Wikipedia:De Staminee/Archiv2013/Oktober-Dezember

Vu Wikipedia

Propose: Eropluedsäit mat Erklärungen a Linken op den Upload Wizzard[Quelltext änneren]

Hi MGA, in that context, I got a question to you:

To avoid in the future the kind of work we do here as much as possible, I had tried to design the upload page so that uploaders would be diverted in 95% of the cases to Commons. In other words: Once it is ok, to put the text on this page on the uoload-page. As you will see, I struggled with the 'special cases', i.e. PD, and also how to leave the possibility for Logos and other FU to be uploaded on lb:Wiki. Could you have a look and maybe suggest improvements?you may write in english in the text, I'll translate if necessary).--Zinneke (Diskussioun) 22:08, 10. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]

Zinneke, "Fair Use Rationale" kanns de mat "EDP Richtlinn" iwwersetzen an op "Wikipedia:EDP" verlinken.
Ech hunn eng Rëtsch Biller vu Verstuerwener a vu vergaangen Evenementer als FU klasséiert, well déi Leit an Evenementer kommen ni méi erëm, fräi Biller sinn dowéinst onméiglech (erlaabt als "kee fräit Äquivalent"). Dozou wëll ech awer nach soen, datt ech den Ernmuhl am Verdacht hunn, all seng Persounebiller aus der AZ oder enger anerer viru méi wéi 70 Joer verëffentlechter Zäitschrëft geholl ze hunn, sou datt u sech "Domaine public" déi richteg Lizenz wier, mee soulaang keen déi Biller wierklech an esou enger aler Zäitschrëft erëmfonnt huet muss FU eis duergoen.
--Otets 14:17, 11. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]
I have some problems understanding some of the words but my overall impression is that it looks really good!!!
A few comments:
  • Files on Commons do not have to be neutral and even a low quality photo of a historic moment could be usefull. And Commons is not just for Wikipedia so as long as they can be used for educational purposes they are welcome. I have not seen many "junk" photos on lb-wiki so I do not know how big the problem with useless files is. I'm not saying that you need to change the intro I just wanted to point out that Commons have a different scope than Wikipedia.
  • Are plants covered by the text "engem Déier, enger Landschaft, enger Uertschaft"?
  • The text "engem rezente Konschtwierk gemaach" and "vun engem rezente Gebai gemaach". I doubt that new users would know what that mean so perhaps "generally the artist/creator/architect of the artwork/building should have died more than 70 years ago".
  • Files where the photographer died more than 70 years ago can also be uploaded to Commons.
  • If a file is taken from the Internet it is very important to add Commons:Template:LicenseReview. Perhaps that could be added?
  • It is possible to modify/translate upload options on Commons so that users have a guide in Luxemburgish. I have not checked if that allready excists.
  • Is the plan to to send users to a new guide if they want to upload a fair use file or is the text at the bottom enough?
  • Does anyone on OTRS read/understand Luxemburgish? If not it would be nice to have a voulenteer or perhaps ask if the permission could be send in German or English or French.
Another option is to tweak templates to assist users to upload files. For example Lëscht_vun_den_nationale_Monumenter_an_der_Gemeng_Ärenzdall could have a "Click here to upload a photo" with a link to upload guide on Commons. Example from Danish Wikipedia: da:Fredede bygninger i Roskilde Kommune. It could perhaps be implemented in a "Photo is missing template". --MGA73 (Diskussioun) 20:28, 11. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]
Hi MGA, many thanks for your very pertinent comments. I have integrated them into the text; the bits on ORTS and FU are explaied elsewhere (need to find link).
I tried to find out how the Danish colleagues integrated the 'default' upload button for pictures in their columns on monuments, but failed. Would you know or know whom to ask? I suppose the template of the columns needs to be changed, but personally am not skilled enough to do that. If anyone could help, that would be great!

--Zinneke (Diskussioun) 16:28, 17. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]

It was me who added the link. I stole the code from en-wiki and changed a few things. I'll have a look at it. --MGA73 (Diskussioun) 19:11, 17. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]
You need two things: To fix Schabloun:UploadCampaignLink so it uses the lb-wiki names and to change Schabloun:Nationale Monumenter row to something like on Benotzer:MGA73/Sandbox. Hope this was helpfull. --MGA73 (Diskussioun) 19:24, 17. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]


Update/Rappel[Quelltext änneren]

Beim Archivéiere vun ofgelafenen Diskussioune sinn ech nees op déi hei gestouss. Am Prinzip ass déi nei Eroplued-Säit esou, wéi ech mer dat virstellen. Ech proposéieren, eng lescht "Tournée" vu Commentairen ze lancéieren, a géif de Robby elo scho bieden, no enger Woch, wann et keng Commentairë (méi) ginn, dës als Defaultsäit fir d'Eroplueden am Systeem ze späicheren. Ganz ënne bléif dann nach ëmmer d'Méiglechkeet, als Ausnahm Saachen op lb:Wiki ze lueden (FU a Logoen). --Zinneke (Diskussioun) 15:58, 31. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Ech hunn do elo e puer Schreiffeeler verbessert. Ech giff proposéieren, datt d'Leit déi op de Commons-Knäppchen drécken, eng Lëscht vu méigleche Lizenzen ze gesi kréien, wou prioritär eis CC-by-sa/3.0/lu dohistoe kënnt, an net déi einfach CC-by-sa Lizenz. Op der Beispillsäit gëtt et jo nach keng Knäppercher, mee ganz ënne misst dann herno net vergiess gi fir een hinzesetzen iwwer deen ee bequem FU a Logoen eropluede kann. --Otets 16:19, 31. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech hunn eng kleng Remarque zum Eroplueden ze maachen esou wéi et de Moment funktionéiert:
Soubal een de Fichier erausgesicht huet gëtt en och schonn eropgelueden an et huet ee keng Méiglechkeet nach eng Kéier ze iwwerpréiwen op alles korrekt ass. Et wier jo denkbar datt ee sech beim eraussiche vum Fichier geiert huet oder datt een am leschte Moment nach e Feeler am Numm vum Fichier gesäit. Dofir giff ech et gutt fanne wann nom eraussichen d'eroplueden eréischt giff ufänke wann ee säin Accord ginn huet (OK drécken). Ech hoffen dat léisst sech esou änneren. --MMFE (Diskussioun) 16:42, 31. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech verstinn net ganz. Wann een de Fichier mat "Browse" erausgesicht huet, da gëtt en zwar direkt eropgelueden, mee et kann een dann ëmmer nach kucken op et dee richtegen ass an och den Numm am Feld "Numm ënner deem de Fichier gespäichert gëtt" änneren, gespäichert gëtt deen eropgeluedene Fichier jo eréischt wann een op "Fichier eroplueden" dréckt. Oder hues du eppes aneschters gemengt? --Otets 16:57, 31. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Vun engem Problem hunn ech jo och net geschwat, et ass nëmmen e Verbesserungsvirschlag. Bis virun engem hallwe Joer huet d'Eropluede bei mir zimmlech laang gedauert, meeschtens e puer Minutte pro Fichier, elo mam Glasfaseruschloss geet et wesentlech méi séier. Ech kënnt mer awer virstellen datt et bei anere Leit nach ëmmer laang dauert, besonnesch wann een d'Biller net an der Gréisst reduzéiert, an dofir meng Remarque datt et méi sënnvoll wier d'Auswiel vun de Fichiere kënne virum Eroplueden ze iwwerpréiwen. --MMFE (Diskussioun) 11:12, 1. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Fir sech d'Saach an deem Sënn einfach ze maache soll een deem Fichier a senger Datebank vun Ufank un een eendäitegen Numm ginn, deen net mat eppes anescht ka vewiesselt ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 13:22, 1. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

@Otets: ech hunn "3.0" am Text preziséiert; dat ass déi, déi den Uploadwizzard asetzt.

@Robby: kinnst Du bei Geleeënheet den Text ersetzen? Merci am viraus. --Zinneke (Diskussioun) 20:41, 23. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

ass gemaach!
w.e.g. just eemol nokucken ob dat ddann och elo esou wéi gewënscht funktionéiert. --Robby (Diskussioun) 21:26, 23. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Villmools Merci! --Zinneke (Diskussioun) 13:04, 25. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Notifications inform you of new activity that affects you -- and let you take quick action.

