Geschicht vu Spuenien

Vu Wikipedia

D'Geschicht vu Spuenien ass duerch déi zäitlech Aflëss vu verschiddene Vëlker markéiert, déi sech iwwer déi ganz Ibeeresch Hallefinsel ausgebreet haten.

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

E lybescht Vollek aus dem Süden, d'Iberer, waren déi éischt, duerno koumen d'Kelten, en arescht Vollek. Duerch déi Vermëschung huet sech en neie Volleksstamm gebilt, d'Kelt-Iberier, vun deenen déi verschidde Stämm (d'Kantabrier, d'Asturier an d'Lusitaner) deene jeeweilege Gebidder hiren Numm ginn hunn.

Ëm 1.100 v. Chr. hunn d'Phenizier verschidden Handelsnéierloossungen op der Küst gegrënnt, déi wichtegst dovu war Cádiz.

Méi spéit koumen d'Griichen, déi déi verschidden Dierfer Rosas, Ampurias a Sagunto gegrënnt hunn. Fir géint d'Griichen unzekämpfen hunn d'Phenizier d'Karthager zu Hëllef geruff, déi hirersäits dunn e groussen Deel vu Spuenien a Besëtz geholl hunn. Gläichzäiteg huet awer och Roum territorial Uspréch erhuewen, wat den Zweete Punesche Krich ausgeléist huet.

Réimer[änneren | Quelltext änneren]

D'Réimer hu Spuenien eruewert an d'Land stoung an de 600 Joer duerno ënner réimescher Herrschaft. Déi Zäit huet d'Haaptgrenze mat den aneren europäesche Länner gefestegt. 27. v. Chr. hunn d'Réimer d'Hallefinsel an dräi Provënzen agedeelt: Tarraconense, Baetica a Lusitania.

D'Réimer hu verschidden Elementer an der spuenescher Geschicht fest verankert, wéi z. B. d'laténgesch Sprooch, de chrëschtleche Glawen an d'Gesetzer.

D'Franken an d'Swebe sinn a Spuenien agefall an hu fir d'éischt emol Tarrragona besat. Si goufen awer vun de Westgote verdriwwen. Déi hu bis zum Enn vum 6. Joerhonnert bal déi komplett Hallefinsel besat. De westgotesche Kinnek Leovigild probéiert d'Hallefinsel erëm zesummenzeféieren. Dat war den Ënnergang vum Réimesche Räich am Joer 586 a Spuenien.

Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

Westgoten[änneren | Quelltext änneren]

An der Mëtt vum 5. Joerhonnert ass d'Haaptstad Toledo am Zentrum vun der Hallefinsel entstanen, an dat duerch den Drock vun de Sweben am Westen, de Kantabrier am Norden an de Byzantiner am Süden. D'Westgote gëlle bis haut als Grënner vum éischte Kinnekräich vun der Hallefinsel. Dat ass bedéngt duerch hiert d'Striewen no enger Eenheet vun der Hallefinsel. D'Pyrenäen a Gibraltar waren op eemol net méi d'Statiounen ob der keeserlecher Route, mä Grenze vun engem Staat deen huet misse verdeedegt ginn. D'Westgoten hu sech erfollegräich géint d'Swebe verdeedegt a hu si am 6. Joerhonnert bezwongen. Dogéint hunn am Norden d'Basken, d'Kantabrier an d'Asturier erfollegräich Widderstand géint d'Westgote geleescht. 711 koume mosleemesch Truppen iwwer Gibraltar a Spuenien an hunn a der Schluecht vu Guadalete iwwer de Kinnek vun de Westgoten, de Rodrigo, gewonnen. De Muza ben-Nosair huet 712 déi mosleemesch Eruewerung zu Enn bruecht. Dat war d'Enn vun der westgotescher Zäit a Spuenien.

Moslemen[änneren | Quelltext änneren]

711 hunn d'Araber an d'Berber de Biergerkrich am westgotesche Kinnekräich ausgenotzt fir iwwer Gibraltar a Spuenien anzedréngen. Den Zerfall vum westgotesche Staatsapparat huet et de Moslemen erméiglecht verschidden Ofkommesse mat der deelweis onofhängeger Aristokratie, déi géint d'Kroun war, ze schléissen. Bei der Schluecht vu Guadalete goufen d'Truppe vum westgotesche Kinnek Rodrigo geschloen.

714 hunn den Tariq an de Musa ibn Nusair, de Gouverneur vun Nordafrika, vun Toledo aus d'Eruewerung weidergefouert. Duerch déi Kultur konnt den Islam an Europa Fouss faassen. Den Abd al-Aziz gouf als Gouverneur vun Al-Andalus agesat a Sevilla gouf Haaptstad.

716 gouf den Ayyub Nofollger vum Abd al-Aziz. Hien huet Córdoba zur Haaptstad vun Al-Andalus gemaach.

Ëm 718 hunn d'Araber de gréissten Deel vun der Hallefinsel ënner Kontroll, ausser dem Nordwesten, wou déi westgotesch Adleg Widderstand leeschten.

Tëscht 720 a 735 si verschidde Feldzich vun Al-Andaluz aus géint Frankräich gefouert ginn, déi awer ëmmer feelgeschloe sinn.

755 huet den umayyadesche Prënz Abd al-Rahman mat der Ënnerstëtzung vun de Moslemen de Gouverneur vun Al-Andalus gestierzt a sech selwer zu Córdoba zum Emir ernenne gelooss. Hien huet den Emirat vu Córdoba gegrënnt.

Am éischten Drëttel vum 10. Joerhonnert stellt ee vun de spueneschen Umayyaden d'Emirat vun Al-Andalus erëm hier, vergréissert et a gouf dunn éischte Kalif vu Spuenien. D'Zil vum Kalifat war et d'Kinnekräich bannepolitesch ze stäerken a baussent dem Land déi kommerziell Routen zum Mëttelmier ze festegen. 927 gouf Melilla besat an d'Umayyaden hunn den Dräieck tëscht Algerien, Siyimasa an dem Atlantik kontrolléiert.

D'Muecht vum andalusesche Kalifat huet sech bis a ganz Westeuropa gezunn an d'Fëllement vun der Wirtschaftspolitik huet op enger Wärungseenheet berout. D'Aféiere vum Mënzsystem huet eng Haaptroll am Finanzsekteur gespillt. "De gëllene Cordobes" gouf d'Haaptwärung.

De Kalifat vu Córdoba war domat deen éischte stätteschen a kommerzielle Wirtschaftssystem, deen an Europa säit dem Ënnergang vum Réimesche Räich, erfollegräich war. Córdoba, d'Haaptstad vum Kalifat, hat 100.000 Awunner a gouf zur wichtegster Stad vun Europa an der Zäit.

Vun 961 bis 976 war de Kalif Al-Hakam II un der Muecht am mosleemesche Spuenien.

Enn vum éischte Joerzéngt huet den Zerfall duerch sëllege Kricher vum Kalifat vu Córdoba ugefaangen. Déi 39 Nofollger vum vereenegte Kalifat goufen als déi éischt (1009-1090)Ta’ifas bekannt. Dës Spaltung huet sech nach zweemol erginn, demno déi zweet an déi drëtt Ta‘ifas entstane sinn. Ta`ifa ass e Synonym deen den Zerfall an d'Oneenegkeet beschreift. Dës Ta`ifas hunn eng Serie vun neien Invasiounen aus Nordafrika mat sech bruecht. Fir d'éischt koumen am Joer 1090 d'Almoravides op d'Hallefinsel, duerno am Joer 1146 d'Almohads an zum Schluss am Joer 1224 d'Banu Marins. Heiduerch huet sech dat islamescht Spuenien bis Mëtt vum 13. Joerhonnert op d'Nasrud-Kinnekräich zu Grenada reduzéiert. Den 2. Januar 1492 war d'Kapitulatioun vun de Moslemen.

Reconquista[änneren | Quelltext änneren]

Déi chrëschtlech Zeréckeruewerung vu Spuenien huet scho 718 ugefaange mam westgotesche Kinnek Pelayo. Hien huet déi mosleemesch Arméi zu Alcama, an der Géigend vun Covadonga, geschloen.

Wärend der Reconquista hunn awer net nëmmen d'Chrëschte géint d'Mosleme gekämpft, mä si hu sech och géigesäiteg bekricht.

750 hunn d'Chrëschten ënner dem Alfons I. Galicie besat an an de Joren 791 bis 842 huet den Alfons II. verschidde Festunge gestiermt an d'Regioun südlech vum Duerofloss besat. De Sancho I. huet tëscht 905 an 926 e baskescht Kinnekräich, mam Zentrum Navarra gegrënnt.

