Peter Brandebourg

Vu Wikipedia
Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Peter Brandebourg

De Peter (oder Pierre) Brandebourg(er) oder (Brandenbourger), gebuer de 25. Juli 1824 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 23. Mee 1878, war e lëtzebuergesche Moler a Fotograf.

Hien huet no sengem Kolléisch zu Antwerpen, Paräis a München Konscht studéiert. De Brandenbourg war e Schüler vum Jean-Baptiste Fresez. Hien huet duerno Illustratioune vu Bicher, Portraitën a Landschafte gemoolt, mä mat der Zäit agesinn, datt e mat där neier Erfindung, der Fotografie, méi Sue kéint maachen. Géint 1867 huet hien als Éischten zu Lëtzebuerg an der Stad e Fotosatelier opgemaach, mat deem e landbekannt gouf.

Dësen Atelier huet, nom Brandenbourg sengem Doud, de Charles Bernhoeft iwwerholl.

Fir un hien z'erënneren gouf zu Bouneweg eng Strooss tëscht der Rue Nicolas Martha an der Rue Paul Medinger no him benannt.

Biller

Literatur

Um Spaweck

Commons: Peter Brandebourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Iwwer d'restauréiert Lithographie um Site vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik:Lithographie restaurée