Service d'aide médicale urgente

Vu Wikipedia
Dësen Artikel oder Abschnitt stellt haaptsächlech eng Beschreiwung vun der Situatioun zu Lëtzebuerg duer.
Hëlleft wgl. mat d'Situatioun an anere Länner ze beschreiwen
E Mercedes GLE SAMU an eng Mercedes Sprinter Ambulanz am Asaz zu Esch
SAMU BMW X5 (2006)
Samu mat Material
D'Mercedes SAMUe bei der Iwwerreechung
Ee vun den Helikopteren déi agesat ginn.

De SAMU, Akronym fir Service d'aide médicale urgente, ass déi spezialiséiert medezinesch Versuergung vun engem oder méi Patienten, déi a liewensbedrolecher Noutsituatioun sinn oder deenen hiren Zoustand eng dréngend medezinesch Expertis verlaangt fir datt se eng Noutfallversuergung kréien oder reaniméiert ginn. D'organisatoresch Koordinatioun an d'Gestioun vum SAMU ënnersteet der Medezinescher a Gesondheetsdirektioun (Direction médicale et de la santé, DMS) vum CGDIS[1].

Organisatioun a Fonctionnement[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt aktuell fënnef SAMU-Statiounen zu Lëtzebuerg[2]:

  1. SAMU Ettelbréck, beim Centre hospitalier du Nord zu Ettelbréck, besteet aus engem Auto an engem Helikopter;
  2. SAMU Esch beim Centre hospitalier Émile Mayrisch zu Esch/Uelzecht, mat engem SAMU-Auto;
  3. SAMU Lëtzebuerg 1 an der Stad Lëtzebuerg, ofwiesselend beim Centre hospitalier de Luxembourg (CHL) a beim Spidol um Kierchbierg (CHK, Hôpitaux Robert-Schuman), mat engem SAMU-Auto;
  4. SAMU Lëtzebuerg 2, am CNIS zu Gaasperech, mat engem SAMU-Auto;
  5. SAMU Air Rescue 1, um Findel, mat engem Helikopter grad ewéi engem SAMU-Auto, am Fall wou d'Wiederkonditiounen et net erlaben ze fléien.

Op Basis vun engem Froekatalog an der Ënnerstëtzung vun enger spezieller Software gëtt - wann néideg - d'SAMU-Gefier vum Operateur op der Noutruffzentral 112 (Central des secours d'urgence, CSU) alarméiert. D'Ekipp vum SAMU fiert da vun hirer Statioun aus fort. Parallel dozou fiert och eng Ambulanz op d'Plaz vum Noutfall.

De SAMU-Auto intervenéiert nëmmen an Zesummenaarbecht mat enger Ambulanz, well e keng Plaz huet fir Patienten ze transportéieren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1983 sinn déi éischt Interventioune fir uerg medezinesch Noutfäll baussent de Spideeler vun Anästhesie-Reanimateuren an Zesummenaarbecht mat de Stater Beruffspompjeeën duerchgefouert ginn.

Mam Gesetz vum 27. Februar 1986[3] huet dunn am Juli 1989 den éischte mobille SAMU-Déngscht ugefaangen. Fir den Ambulanz-Service, deen deemools haaptsächlech op fräiwëlleger Basis organiséiert war, z'ënnerstëtzen an déi dréngend medezinesch Betreiung vun de Patienten ze verbesseren, gouf decidéiert e sougenannte „Rendez-vous“-System op d'Been ze stellen. Eng spezialiséiert Ekipp ass mat hirem Equipement vum Spidol dat Déngscht hat op d'Plaz vum Noutfall gefuer, wou se sech mat der Ambulanz e „Rendez-vous“ ginn huet. De Patient an d'medezinesch Ekipp si vun do aus mat der Ambulanz an d'Spidol gefuer.