(This message is in English, please translate as needed)

Greetings!

Notifications will inform users about new activity that affects them on this wiki in a unified way: for example, this new tool will let you know when you have new talk page messages, edit reverts, mentions or links -- and is designed to augment (rather than replace) the watchlist. The Wikimedia Foundation's editor engagement team developed this tool (code-named 'Echo') earlier this year, to help users contribute more productively to MediaWiki projects.

We're now getting ready to bring Notifications to almost all other Wikimedia sites, and are aiming for a 22 October deployment, as outlined in this release plan. It is important that notifications is translated for all of the languages we serve.

There are three major points of translation needed to be either done or checked:

Please let us know if you have any questions, suggestions or comments about this new tool. For more information, visit this project hub and this help page. Keegan (WMF) (talk) 18:54, 4. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

(via the Global message delivery system) (wrong page? You can fix it.)

Wiki goes social media? Hei heescht et da just net "like" mee "thank")) --Otets 06:41, 11. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Deen Notifikatiounssystem ass elo an der Praxis ukomm. Am Versiounshistorique gesäit een dann nieft dem Link "zréck" och e Link "merci", fir engem Benotzer Merci fir seng Ännerung ze soen. IPen a sech selwer kann een net Merci soen. Et gëtt soss nach e puer Notifikatiounsméiglechkeeten di ee sech astelle kann, meng éischt war déi datt een op den Artikel "Paräis" verlinkt huet, an et ass mer bosseg virkomm datt ech dat anscheinend wësse wéilt wou ech deen Artikel dach guer net iwwerwaachen, mee leider geet et guer net ëm deen eegenen Intérêt fir en Artikel mee just op een dee betraffenen Artikel kreéiert huet - menger Meenung no sollte se do nobessere fir datt et Sënn mécht. --Otets 10:12, 29. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

WikiCon 2013[Quelltext änneren]

Hallo zusammen.

Von 22. bis 24. November findet in Karlsruhe die WikiCon 2013 statt. Ich werde dort einen Workshop zum Thema "Wikipedien in kleinen Sprachen" organisieren. Ihr seid alle herzlich eingeladen, nach Karlsruhe zu kommen und mitzudiskutieren. Die offizielle Anmeldung läuft bis zum 23. Oktober.

Viele Grüße, --Holder (Diskussioun) 15:56, 13. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Eng Woch virdru kréien ech eréischt d'Confirmatioun, mee viraussiichtlech geet dat fir mech net, bucht mech also a priori net mat. --Otets 09:35, 14. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Für Kurzentschlossene: der Workshop zu den kleinen Wikipedien findet am Samstag, 23.11. um 11.00 Uhr statt. --Holder (Diskussioun) 20:58, 13. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Suen ze verdeelen[Quelltext änneren]

