Lucien Koenig
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Lucien Koenig | |
---|---|
Gebuer |
10. August 1888 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
15. September 1961 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
De Lucien Koenig (komplett Jean Richard Lucien Koenig), genannt Siggy vu Lëtzebuerg[1], gebuer den 10. August 1888 an der Stad Lëtzebuerg[2] an och do gestuerwen de 15. September 1961[3], war e lëtzebuergeschen Enseignant, Schrëftsteller a Politiker.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Nodeem seng Mamm fréi gestuerwe war, a säi Papp an Amerika emigréiert war, koum de Lucien Koenig am Alter vun engem Joer bei seng Groussmamm an, 1900, no där hirem Doud bei d'Famill Wercollier-Koenig, déi hien opgezillt huet a wou hien de Spëtznumm "Siggy" krut. No senger Primär- a Secondaire-Schoulzäit huet hien Däitsch, Geschicht a Philosophie zu Berlin an zu Paräis studéiert. Duerno gouf hien Enseignant fir Latäin an Däitsch fir d'éischt um Athenäum, duerno am Escher Jongelycée an am Iechternacher Kolléisch a vun 1919 un am Lampertsbierger Jongelycée[4].
1910 war hie Matgrënner vun der Nationalunioun.
Nom Zweete Weltkrich léisst hien d'Schanke vum Jang de Blannen vu Kastel op der Saar mat groussem Pomp de 26. August 1946 zeréck op Lëtzebuerg bréngen. Do goufe se dunn an der Krypta vun der Kathedral ënnerbruecht.
De Koenig war Matgrënner vum Groupement patriotique et démocratique, der Virleeferorganisatioun vun der DP.
Vun 1945 bis 1961 war hien am Stater Gemengerot, deelweis als Schäffen a vun 1951 bis 1961 Deputéierten an der Chamber.
Den nationalisteschen a patriotesche Schrëftsteller Koenig huet eng Partie Liddertexter (z. B. Lëtzebuerg de Lëtzebuerger), Theaterstécker a Gedichter op Lëtzebuergesch geschriwwen.
Wierker (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren](an der originaler Schreifweis)
- 1909: U Lëtzebuerg! Hymn.
- 1913: Grǒwenîrz. Letzeburg: P. Worré-Mertens.
- 1914: De Pap. Letzeburg: Ferlâg fu Jongletzeburg.
- 1914: De Lěf fu Letzeburg. Letzeburg: Ferlâg fu Jongletzeburg.
- 1914: Kinéksblud : [Nationalistescht Drâma an èngem Akt]. Letzeburg: Ferlâg fu Jongletzeburg.
- 1914: Rake'ten : Nationalistesch Dramen a Wèrsen. Letzeburg: Ferlag Jongletzeburg.
- 1917: Stûrm : Lider a Gedichter. Letzebûrg: P. Worré-Mertens.
- 1918: Menschekanner : Novelle. Letzeburg: P. Worré-Mertens.
- 1937: D'Melusina-So : Kannerszén aus den folkoristeschen Theatersteck, 3 Akten, Letzeburg fir emmer! S.n.: Letzeburger Nationalunio'n.
- 1947: George Washington : [Enakter]. Letzeburg-Lampertsbirg: P. Worré-Mertens.
- 1947: Lucilinburhuc : Nationalletzeburgescht Christusepos. Letzeburg-Lampertsbierg: P. Worré-Mertens.
- 1947: Himmellîchten : Lidder a Gedichter : 1. Dêl. Luxembourg: P. Linden.
- 1947: Gêschter iwer der Hémecht!: Nationalletzeburgescht Trauerspill an 3 Akten: Letzeburg-Lampertsbirg: P. Worré-Mertens.
- 1948: Indutiomar : Historescht Trauerspill an 1 Akt : . [ Corrections manuscrites]. Luxembourg: Dréckerei Ch. Beffort.
- 1948: Luxembourg for ever! = Letzeburg fir emmer! : Folkloristescht Théaterstéck an 3 Akten Letzeburg-Lampertsbierg: P. Worré-Mertens.
Wierker aus der Zäit vun der Ëmsiidlung zu Schreckenstein
- Tre′schterinslidd vun de Letzeburger Déporte´erten (Schrèckestên (B´emen), 1943)
- Chröschtdagsklacken am Exil (Schrèckestên, Chröschtdag 1943
- D'Letzeburger Depoerte´ertelidd (Schrèckestên Februar 1943)[5]
Präisser
[änneren | Quelltext änneren]Undenken un de Koenig
[änneren | Quelltext änneren]- Als Undenken un de Lucien Koenig gouf den 2. Januar 1985 eng Strooss um Lampertsbierg no sengem Kënschtlernumm benannt: d'rue Siggy vu Lëtzebuerg;
- Den 29. Mee 1987 gouf zu sengen Éieren eng Statu am Stater Park opgeriicht; si gouf vum Lucien Wercollier geschaaft.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Officier vum Ordre d'Orange-Nassau (Promotioun 1951)[6]
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne
- Commandeur vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Commandeur vum Ordre de Léopold
- Commandeur vum Ordre de l'Etoile Noire
- Chevalier vun der Légion d'honneur
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Kayser, Ed: Lucien Koenig 1888-1961. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, éditions saint paul, Lëtzebuerg, 2003, ISBN 2-87963-419-9, S. 355-356.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Siegfried I. vu Lëtzebuerg, dee "Siggy", no deem e sech genannt huet.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ an der deemoleger Schreifweis: Siggy fu Letzeburg
- ↑ Gebuertsakt Nr. 318 vum 11. August 1888 vun der Gemeng Lëtzebuerg
- ↑ Doudesannonce vum Lucien Koenig. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (16. September 1961). Gekuckt de(n) 11.01.2023.
- ↑ Luxemburger Autorenlexikon
- ↑ Net ze verwiessele mam Deportéiertelidd vum Pierre Hurst a Jeng Proess
- ↑ BULLETIN DE DOCUMENTATION - No 6 7e Année Luxembourg le 30 juin 1951 Distinctions honorifiques conférées à l'occasion de la visite officielle à Luxembourg de Sa Majesté la Reine et de Son Altesse Royale le Prince des Pays-Bas pp. 131ss.
- Lëtzebuergesch Auteuren
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Gebuer 1888
- Gestuerwen 1961
- Officier vum Ordre d'Orange-Nassau
- Lëtzebuergesch Lycéesprofesseren
- Officier de l'ordre de la couronne de chêne
- Commandeur de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Commandeur vum Ordre de Léopold
- Chevalier de la Légion d'honneur
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass