Rot vun de Gemengen a Regiounen an Europa

Vu Wikipedia
Rot vun de
Gemengen a Regiounen an Europa
Ofkierzung RGRE
Zweck setzt sech fir e vereenegt Europa an
Grënnungsdatum 28.02.1951
Memberen 150.000 Associatiounen[1]
Mataarbechter ca. 30[2]
Sëtz 1 Square de Meeûs
B-1000 Bréissel, Belsch
President Stefano Bonaccini
Websäit www.ccre.org

De Rot vun de Gemengen a Regiounen an Europa, gekierzt RGRE (offiziell (fr) Conseil des communes et régions d'Europe), ass eng Asbl déi sech fir e vereent Europa asetzt, dat op der Autonomie vun de Gemengen a Regiounen an der Demokratie opgebaut ass.

Den RGRE gouf offiziell den 28. Januar 1951 a Presenz vu 56 Vertrieder vu lokale Kollektivitéiten aus aacht europäesche Länner (Frankräich, Däitschland, Italien, Belsch, Schwäiz, Lëtzebuerg, Dänemark an Holland) gegrënnt.

Déi ronn 150 000 Membere vum RGRE sinn a 55 Associatioune bannent de Memberstaate vum Europarot ënnerdeelt. Den RGRE ass domat déi gréisst Associatioun vu lokalen a regionale Vereenegungen an Europa.

Den RGRE ass déi europäesch Sektioun vun der weltwäiter Organisatioun Cités et gouvernements locaux unis.

De President vum RGRE ass zanter Dezember 2016 den Italieener Stefano Bonaccini, Generalsekretär ass de Fabrizio Rossi. D'Generalsekretariat vum RGRE ass zu Bréissel.

Lëtzebuerg am Rot vun de Gemengen a Regiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Lëtzebuerger Member-Associatioun am RGRE ass de Syvicol.

Déi sechs gewielt Vetrieder sinn[3]:

D'Aktivitéite vum RGRE[änneren | Quelltext änneren]

D'Aktivitéite vum RGRE dréien ëm 5 Themeberäicher:

  • Demokratie, Staatsbiergerschaft an EU-Erweiderung,
  • Effizient Verwaltung vun de Ressourcen an Ëmwelt,
  • Partnerschaft, Kooperatioun an international Sujeten,
  • Ekonomesch, sozial a territorial Kohäsioun,
  • Lokal a regional Regierungen: Patron an Déngschtleeschtungsbetrib.

Jumelage vun Uertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Den RGRE këmmert sech och besonnesch ëm säi Reseau vu ronn 26.000 Jumelagen a ganz Europa. An dësem Punkt schafft de RGRE enk mat der Generaldirektioun „Bildung a Kultur” vun der Europäescher Kommissioun zesummen.

Fir den RGRE, waren d'Jumelagë schonn ëmmer e gutt Instrument fir de Bierger iwwer déi national Grenzen ewech Europa méi no ze bréngen an e Mëttel fir e vereent a friddlecht Europa mat der Ënnerstëtzung vun der Bevëlkerung opzebauen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rot vun de Gemengen a Regiounen an Europa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. A propos des membres op ccre.org, fir d'lescht gekuckt den 18. August 2019
  2. L'équipe op ccre.org, fir d'lescht gekuckt den 18. August 2019
  3. Annuaire des élus du CCRE op ccre.org, fir d'lescht gekuckt den 18. August 2019