’’ N 05° 58’ 51’’ O |
LAU-Code | LU0708 |
Websäit | https://useldeng.lu/ |
D'Gemeng Useldeng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réiden. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Useldeng vun där se och hiren Numm huet.
Uertschaften an der Gemeng[1]
[änneren | Quelltext änneren]Zur Gemeng gehéieren d'Uertschaften:
- Iewerleng (Everlange)
- Rippweiler (Rippweiler)
- Schandel (Schandel)
- Useldeng (Useldange)
an de Lieu-dit Iewerlenger Millen.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]E groussen Deel vun der Gemeng läit am Atertdall deen an der Mëtt vu Westen no Osten derduerch féiert.
Nopeschgemenge sinn:
- am Kanton Réiden: Biekerech, Sëll, Préizerdaul, Viichten, Réiden op der Atert
- am Kanton Miersch: Béiwen op der Atert, Tënten
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]Quell:STATEC
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Beschreiwung am Originaltext: burelé d'argent et de gueules, à la croix ancrée d'azur, brochant |
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vun der Gemeng Useldeng gëtt nom Majorzsystem gewielt.
Buergermeeschteren[2]
[änneren | Quelltext änneren]- Jul. 1823 - Dez. 1840: Jean-Nicolas Becker
- Apr. 1840 - Dez. 1843: Nicolas Thiner
- Jan. 1844 - Feb. 1849: Nicolas Hippert
- Feb. 1849 - Dez. 1849: Adam Faber
- Dez. 1849 - Mär. 1853: Georges Faber
- Mär. 1853 - Mär. 1870: Nicolas Hippert
- Okt. 1870 - Feb. 1872: Eugène Hippert
- Jan. 1874 - 1886?: Pierre Mertz
- 1886 - 1894: Franz Nothumb
- 1894 - Mär. 1921: Michel Sinner
- Mär. 1921 - Dez. 1934: Jean-Baptiste Weis
- Jan. 1935 - Dez. 1945: Georges Anzia
- Jan. 1946 - Jul. 1955: Théodore Hollerich
- Aug. 1955 - Dez. 1963: Joseph Parries
- Jan. 1964 - Dez. 1969: Jean Hollerich
- Jan. 1970 - Dez. 1999: Nicolas Anzia
- Jan. 2000 - haut: Pollo Bodem (LSAP)
Verkéier
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer d'Nationalstroossen N12, N24, N22, an d'Chemin reprisen CR116, CR305. Den CR305C ass eng Sakgaass a verbënnt den Zentrum vun der Uertschaft Useldeng mat der fréierer Gare.
Bis 1967 war d'Gemeng un d'Eisebunnsnetz ugeschloss iwwer d'Atertlinn mat enger Gare zu Useldeng, an enger Halt tëscht Rippweiler a Räichel.
Op der Kopp riets vun der Wollefsbaach tëscht Useldeng a Rippweiler ass e Fluchfeld wou mat Seegelfligere geflu gëtt.
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Useldeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Useldeng
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Useldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Aus de Gemengerotsregisteren, wéi se am Buch "Useldingen - Ein Dorf stellt sich vor" vum René Frisch ernimmt ginn.