Op den Inhalt sprangen

Kaalber Millen

Vu Wikipedia
Kaalber Millen
Déi restauréiert, fréier Millen (2021)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Kalborn-Moulin, Moulin de Kalborn
de: Kalborner Mühle, Kalbornmühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Klierf
Buergermeeschter Georges Keipes
Awunner 0
  01.01.2018
Héicht 308 m
Koordinaten 50° 06’ 11.45’’ N
      06° 07’ 54.16’’ O

D'Kaalber Millen ass e Lieu-dit an der Gemeng Klierf (bis Enn 2011: Gemeng Hengescht) an Kadastersektioun Kaalber.

D'Kaalber Mille läit am Dall vun der Our, ronn 1.5 km vu Kaalber ewech. Et kënnt en dohin iwwer e Wee de lénks vum CR339 fort geet, wann ee vu Kaalber op d'Tëntesmillen fiert, ongeféier 2 km baussent dem Duerf.

D'Kaalber Mille steet zanter dem September 2001 als Inventaire supplémentaire op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.[1]

D'Muschelziichterei

[änneren | Quelltext änneren]

Op der Kaalber Millen huet d'Stëftung Hëllef fir d'Natur mat der finanzieller Hëllef vum Ëmweltministère, dem Naturmusée an dem LIFE-Nature Programm vun der EU vun 2005 bis 2011 e Projet fir d'Erhalen, dorënner och d'Ziichte vun der Flosspärelmuschel (Margaritifera margaritifera) realiséiert.

Nodeem am August 2011 de Life-Projet ausgelaf war, huet d'Stëftung Hëllef fir d'Natur vun natur&ëmwelt eng Konventioun fir d'Finanzéierung vun der Suite vum Projet mam Lëtzebuerger Staat ënnerschriwwen.[2],[3]

Am Projet gëtt Follgendes realiséiert:

  • Uleeë vu Sträife laanscht d'Our, fir ze verhënneren datt ze vill Nierstoffer an d'Baach kommen.
  • Fiichten déi um Randgebitt vun der Baach stinn, ewechzehuelen.
  • Réier, déi an Niewebaache leien, ewechzehuele fir datt d'Baachfrellen, op deenen hire Kimen d'Larve vun der Muschel liewen, erëm kënne fräi baachop schwamme fir ofzeläichen.
  • Eng Ziichterei fir Jongmuschelen, déi an d'Our ausgesat ginn.
Commons: Kaalber Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
  2. D'Konventioun gouf ënnerschriwwe vun de Ministere Marco Schank (Delegéierte Minister fir Ëmwelt a Landesplanung) a Jean-Marie Halsdorf (Inneminister).
  3. Luxemburger Wort vum 12. Dezember 2011, S. 29.