Prosper Clasen

Vu Wikipedia
Prosper Clasen
Gebuer 15. Dezember 1827
Lëtzebuerg
Gestuerwen 10. Mäerz 1901
Lëtzebuerg
Aktivitéit Priister, Lycéesprofesser, Auteur


De Charles Prosper Clasen, gebuer de 15. Dezember [1] 1827 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 10. Mäerz 1901[2], war e lëtzebuergesche Geeschtlechen, Professer an Auteur.[3]

Vikar zu Angelduerf an zu Dikrech[änneren | Quelltext änneren]

De Prosper Clasen ass de 27. August 1853 zu Tréier duerch de Bëschof Arnoldi zum Priister geweit ginn.[4]

Vum 10. September 1853 bis den 23. September 1854 war hie Kaploun zu Angelduerf an dono bis de 25. Januar 1856 Vikar zu Dikrech.[5]

Professer am Dikrecher Kolléisch[änneren | Quelltext änneren]

Am Schouljoer 1854/55 huet de Clasen am Dikrecher Kolléisch de Reliounsprofesser J.-B. Scheer,[6] dee krank gi war, ersat.[7] Vum 25. Januar 1856 u war hien offiziell mam Reliounscours am Dikrecher Kolléisch chargéiert.[8] 1858 gouf hien do Professer an de 5. Januar 1887 Professer 1. Klass.[9] Vun 1872 bis 1888 war de Prosper Clasen och nach Direkter vum Pensionat vum Dikrecher Kolléisch.[10] Am Schouljoer 1876/77 gouf de Clasen, dee vum Januar 1877 u krank war, am Kolléisch ersat: an der Geschicht duerch den Direkter Pierre Stehres an an der Relioun duerch de Koadjutor vum Pensionat, den Abbé Jacques Schütz.[11] Den 28. Juni 1888 krut de Clasen, dee mat enger neier Aufgab betraut gi war, seng Demissioun als Professer accordéiert.[12]

Deche vu Miersch[änneren | Quelltext änneren]

Den 20. Juni 1888 gouf de Prosper Clasen Deche vu Miersch.[13] Krankheetshalber ass hien den 21. Dezember 1891 a Pensioun gaangen.[14] Hien huet sech an d'Stad an d'Haus vun de Baarmhäerzege Bridder zeréckgezunn, wou en 1901 gestuerwen ass.[15] D'Begriefnes war mëttwochs, den 13. Mäerz, um Nikloskierfecht.[16]

D'Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Prosper Clasen war de Koseng vum Deche Bernard Isidore Clasen an den Neveu vum Schoulmeeschter Nicolas Clasen.[17]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

De Prosper Clasen huet eng Rei Bicher aus dem Franséischen op Däitsch iwwersat: ee Roman an dräi reliéis Publikatiounen. Hien huet donieft ë. a. och e puer Noriff publizéiert an den éischten Deel vun enger Etüd iwwer de Pierre de Luxembourg (1369-1387), Kardinol a Bëschof vu Metz. Eng ausféierlech Bibliographie ass beim Anonym (1901a) a beim Blum (1981) ze fannen.