Am 10. Joerhonnert huet den Abd- al Rahman III. géint de Ramiro II., Kinnek vu Leon, verluer, wärend de Grof Fernan Gonzalez de Grondstee fir d'Onofhängegkeet vu Kastilie geluecht huet.

Ufank vum 11. Joerhonnert stellt den Alfons V. seng Kinnekräicher erëm op. De Sancho III. vun Navarra bezwëngt d'Grofschafte vun Aragón, Sobrarbe a Ribagorza, hëlt d'Grofschaft vu Kastilien a Besëtz an trëfft en Ofkommes mam Bermudo III. vu Leon mat der Iddi, him seng Herrschaftsgebidder z'entzéien a sech selwer zum Kaiser z'ernennen. Hien hannerléisst Navarra sengem Jong dem García III., Kastilien dem Fernando I. an Aragón, Sobrarbe a Ribagorza dem Ramiro I.

De Fernando I. huet Coimbra ageholl an hannerléist seng Territoire senge Jongen: Kastilie geet un den Sancho II. a Leon un den Alfons VI.. Dëse vereent ënner senger Herrschaft déi zwee Kinnekräicher an hëlt Toleda a Besëtz.

Déi mosleemesch Kinneke vu Granada, Sevilla a Badajoz froen Hëllef bei den Almoravides fir de Virmarsch vun de Chrëschten ze stoppen.

1102 hunn d'Unhänger vum spuenesche Volleksheld El Cid, dee vum Kinnek Alfons VI. verbannt gouf, Valencia verlooss a mat de Mosleme d'Hallefinsel bis Saragossa besat. 1118 huet den Alfonso I. vun Aragón Saragossa erëm ageholl.

1212 war den Héichpunkt vun der Reconquista. Den Alfonso VIII. vu Kastilien huet mat der Ënnerstëtzung vum Sancho VIII. vun Navarra, dem Pedro II. vun Aragón a verschiddenen Truppen aus Leon a Portugal d'Schluecht vu Las Navas de Tolosa gewonnen.

Tëscht 1229 an 1252 huet de Jaime I. vun Aragón Mallorca zeréckeruewert, den Alfonso IX. vu Leon bezwëngt Merida a Badajoz an de Fernando III., Kinnek vu Kastilien a Leon, bezwëngt Cordoba, Murcia, Jaen a Sevilla. Nëmme Granada bleift nach en onofhänngegt mosleemescht Kinnekräich.

Géint Enn vum 13. Joerhonnert huet den Alfonso X. d'Fuero de las Leyes entworf a wollt Kaiser vum Réimesche Räich ginn. Hie gouf allerdéngs gestierzt a säi Jong de Sancho IV. krut d'Muecht iwwerdroen.

Am 14. Joerhonnert hëlt de Fernando IV. Gibraltar an, den Alfonso XI. kämpft wärend 25 Joer géint Granada, wou hien d'Schluecht vu Rio Salado 1340 gewënnt, de Pedro I. gëtt vu sengem Hallefbrudder den Enrique II. ëmbruecht an d'Portugise schloen d'Kastilenen zu Aljubarrota.

1464 ernennt den Enrique IV. vu Kastilie seng Schwëster d'Isabel I. zur Nofollgerin an entierft domat seng Duechter Juana.

D'Isabel I. vu Kastilien an de Ferdinand II. von Aragón bestuede sech 1469. Si gewannen den 2. Januar 1492 déi lescht Schluecht vun der Reconquista zu Granada an d'Eenheet vu Spuenien ass vollbruecht.

D'Herrschaft vum Isabel an dem Ferdinand war gepräägt duerch grouss historesch Ereegnesser, wéi z. B. d'Entdeckung vun Amerika den 12. Oktober 1492 vum Christoph Colombus, d'Aféiere vun der Inquisitioun an d'Verdreiwe vun de Judden.

Kuckt heizou och den Haaptartikel: d'Entdeckung vun Amerika.

Habsburger a Spuenien[änneren | Quelltext änneren]

Nom Doud vum Ferdinand 1516 gouf déi spuenesch Kroun op de Karl I. iwwerdroen, deen d'Kinnekräicher Kastilien, Aragón an déi verschidden europäesch Herrschaftsgebidder vun den Habsburger vereenegt huet. De Karl gëtt 1519 ausserdeem nach zum Kaiser vum Hellege Réimesche Räich gekréint. Hie gräift d'Osmanescht Räich un an hëlt de François I. vu Frankräich als Geisel.