Momentan steet uewen op all Säit dëse Message vu Wikimedia: "Hëlleft dem FDC ze decidéiere wéi déi 6 Milliounen US Dollar Wikimedia-Spenden ausgi gi sollen". Et geet do dach tatsächlech drëm, datt Wikimedia méi Suen erageholl huet wéi se erhofft haten, an den Jimbo emol ausnamsweis net direkt gesot huet dat wier dach fäi well heen dann esouguer nach méi reese kéint, mee di Sue kënnen déi eenzel Chaptere fir sech reklaméieren, z.B. fir Veranstaltungen ze finanzéieren oder wat och ëmmer. Ok, mär hu keen Chapter. Mee einfach emol sech virzestellen, mär kéinten eis do 100.000$ ufroen, a mär kréichen déi dann och nach, fir en Employé anzestellen deen eis Wiki mat Wëssen opfëllt, haaptberufflech Ännerungen iwwerpréift, an de Staatsarchive Wëssensschätz fir eis Wiki hieft, Pressematdeelungen erausgëtt,... Firwat sollte mer net "hei" jäizen, wann et bossegerweis emol Suen ze verdeele gëtt? Mer missten eis awer bäimaachen, well ë.a. d'Preise sinn net schei an hunn direkt 2,43 Millioune fir sech reklaméiert (also bal d'Hallschent), fir Ëffentlechkeetsaarbecht, besser Relatioune mat verschiddenen Institutiounen a Softwareentwécklung. --Otets 10:30, 29. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Wär jo am Fong gutt, mee da muss awer och een, oder e puer Leit, ee laangen, detailléierte Proposal schreiwen (wéi hei). Wat ass iwwerhaapt déi rechtlech Situatioun vu lb.wikipedia.org? Ech gesinn hei datt et Wikimedia Deutschland e.V., Wikimedia Österreich a Wikimedia CH gëtt, an déi schaffen dach och all (ënner anerem) op de.wikipedia.org. Gëtt et eng Wikimedia Luxembourg asbl, oder änleches? --Bdx (Diskussioun) 12:27, 29. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, nee, et gëtt keng organisiéiert Struktur - Asbl, "Chapter" oder änleches), well mer einfach zu net genuch sinn: soss giff dee Grappvoll (ziel der 2-3 uewen op der Foto dobei an du hues se bal all beieneen), deen hei aktiv matschafft, sech ëm Administratives amplaz ëm Inhalter këmmeren (D'Thema gouf schonns an der vergaangenheet diskutiéiert). Wann et emol iwwer 30 "ganz aktiv Mataarbechter" ginn (dat ass en Terminus technicus), da kann een d'Iddi nees op d'Tapéit bréngen. Deemno huet et och net vill Sënn, sech a Gedankespiller ze verléieren, wéi ee kinnt Suen ausginn, déi een net huet...--Zinneke (Diskussioun) 14:48, 29. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Et ass effektiv d'Saach vun hannen ugaangen: Wa mer eng Asbl hätten, da kéint déi Asbl Sue froe fir en Employé z'engagéieren, dee sech ë.a. och ëm d'Administratioun vun der Asbl këmmert, an d'Asbl esou iwwerhaapt eréischt méiglech mécht. --Otets 16:23, 31. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Thierry Origer[Quelltext änneren]

Salut alleguer, ech wollt froen, ob déi ganz Artikelen iwert meng Persoun (Thierry Origer) kéint geläscht ginn?

Sou berüümt sinn ech jo net...

Merci!

--Thierryoriger (Diskussioun) 18:01, 30. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend,
Iwwer Läsch-Demandë beschléisst d'Communautéit vu Mataarbechter. Am heite Fall ass net ganz kloer, wat fir "Artikelen iwwer [Är] Persoun" gemengt sinn: Et gëtt eng Desambigatiounssäit vu Leit mat deem Numm, an dann just een Artikel, nämlech Thierry Origer (Reliounswëssenschaftler). Ass dat deen Artikel deen Der mengt? Un deem hunn haaptsächlech 3-4 verschidde Mataarbechter an Dosende vu Versioune geschriwwen (Dorënner e gewëssen User:Willibrord, deen och behaapt, deen Artikel wier iwwer seng Persoun...). Déi (an all déi aner) solle mat ofstëmmen a justifiéiere kënnen, ob deen Artikel geläscht soll ginn, a firwat (oder firwat net). Ech droen een emol op d'Säit Wikipedia:Läschen an. --Zinneke (Diskussioun) 21:59, 30. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]



Rendez-vous mat dem Service des sites et monuments nationaux[Quelltext änneren]

Den Zinneke an ech haten dem SSMN am August eng Mail geschriwwe fir e Rendez-vous bei hinnen ze kréien fir iwwer verschidde Sujeten ze diskutéieren. Dee Moment war nach de WikiLovesMonuments-Fotoconcours den Haaptsujet, mä mir haten och nach aner Diskussiounspunkten uginn, z.b. déi Problemer déi mer mat der Lëscht vun de Monumenter hunn a wou mer och schonn eng Rei Froe gesammelt hunn.

