José Carreras

Vu Wikipedia
José Carreras
Gebuer 5. Dezember 1946
Sants
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Operesänger, Discographesche Kënschtler

De Josep Carreras i Coll, bekannt als José Carreras, gebuer de 5. Dezember 1946 zu Barcelona) ass e spueneschen Tenor. Hie gehéiert nieft dem Domingo an dem Pavarotti (an der Tëschenzäit verscheet) zu den Dräi Tenoren.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Carreras huet fir d'éischt Chimie studéiert, ass dunn awer 1963 zum Gesangsstudium beim Jaime Francisco Puigi um Conservatoire vu Barcelona iwwergewiesselt. Seng Debuten huet hien 1970 am Liceo, dem Operenhaus vu senger Heemechtsstad, am Verdi senger Oper Nabucco gemaach. 1971 huet hien de Verdi-Concours zu Busseto gewonnen; duerops gouf hie vun der Madrider Oper engagéiert an ass fir d'éischt mat der Montserrat Caballé zu London am Donizetti senger Oper Maria Stuarda opgetratt.

Vun 1972 un, koum hien am Laf vu sengen Tourneeën an d'New York City Opera, den Teatro Colón zu Buenos Aires, d'Oper vu Chicago, d'Metropolitan Opera, d'Royal Opera House, d'Wiener Staatsoper an och den Scala (1972). No sengem internationalen Duerchbroch als lyrischen Tenor krut hien Invitatiounen aus Salzburg, Hamburg, München, Bréissel, San Francisco, London an anere Stied.

1987, um Héichpunkt vu senger Karriär, huet de Carreras eng akut lymphatesch Leukemie kritt. Géint d'kritesch Prognose vu sengen Doktere konnt hien, no enger Knachenmuerch-Transplantatioun, déi den Nobelpräisdréier Edward Donnall Thomas zu Seattle gemaach huet, an no enger intensiver Behandlung, déi ee Joer gedauert huet, seng Krankheet iwwerwannen a seng Gesangcarrière erëm ophuelen.

Aus Dankbarkeet fir déi medezinesch Hëllef huet hien 1988 d'Fundación Internacional José Carreras para la lucha contra la leucemia (International Stëftung José Carreras fir d'Bekämpfung vun der Leukemie mat Haaptsëtz zu Barcelona gegrénnt. D'Stëftung ënnerstëtzt zanterhier d'Leukämiefuerschung. Vun 1995 un ass de José Carreras an dësem Sënn och iwwer seng Deutsche José Carreras Leukämie-Stiftung e. V. an Däitschland aktiv. Hir Benefizgalaën, déi vun der ARD-Télévsioun iwwerdroe ginn, sinn iwwer Däitschand eraus bekannt.

Am Kader vun der Foussball-Weltmeeschterschaft 1990 huet sech, zesumme mam Plácido Domingo a Luciano Pavarotti, den Trio Dräi Tenoren forméiert, déi och ettlech CDen enregistréiert hunn.

Zanter 2006 ass de Carreras fir d'zweet bestuet. Aus sengem éischte Bestietnes huet hien e Fils an eng Duechter.

Repertoire an Interpretatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Dës Lëscht ass net vollstänneg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: José Carreras – Biller, Videoen oder Audiodateien