1556 dankt hien of. Seng Herrschaftsgebidder ginn tëscht sengem Jong dem Philip II. a sengem Brudder dem Ferdinand I. opgedeelt. Dem Philip säin Hallefbrudder den Don Juan vun Éisträich huet d'Tierken an der Séischluecht vu Lepanto geschloen. Den Ënnergang vu Spuenie gëtt nom Desaster géint England 1588 ëmmer méi däitlech.

1700 geet d'Habsburger Dynastie mam Doud vum Karl II. zu Enn an de spueneschen Ierffollegkrich huet ugefaangen. Bedeelegt ware Frankräich, Éisträich an England.

1714 geet dëse Krich zu Enn a Frankräich setzt de Philip vun Anjou op de spueneschen Troun. Spuenien verléiert Lëtzebuerg, d'Belsch, Mailand, Neapel, Sardinien, Minorca a Gibraltar.

Dynastie vun de Bourbonen[änneren | Quelltext änneren]

De Carlos II., dee leschte vun de spueneschen Habsburger, huet well hie selwer keng Nokommen hat, säin Neveu, de Felipe vun Anjou oder Felipe V., zu sengem Nofollger gemaach. Dëse war deen éischte Bourbonekinnek, dee mat senger Herrschaft d'Spuenien erweidert huet.

Wärend senger Herrschaft vun 1759 bis 1788 huet de Karl III. d'Land ëmgeformt an huet aus Madrid eng modern Stad mat elegante Gebaier, mat fléissendem Waasser, engem Ofwaassersystem an enger Stroossebeliichtung gemaach.

No enger kuerzer Zäit mat enger erzwongener Verbindung mat Frankräich sinn dem Napoleon seng Truppen a Spuenien agefall. Dee follgende 6-järege Krich op der Hallefinsel, a Spuenien als Onofhängegkeetskrich bekannt, si Guerillaattaken ugewannt ginn an eng zerstéieresch Politik gefouert ginn. Dëst hat fir déi spuenesch Ekonomie fatal Konsequenzen.

Napoleon an de spueneschen Onofhängegkeetskrich[änneren | Quelltext änneren]

Trotz de miserabelen Zoustänn huet de Godoy, de Premierminister, en neien ongënschtege Kontrakt mat Frankräich geschloss. Spuenien dat scho finanziell um Enn war huet misse géint England an de Krich wou am Oktober bei Trafalgar seng lescht Flott zu Grond gaangen ass. Spuenien huet Trinidad missen un England oftrieden an och d'Herrschaft bei deenen anere Kolonie war zerrass.

1808 erhieft sech dat spuenescht Vollek géint déi franséisch Herrschaft a mat der Hëllef vun England gouf den Napoleon geschloen. De spuenesche Onofhängegkeetskrich war e Schlësselfacteur bei der Kristalliséierung vun der spuenescher Nationalitéit. De Ferdnando, de Prënz vun Asturien an Trounfollger huet géint de Godoy, Intrige gefouert bis dësen zeréckgetrueden den 18. Mäerz 1808 ass. Ënner dem Drock vum Vollek huet de Carlos IV zu Gonschte vu sengem Jong Ferdinand ofgedankt. D'Monarchie war trotzdeem geschiedegt.

De Ferdinand VII. koum de 24. Mäerz op Madrid. Mä den Napoleon, den d'Herrschaft vum Fernandos net unerkannt hat, huet beschloss déi spuenesch Dynastiekris auszenotzen an d'Bourbonen duerch Bonaparten z'ersetzen. Fir dat duerchzesetzen huet hien déi spuenesch Kinneksfamill op Bayonne geruff an de Fernando gezwongen zu Gonschte vu sengem Papp, an dësen zu Gonschte vum Napoleon sengem Papp, dem Joseph Bonaparte ofzedanken.

D'Bonaparten hu probéiert, de politesche Regime mam Gesetz vu Bayonne, dat fir den 8. Juli 1808 geplangt war, ze vereenegen. Dat Gesetz ass allerdéngs ni a Kraaft getrueden. D'Spuenier hunn allerdéngs de Joseph Bonaparte an déi nei Monarchie net akzeptéiert.

Den 2. Mee huet e Generalopstand ugefaangen, dee vum Goya a senge Biller veréiwegt gouf. De Krich huet sechs Joer gedauert. D'Spuenier hunn en den Onofhängegkeetskrich genannt.