Duerch verschidden Ëmstänn huet et méi laang gedauert wéi erhofft, mä ech hunn elo vun hinnen e Rendez-vous krut wou mer kéinten eis Problemer mat hinnen diskutéieren, et ass dat den 3. Dezember um 11 Auer. Wann also nach ee vun eis Zäit a Loscht huet mat mir dohinner ze goen, da mellt iech hei oder schéckt mer eng Mail. Et wier och flott wa mer hei nach e puer Iddie kënnte sammelen, fir mat hinnen ze bespriechen.--MMFE (Diskussioun) 23:42, 4. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Ok, ginn do mat, wann erwënscht. --Cayambe (Diskussioun) 09:24, 5. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Tipptopp, wann de Cayambe (a vläit soss nach een) mat ka goen, well fir mech geet deen Datum leider net. Ech sëtzen hei drënner emol zwou Lëschten, déi mer zesummen opfëlle kënnen: Eng, wat déi wichteg Saache sinn, déi mer de Responsabele vum SSMN wëlle matdeelen ("Speaking points" am Jargon), an eng, wat mer se froe kéinnten ("Objectives"). --Zinneke (Diskussioun) 14:58, 5. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Salut, ech géing dann och nach matgoen. Ech kennen de Patrick Sanavia berufflech (mir sinn Noperen wat s'Schaff ubelaangt). --Christian Ries (Diskussioun) 20:02, 8. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech kommen muer dann och géint 10:30 wéi vum Christian Ries virgeschlo an der Cafeteria vum Naturmusée laanscht. Eventuell kann ech jo mat e bëssen Hannergrondwëssen wat dat technescht respektiv d'Wikimedia-Welt ugeet aushëllefen. --Robby (Diskussioun) 21:57, 2. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech freeë mech driwwer datt mer dann esou gutt vertruede sinn. Bis geschwënn dann. --MMFE (Diskussioun) 23:39, 2. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Wat mer hinnen sollte matdeelen[Quelltext änneren]

  • Kuerz: Wat Wikipedia ass (Enzyklopedie, neutral, Weltphänomen, bal 300 Sproochen, fräi Inhalter,...) , wéi et fonctionnéiert (benevole, kollaborativ, op fir jiddereen), wat lb: Wiki ass (bal 10 Joer, eng Dosen 'Habituéën' + nach eng Kéier esou vill punktuell Mataarbechter, 'par la force des choses' Lëtzebuerg-zentresch: "Luxemburgensia-Referenz vum 21. Jorhonnert"),...
  • Roll vu Fotoen: Commons, fräi Lizenz, kënne vu jidderengem (mat Quellenangab) benotzt ginn; Beispiller.
  • WLM-Concours: vun engem reng hollänneschen zum weltwäite Concours. Ziler: Intressi bei de 'normale Leit' fir Patrimoine an hirer Ëmgéigend ze erwächen, fräi Biller an Artikelen dozou ze kréien (an och: nei Mataarbechter ze gewannen: "Sou einfach kann een op Wikipedia matmaachen!").
  • Wat op lb:W gemaach gouf: Lëschte pro Gemeng, Fotoe klasséiert, Artikele geschriwwen, Kordinaten nogesicht (weisen: dësen oder deen Tool fir Monumenter ze lokaliséieren)...
  • Iwwerzeegt, datt Wikipedia mathëllefe kann de Patrimoine vu Lëtz besser bekannt ze maachen (et kascht se kee Su...)
  • Och den SSMN kann déi Fotoe vu Commons weiderverwäerten, wou nëtzlech
  • ...

Wat mer vun hinne sollte gewuer ginn[Quelltext änneren]