  • 1858. Pater Mathias Wolff.[18] Programm, herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1857-1858 / Königlich-Grossherzogliches Progymnasium zu Diekirch = Programme, publié à la clôture de l'année scolaire 1857-1858 / Progymnase royal grand-ducal de Diekirch, S. 1-14.[19]
  • 1866. [Krankenbruder Dominikus Jose aus Trier, gestorben zu Diekirch]. Luxemburger Wort 1866, N° 84 (11. April), S. 2 (Inland, Diekirch, 7. April).[7]
  • 1866. Zum Andenken an P. Philipp Krier. Luxemburger Wort 1866, N° 109 (10. Mai), S. 1;[8] N° 111 (13. Mai), S. 1;[9] N° 119 (24. Mai), S. 1-2.[10]
Cf. Zobel, J.A., 1866. Der Redemptorist P. Philipp Krier, gest. zu Diekirch am 14. April 1866. Ein Lebensbild von P. Joh. Ambrosius Zobel, Mitbruder des Verstorbenen. Luxemburg, Gebr. Heintze, 99 S.
  • 1866. Der selige Peter von Luxemburg, Cardinal und Bischof von Metz : eine biographische Studie. Programm, herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1865-1866 / Königlich-Grossherzogliches Progymnasium zu Diekirch = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1865-1866 / Progymnase royal grand-ducal de Diekirch, S. 5-6 an 1-39.
  • 1866. Jeanne Marie. Eine Justizgeschichte aus der zweiten Hälfte des XIX. Jahrhunderts. Aus dem Französischen des Raoul de Navery.[20] Mit Genehmigung des Verfassers übersetzt. Regensburg, New-York und Cincinnati, 324 S. (Als Feuilleton veröffentlicht im Luxemburger Wort 1866, Nr. 247-303 und 1867, Nr. 1-6).[21]
  • 1869. Sankt Joseph : Betrachtungen über das Leben, die Tugenden und die Ehrenvorzüge des hl. Gemahles der jungfräulichen Gottesmutter und Pflegevaters des Gottmenschen. Aus dem Französischen von Carl Prosper Clasen. Regensburg : New-York : Cincinnati : F. Pustet. 1869, XVI, 520 S.
  • 1872. Heinrich Ernst François : Advokat-Anwalt, Bürgermeister der Stadt Diekirch, Mitglied der Ständeversammlung, Offizier der Eichenkrone : eine biographische Skizze. Luxemburg : P. Brück, 46 S.
  • 1883. Der sel. Vikar von Diekirch, Herr Robert Boler.[22] Leichenrede gehalten bei dessen Seelenamte in der Pfarrkirche zu Diekirch, am 22. Mai 1883. Luxemburg : P. Brück, 24 S.
  • 1887. Der hochs. Erzbischof von Cyrra, Herr Nikolaus Adames, erster Bischof von Luxemburg. Leichenrede gehalten bei dessen Seelenamte in Diekirch am 7. März 1887. Luxemburg : L. Schamburger, 31 S.
    • id. 2. unveränderte Aufl., 1887, Luxemburg, Vict. Bück, 31 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1901a. † Prosper Clasen. Luxemburger Wort 1901-03-12, S. 3.[11]
  • Anonym, 1901b. Ein Gedenkblatt zur Erinnerung an Herrn Karl Prosper Clasen selig. Luxemburger Wort 1901-03-16, S. 2-3.[12]
  • Arendt, K., 1972. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Vorwort: Paul Margue. Luxemburg: E. Kutter, 514 S. [Dechant Karl-Prosper Clasen, S. 489].
  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 1: A-L, XXXIII-756 p.
  • Blum, M., J. Zieser & A. König, 1930. Series Pastorum. Luxemburg, (I) 180 S. + (II) 77 S.
  • Heuertz, F., 1922. Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Programme du Gymnase de Luxembourg 1921-1922, I-VIII, 1-79 S.
  • Koenig, A. (Pseudonym: Paul Felix), 1933. Hervorragende Männer aus dem Kanton Grevenmacher. Obermosel-Zeitung 1933-11-18, Zweites Blatt, Nr. 269, S. 2.[13]
  • Lanners, C., 1992. Chronique de l'établissement d'enseignement secondaire appelé communément Dikricher Kolléisch. In : Livre d'or du Lycée classique de Diekirch. Editions du LCD, S. 29-74, Annexes: 280-283.
  • Mullendorff, A., 1894. Le Gymnase de Diekirch de 1830 à 1894. Progamme du Gymnase grand-ducal de Diekirch, 1893-1894, S. 1-87.
