Victor Abens

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Vic Abens)
Victor Abens
Gebuer 16. Oktober 1912
Veianen
Gestuerwen 14. Januar 1993
Léck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot
De Victor Abens
Dem Vic Abens säi fréiert Haus zu Veianen, haut Musée vun der Karikatur a vum Cartoon.
Plack nieft dem Ginkgo beim Kierfecht.

De Victor ("Vic") Abens, gebuer de 16. Oktober 1912 zu Veianen, a gestuerwen de 14. Januar 1993 zu Léck, war e lëtzebuergesche Politiker an Industriellen.

No der Primärschoul a kuerzem Studium am Lycée classique de Diekirch huet hie bis zum Ufank vum Zweete Weltkrich an der Etüd vum Dikrecher Affekot a Buergermeeschter Alphonse Greisch geschafft.

Resistenzler[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem hien zesumme mam Tony Noesen d'Veiner Kantonal-Sektioun vum L.V.L. gegrënnt hat, gouf hien den 1. September 1942 vun den Däitsche verhaft a koum an d'Villa Pauly an duerno op Hinzert. Weider Statioune ware Prisongen zu Tréier, Köln, Berlin, Hannover a Warschau, ier hien am Januar 1943 op Posen an am Mäerz vum selwechte Joer op Lublin koum. Am Mäerz 1944 krut hie vun der Lagerleitung Lublin en Zuchticket fir op Lëtzebuerg fir sech an der Villa Pauly ze presentéieren. De Vic ass awer direkt op Dikrech an duerno op Veianen gefuer wou hie sech bis zum Enn vum Krich verstoppt huet.

Politiker[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Gemengewale vum 7. Oktober 1945 gouf hien an de Veianer Gemengerot gewielt. Nom Doud vum deemolege Buergermeeschter Dr. Edouard Wolff war hie vun 1946 bis 1981 Buergermeeschter vu senger Heemechtsstad Veianen. Zäit senges Liewens huet hie sech fir seng Stiedchen agesat. Hien huet mat d'Veiner Geschichtsfrënn gegrënnt, vun deenen hie 1973 bis 1984 President war, an och d'Veiner Schloossfrënn mat an d'Liewe geruff, vun deenen en 1978 - 1992 d'Presidence hat. Net zulescht op säin Asaz hin ass d'Veianer Buerg restauréiert ginn. Fir hien ze éiere gouf de prächtegen 30,30 × 10,20 m an 7 m héije Festsall am Schlass no him benannt.

Politesch war de Vic Abens an der LSAP aktiv, fir déi e vun 1945 bis 1981 an d'Chamber gewielt gouf. Do huet hien an den Nokrichsjoren eng grouss Roll an der Rekonstruktioun vum Éislek gespillt.

Vum 17. Juli 1979 bis de 24. Juli 1989 war hien ee vun de 6 lëtzebuergeschen Europadeputéierten am Europäesche Parlament.[1]

Hie war ëmmer e Verfechter vun der Veiner Sprooch a seng politesch Rieden, Sträitgespréicher an Interviewe si legendär.

Vun 1963 bis 1973 war de Vic Abens President vun der UGDA.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

Zu Veianen erënnert e Monument, e Wierk vun der Benedicte Weis, un de Victor Abens.

1997 hunn d'Veiner Geschichtsfrënn e Ginkgo zu Éiere vum Vic Abens a Pierre Bassing nieft dem Veiner Kierfecht geplanzt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Les anciens Députés luxembourgeois op der Websäit vum Europaparlament
  2. BULLETIN DE DOCUMENTATION - No 6 7e Année Luxembourg le 30 juin 1951 Distinctions honorifiques conférées à l'occasion de la visite officielle à Luxembourg de Sa Majesté la Reine et de Son Altesse Royale le Prince des Pays-Bas pp. 131ss.