  • Wéi wäit wëssen se wat mer maachen? wéi ass hir Aschätzung dovunner? (z.B.: Sinn d'Koordinaten nëtzlech och fir si?, wëssen se, datt si och Wiki-Fotoe gebrauche kënnen?...)
  • Ginn et Quellen, vun deene mer näischt wëssen déi ee verschaffe kinnt?
  • (falls Zäit) Un Hand vun engem Beispill: "Wee" vun engem Haus op d'Lëscht?
  • (falls Zäit) Wéi systematesch gi si vir? Wat sinn hir Critèren (Firwat ass de Palais, d'Spuerkeesse-Gebai oder d'Nei Bréck net drop, dofir awer d'Arbedsgebai, eng al Charlisbréck, oder Ruine vu Baurenhaiser?)
  • Wéi fanne mer eng Léisung fir déi oppe Froen, wat d'Erëmfanne vu verschiddenen Objetë betrëfft?
  • Wéi gesäit et an Zukunft aus, wann et zu der Trennung vu "Gemengen" a "nationale Monumenter" kënnt? Wéini ass dat? Gëtt et do Doublonen? Ginn et dann Transferen vun enger Lëscht an déi aner?...
  • Evtl. Pläng, hir Lëschten ze iwwerschaffen (ID-Nummer, Kadasterparzellen à jour setzen, Beem eraus déi net méi do stinn...)? Besset identifizéieren in situ (blo-wäisse 5-Eck)?
  • Zesummenaarbecht beim nächste WLM-Concours? z.B. SSMN als "offizielle Partner" -> weist a senge Publikatiouen/Kommunikatiousnssuppoirten drop hin, ouni awer grouss Verflichtungen ze hunn (héchstens: e puer Bicher sponsoren als ee vun de Präisser o.ä.). Méiwäert fir si: méi Visibilitéit, Bekanntheet vun den Objeten; fir eis: besser Mediekontakter, méi nei Mataarbechter,...
  • Falls jo: Méiglechkeet vun engem eegene Concours fir Lëtzebuerg 2014 (i.e. net méi mat der Belsch zesummen)?
  • ...

Backgroundmaterial[Quelltext änneren]

Resultat vun der Entrevue[Quelltext änneren]

Very short abstract:

  • D'Entrevue ass ganz gutt a konstruktiv verlaf. Si huet am ganzen 1 Stonn gedauert.
  • D'Vertrieder vu SSMN si besgeeschtert vun der viller Aarbecht, déi schonns geleescht gouf (Artikelen a Biller).
  • Enger enker Zesummenaarbecht mat den Zervisser vu SSMN steet näischt am Wee. Beispiller:
    • D'Biller aus der Datebank vum SSMN sollen ënnert der CC-Lizenz der Wikipedia zur Verfügung gestallt ginn.
    • Si géife gären Biller vun der Wiki, déi hinne feelen, an hir Systemer benotzen (Homepage, Billerdatebank)
    • Si si bereed, Infoen déi feelen geziilt ze liwweren bzw. zur Klärung vu Problemer / Rätselen bäizedroen.
    • Eng Zesummenaarbecht am Kader vu Fotoconcoursen gëtt envisagéiert.

MbG, --Christian Ries (Diskussioun) 16:48, 4. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Merci, do kënnegt sech jo eng konstruktiv Zesummenaarbecht un.--Sultan Edijingo (Diskussioun) 20:32, 4. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
Fäin! --Jwh (Diskussioun) 22:48, 4. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
E Merci och vu menger Säit! --Otets 17:28, 5. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Introducting Beta Features[Quelltext änneren]

(Apologies for writing in English. Please translate if necessary)

We would like to let you know about Beta Features, a new program from the Wikimedia Foundation that lets you try out new features before they are released for everyone.

Think of it as a digital laboratory where community members can preview upcoming software and give feedback to help improve them. This special preference page lets designers and engineers experiment with new features on a broad scale, but in a way that's not disruptive.

Beta Features is now ready for testing on MediaWiki.org. It will also be released on Wikimedia Commons and MetaWiki this Thursday, 7 November. Based on test results, the plan is to release it on all wikis worldwide on 21 November, 2013.

Here are the first features you can test this week:

Would you like to try out Beta Features now? After you log in on MediaWiki.org, a small 'Beta' link will appear next to your 'Preferences'. Click on it to see features you can test, check the ones you want, then click 'Save'. Learn more on the Beta Features page.

After you've tested Beta Features, please let the developers know what you think on this discussion page -- or report any bugs here on Bugzilla. You're also welcome to join this IRC office hours chat on Friday, 8 November at 18:30 UTC.

Beta Features was developed by the Wikimedia Foundation's Design, Multimedia and VisualEditor teams. Along with other developers, they will be adding new features to this experimental program every few weeks. They are very grateful to all the community members who helped create this project — and look forward to many more productive collaborations in the future.