  • Muller, P. & J.C. Muller, 1992. Das Diekircher «Pensionnat Saint-Joseph»: Bausteine einer Internatsgeschichte von 1835 bis 1992. In : Livre d'or du Lycée classique de Diekirch. In : Livre d'or du Lycée classique de Diekirch. Editions du LCD, S. 285-305.
  • Sahl, N., 2020. Carl Prosper Clasen. In: Luxemburger Autorenlexikon.[14]
  • Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, P. Faber, 106 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Stad Lëtzebuerg, Gebuertsregëster 1827, Nr. 427; [1] Luxroots ; Blum 1981, S. 149; Sahl 2020. — Anonym (1901a), Arendt (1972, S. 489), Koenig (1933) an Heuertz (1922, S. 6) ginn iertëmlecherweis de 14. Dezember als Gebuertsdag un. De Spedener (1937, S. 15) gëtt Gréiwemaacher als Gebuertsuert un.
  2. Arendt 1972, Koenig 1933 an Heuertz 1922 ginn den 11. Mäerz 1901 als Stierfdatum un. De Clasen ass laut Stierfakt den 10. Mäerz um 12 Auer nomëttes, also um 24h00 gestuerwen (Stad Lëtzebuerg, Stierfregëster 1901, Nr. 79 vum 11. Mäerz 1901).
  3. Anonym 1901a ; Arendt 1972, Blum 1981, S. 149-150 ; Sahl 2020.
  4. Luxemburger Wort 1853-08-31, S. 4 (Inland).[2] — Den Arendt 1972 schreift, dat wier den 23. August 1853 gewiescht.
  5. Arendt 1972. — Laut Heuertz (1922, S. 7) wier de Clasen eréischt 1856 Vikar zu Dikrech ginn; laut Anonym (1901a) wier en dat schon den 23. September 1853 ginn.
  6. Jean Baptiste Scheer (1830 Gréiwemaacher - 1907 Venloo), Priisterwei :1853; Reliounsprofesser am Dikrecher Kolléisch (Abrëll 1854 - Januar 1856); Professer am Seminär vu Lëtzebuerg (1858-1861); Pater am Dominikaneruerden (vun 1872 un) (Heuertz 1922, S. 55).
  7. Lanners, S. 43.
  8. Mullendorf 1894, S. 39.
    Luxemburger Wort 1856-02-08, S. 3 (Luxemburg, 7. Febr.).[3]
  9. Heuertz 1922, S. 7.
  10. Muller & Muller 1992, S. 294.
  11. Lanners 1992, S. 60.
  12. Mullendorff 1894, S. 47; Heuertz 1922, S. 7.
  13. Anonym 1901a, Blum et al. 1930, S. 164. – Beim Arendt (1972, S. 489) steet: 29. Juni 1888.
  14. Blum et al. 1930, S. 164. Beim Arendt 1972 steet: 31. Dezember 1891.
  15. Arendt 1972.
  16. Anonym 1901a.
  17. Blum 1981, S. 149.
  18. Mathias Wolff (1779 Diekirch - 1857 Culemborg), Superieur vun de Jesuitten an Holland (Mathias Wolff ; Spedener 1937, S. 100).
  19. Am Luxemburger Wort vum 26. August 1858, S. 3, war heizou ze liesen: "Das Programm des Diekircher Progymnasiums enthält eine von Hrn. Professor Clasen geschriebene Biographie des in Holland verstorbenen Jesuitenpaters Wolff aus Diekirch. Die Abhandlung gehört unstreitig unter das Beste, was wir in unsern Schulprogrammen bis jetzt gelesen haben."[4]
  20. Raoul de Navery, Pseudonym vun der Eugénie-Caroline Saffray.
  21. An engem Lieserbréif gouf de Clasen fir dës Publikatioun am „Wächter an der Sauer“ gelueft: "Herr Clasen. Religionslehrer zu Diekirch. hat durch eine vortreffliche Uebersetzung einen wirklich intressanten Roman. Jeanne-Marie, aus dem Französischen des Raoul de Navery, der deutschen Leserwelt geliefert. Sind wir auch nicht mit den Tendenzen des Verfassers, sowie des Uebersetzers einverstanden, so können wir doch nicht umhin, das Buch einem Jeden, jung und alt, insbesondre aber unsern Landgeistlichen, zu empfehlen.…" (Der Wächter an der Sauer 1866-08-09, S. 4, Literarisches).[5] — Laut dem Pierre Grégoire war et heizuland tëscht 1830 an 1900 net onüblech, Wierker aus dem Franséischen op Däitsch ze publizéieren, oft esouguer ouni Hiwäis op den eigentlechen Auteur (Grégoire, P., 1981. Luxemburgs Kulturentfaltung im neunzehnten Jahrhundert. Luxemburg, S. 511).
  22. Als Robert Bohler (mat "h") de 26. Mee 1832 an der Stad Lëtzebuerg gebuer, Fils vum Doléiner Jean Bohler; als Robert Boler (ouni "h") zu Dikrech de 15. Mee 1883 gestuerwen; Vikar zu Dikrech vum Hierscht 1856 un (Luxroots, Luxemburger Wort 1856-10-08, S. 3, Luxemburg, 6. Okt.[6]).