Anengems mat der Revolution sinn och juristesch an administrativ Reforme gemaach ginn. D'Erëffnungssëtzung vum neie Cortes gouf de 24. September 1810 ofgehalen. Follgend Prinzipe goufe festgehalen: d'Staatsgewalt geet vum Vollek aus an d'Legitimatioun vum Fernando VII. als Kinnek vu Spuenien. Deen éischte spueneschen Text vun der Constitutioun gouf den 12. Mäerz 1812 zu Cádiz ugekënnegt. Zanter 1812 hat Spuenie siwe Constitutiounen, mat där vun 1978, déi elo nach gëllt, an ouni d'Gesetz vu Bayonne.

De 27. Mee 1812 huet de Kinnek Joseph sech aus Madrid zeréckgezunn. Déi franséisch Arméi gouf vum Wellington den 21. Juni 1813 geschloen. D'Fransousen zéie sech iwwer Pyrenäen zeréck an de Wellington réckt den 9. Juli a Frankräich an. D'Onofhängegkeet vu Spuenien ass erëm hiergestallt.

Kuckt dozou den Haaptartikel: Spueneschen Onofhängegkeetskrich.

Éischt Spuenesch Republik[änneren | Quelltext änneren]

D'Kris a Spuenien huet dat spuenescht Imperium an Amerika staark geschwächt a vill Kolonien hunn ugefaangen hir Onofhängegkeet ze fuerderen. Wärend dem Ferdinand senger Herrschaft hunn all déi spuenesch Kolonien, ausser Kuba a Puerto Rico, hir Onofhängegkeet zeréckkritt.

De Schluss vum 19. Joerhonnert war, duerch den Doud vum Ferdinand VII., vum Dynastiedilemma beherrscht, well hie kee männlechen Nokommen hat. Seng Duechter d'Isabal II. huet den Troun iwwerholl, mä säi Monni den Don Carlos huet sech dem widdersat an huet sou ee vun deenen zwee Karlistekricher ausgeruff.

Tëscht 1841 an 1843 gouf fir d'éischt de Generol Espartero Regent iwwer d'Kinnekräich ernannt, duerno de Generol Narváez, deen den Espartero aus Spuenie gejot huet. 1845 gouf d'Verfassung ugeholl an zwee Joer méi spéit, 1847 war den zweeten Carlistekrich, den d'Isabel 1849 gewonnen huet.

D'Revolutioun vun 1868, ugefouert vun de Genereel Serrano a Prim, huet d'Isabel zu Fall bruecht. 1870 gëtt den Amadeus vu Savoy Kinnek vu Spuenien an de Prim gëtt ëmbruecht. Nodeem den Amadeus no verschiddenen Onrouen ofgedankt huet, hunn d'Cortes 1973 d'Republik ausgeruff.

Tëscht 1873 an 1874 muss déi éischt Republik sech mam Krich a Kuba, dem drëtte Karlistekrich an den opstännege Kantonen am Süden a Südoste vum Land befaassen. No de Presidentschafte vum Figuras, Pi y Margal, Salmeron a Castelar, huet e Putsch vum General Serrano am Januar 1874 der Republik en Enn gesat. Dësen huet d'Cortes opgeléist an als Diktator regéiert.

Bourbonesch Restauratioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Period vun der Restauratioun huet den 29. Dezember 1874 duerch en Opstand vum Martínez Campos zu Sagunt ugefaangen, wou d'Monarchie erëm hiergestallt gouf an d'Bourbonen ënner dem Alfonso XII. zeréckkomm sinn, a bis de 14. Abrëll 1931 gedauert.

Den Alfonso XII. huet der Éischter Spuenescher Republik en Enn gesat an ass Kinnek ginn. D'Constitutioun gouf 1876 geschriwwen a konsequent duerchgefouert wärend der ganzer Restauratioun. Si ass no enger konstitutioneller Monarchie mat engem Zwee-Chamber-System, dem Congreso de Diputados an dem Senado, etabléiert ginn. De Kinnek hat de Pouvoir d'Senatoren z'ernimmen, Gesetzer ze revokéieren an en huet sech selwer den Titel vum Ieweschte Kommandant vun der Arméi ginn.

1876 war den Ënnergang vum Karlismus an de Fridde vun El Zanjon, den den zéngjärege Krich zu Kuba op en Enn bruecht huet, huet et erméiglecht eng stabil Regierung opzestellen. welche

1885 ass den Alfonso XII. gestuerwen, a säi Jong Alfonso XIII., deen allerdéngs zum Zäitpunkt vu sengem Doud nach net gebuer war, gouf säin Nofollger. Seng Wittfra, d'Marie Christina vun Éisträich, huet bis zu hirem Jong senger Groussjäregkeet, 1902, d'Régence iwwerholl.

Spuenesch-amerikanesche Krich[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Spuenesch-amerikanesche Krich.

De spuenesch-amerikanesch Krich tëscht den USA a Spuenie war vum 25. Abrëll bis den 12. August 1898. En ass mat enger amerikanescher Besetzung vu Kuba, Puerto Rico an de Philippinnen ausgaangen. Spuenien huet elo all seng Kolonie verluer.

Zweet Spuenesch Republik[änneren | Quelltext änneren]

1931 gouf no de Kommunalwalen d'Republik ausgeruff. Aus dem revolutionäre Kommitee gouf eng provisoresch Regierung an den Niceto Alcala Zamora gouf President. D'Cortes huet eng nei Verfassung entworf. Zwee Joer duerno hunn d'Parteien aus der rietser Mëtt d'Mehrheet an de Cortes kritt.

1934 gouf et a Katalonien an an Asturie Revolutioune géint d'Bedeelegung vun der CEDA an der Regierung. 1936 huet d'Volleksfront, eng lénck Koalitioun d'Wale gewonnen. Den Alcala Zamora gouf ofgesat an de Manuel Azana gouf am Mee neie President an der Republik.

Dem Azana seng éischt Regierung huet eng Generalamnestie ausgeruff, d'Opnam vun der Agrarreforme fir Katalonien, déi baskesch Provënzen an eventuell Galicien. D'Konflikter si bestoe bliwwen an nodeem de Castillo vun de Faschisten ëmbruecht ginn ass, hu sech seng Arméie gerächt an de Chef vun der Oppositioun, de Calvo Sotelo, och ëmbruecht. Fënnef Deeg méi spéit huet sech d'Militärganison zu Malilla erhuewen, de Biergerkrich huet ugefaangen.

Spuenesche Biergerkrich[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt heizou den Haaptartiklel: Spuenesche Biergerkrich.

Een ënner dem General Francisco Franco zu Marokko organiséierte Militäropstand, huet sech tëscht 1936 an 1939 ganz séier duerch d'ganzt Land verbreet an huet sou de spuenesche Biergerkrich ausgeléist. Den Doud vum Calvo Sotelos huet dëse Militärputsch nach méi gefërdert.

Den 18. Juli 1936 ass de Putsch op aner Ganisounen an Zentralspuenien eriwwergegraff an de Franco huet den aneren Dag de Kommando vun der Arméi am Marokko iwwerholl. Enn vum Joer kontrolléierten d'Nationalisten de gréissten Deel vun Andalusien, Extremadura, Toledo, Avila, Segovia, Valladolid, Burgos, Leon, Galicien, Asturien, Victoria, San Sabastian, Navarra, Aragón, Kanaren an de Balearen mat Ausnam vu Menorca. Kastilien la Nueva, Katalonien, Valencia, Murcia, Almeria, Gijon a Bilbao sinn an den Hänn vun de Republikaner bliwwen.

Den 29. September gouf de Franco zum Staatspresident an zum Kommandant vun der Arméi ernannt. Fir dem entgéint ze wierken huet déi republikanesch Regierung eng Volleksarméi gegrënnt an der Miliz Waffe ginn.

Beid Partein hunn Hëllef vu bausse kritt: déi International Brigad huet d'Republikaner ënnerstëtzt an déi italieenesch an däitsch Truppen hunn d'Nationalisten ënnerstëtzt.

No sëllege Schluechten an nodeem d'Nationaliste schlussendlech den 28. Mäerz 1939 déi besaten Haaptstad bezwongen hunn, huet de Franco den 1.Abrëll de Krich offiziell zu Enn bruecht.

Spuenien ënner dem Franco[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Demokratiséierung vu Spuenien[änneren | Quelltext änneren]

Nom Franco sengem Doud huet de Kinnek Juan Carlos I. fir d'Demokratiséierung vu Spuenie gesuergt.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Geschicht vu Spuenien – Biller, Videoen oder Audiodateien