Fir raisonnabel Interventiounszäiten ze garantéieren an eng national Ofdeckung vum SAMU ze garantéieren, gouf 1991 en Accord tëscht dem Inneministère an der Luxembourg Air Rescue (LAR) ënnerschriwwe mat deem et méiglech gouf, fir am Kader vum SAMU, op en Helikopter kënnen zeréckzegräifen. Den éischten Helikopter am Asaz war e BO-105, duerno en MD900 Explorer. 1996 koum nach en zweeten Helikopter am Norde vum Land derbäi, och en MD900 Explorer.

Nieft den dräi SAMU-Statiounen an der Stad, zu Esch-Uelzecht an zu Ettelbréck, gouf den 1. Juli 2019 eng véiert Statioun an de System opgeholl. De SAMU Lëtzebuerg 2 war uganks beim CIS Hesper stationéiert a steet zanter der Ouverture vum CNIS elo am Zenter zu Gaasperech.

Am Dezember 2019 gouf en Accord tëscht dem Staat, der LAR an dem CGDIS ënnerschriwwen, fir vum 1. Mee 2020 un eng 5. SAMU-Statioun op d'Been ze stellen. Wéinst der COVID-19 Pandemie ass déi Statioun scho méi fréi, den 1. Abrëll 2020 opgaangen. Et handelt sech heibäi ëm d'Statioun um Findel, wou den Helikopter steet, dee virdrun an der Stad beim jeeweilege Spidol stoung dat Déngscht hat (CHL oder CHK). Wann den Helikopter wéinst de Wiederkonditiounen net fléie kann, gëtt den Asaz mam Auto gefuer[4][5].

Crew an Ekipement[änneren | Quelltext änneren]

Crew[änneren | Quelltext änneren]

D'Ekipp vun all SAMU-Basis besteet aus engem Dokter an engem Infirmier, allebéid am Beräich vun der Anästhesie-Reanimatioun.

Ekipement[änneren | Quelltext änneren]

D'SAMU-Gefierer - am Fachjargon als NEF, Notarzteinsatzfahrzeug bekannt - déi bis de Juni 2015 ënnerwee waren, ware vum Typ BMW X5. Se goufen du mat Mercedes-Benz M 350 BlueTech ersat, déi all mat follgendem Material ekipéiert sinn[6]:

Statistik[änneren | Quelltext änneren]

SAMU-Asätz pro Joer[7][änneren | Quelltext änneren]

An der Moyenne brauch de SAMU 12 Minutte bis op d'Plaz vum Asaz. Iwwer d'Joer 2021 gouf et fir de SAMU knapp 22 Asätz den Dag; an der Silvesternuecht 2022/23 eleng waren et der 99[8].

SAMU-Asätz no Statioun[9][änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Service d'aide médicale urgente zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 27 mars 2018 portant organisation de la sécurité civile. Artikel 86. data.legilux.public.lu (27.03.2018). Gekuckt de(n) 27.12.2022.
  2. Le Service d'Aide Médicale Urgente (SAMU) - Fonctionnement. 112.public.lu. Gekuckt de(n) 27.12.2022.
  3. Loi du 27 février 1986 concernant l´aide médicale urgente. data.legilux.public.lu (27.02.1986). Gekuckt de(n) 27.12.2022.
  4. Taina Bofferding: 5. Samu kënnt 1 Mount méi fréi, wéi eigentlech geplangt. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 27.12.2022.
  5. Fünfter SAMU am Findel - Luxembourg Air Rescue. www.lar.lu. Gekuckt de(n) 27.12.2022.
  6. Le Service d'Aide Médicale Urgente (SAMU). 112.public.lu. Gekuckt de(n) 27.12.2022.
  7. Rapport annuellen 2018, 2019, 2020 an 2021. 112.public.lu. Gekuckt de(n) 27.12.2022.
  8. An der Silvesternuecht: Am Ganzen 337 Appeller beim 112, bei der Police waren et der 115. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-01-02.
  9. Marc Lies - Taina Bofferding, Question Parlementaire n°7240 - Déménagement de l'unité SAMU Luxembourg 2. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 27.12.2022.