Enjoy, and don't forget to let developers know what you think! Keegan (WMF) (talk) 20:16, 5. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Distributed via Global message delivery (wrong page? Correct it here), 20:16, 5. Nov. 2013 (UTC)

WLM Belsch a Lëtzebuerg 2013: D'Gewënner sti fest[Quelltext änneren]

Gëschter Owend goufen d'Gewënner vum Fotsconcours Wiki Loves Monuments 2013 fir d'Belsch a Lëtzebuerg bekanntgemaach.

Gewënner ass dëst Bild vum Canal du Centre mam Schëffslift Nr. 3:



Déi aner 9 kënnen hei gekuckt ginn. Déi 10 ginn dann an déi lescht Ronn vum weltwäite Concours.

Et war dës Kéier leider kee Bild aus Lëtzebuerg dobäi (inoffiziell krut ech gesot, eent hätt et awer op déi 12. Plaz gepackt - net schlecht bei iwwer 3.400!).

Zur Erënnerung: Oflaf a Bilan vum Concours kann hei nogelies ginn.

--Zinneke (Diskussioun) 13:59, 6. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

E schéint Bild ouni Zweiwel, awer ech froe mech no wat fir enge Kritären e Bild de Concours ka gewanne wou den Haaptsujet nëmme kleng am Hannergrond ze gesinn ass. Ech sinn ëmmer méi der Meenung datt dee Concours nei ausgeriicht sollt ginn wann en net säin Zweck soll verfehlen.--MMFE (Diskussioun) 17:48, 6. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Fir d'Membere vum WLM-Jury si manifestement d'Kompositioun an d'Atmosphär (béid ganz gutt op dësem Bild), also virun allem estheetesch Aspekter besonnesch wichteg. Manner weien offensiichtlech déi reng technesch Qualitéite vun de Biller, wéi z.B. d'Schäerft (den Haaptsujet op dësem Bild ass onschaarf bei 100%), Tilt, Korrektur vun der Perspektiv, chromatesch Aberratioun a Rauschen (cf. déi aner priméiert Biller). Dat kann ee parfaitement esou vertrieden. D'Bewàertung vu Biller bleift e subjektiven Exercice, an et ass normal datt d'Meenungen ausernee ginn. --Cayambe (Diskussioun) 15:12, 7. Nov. 2013 (UTC)--Cayambe (Diskussioun) 15:12, 7. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech kann dem Cayambe nëmme Recht ginn. Wann ech de Gued dervu kucken da kann ech nëmme feststellen datt dat zwat liicht aus dem Niveau ass, mä datt de Sujet dee soll duergestallt ginn, schaarf ass, an och soss keng Photoshop-manipulatioune gemaach goufen. Wéi et schéngt kënnt et bei deem Concours net sou op d'Qualitéit vum Bild un, mä wéi gutt ee mat engem Fotosprogramm eens gëtt. Realistesch Biller schéngen do keng Chance ze hunn. --80.200.211.183 10:57, 25. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Mer kéinte jo eisen eegene Concours organiséieren. Dat giff da vläit och méi Participatiounen zu Lëtzebuerg bréngen. --Otets 11:09, 25. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Call for comments on draft trademark policy[Quelltext änneren]

Systemmessage: Geschirkëscht <-> Geschir (tools)[Quelltext änneren]

Hei eng Kopie vun enger Diskussioun op menger Diskussiounssäit déi dozou denge soll méi Benotzer vun der lb-wikipedia ze erklären wéi dat mat der lëtzebuergescher Versioun vun der Software funktionéiert. mat beschte Gréiss --Robby (Diskussioun) 18:02, 23. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Just eng kleng Fro, firwat heescht d'Geschirkëscht net méi esou wéi fréier? An der Rei, Geschir ass eng méi genee Iwwersetzung vun Tools, mee vu datt een dat Déngens opklappe muss wéi eng Geschirkëscht fir un d'Geschir ze kommen huet dat awer relativ gutt gepasst, an et konnt een et och net verwiessele mat engem Service (dt Geschirr). Wisou eis Iwwersetzung, egal op elo Geschirkëscht oder Geschir, awer dann elo trotzdeem nach en englescht Wuert "Tools" derbäi muss hunn, dat verstinn ech awer guer net méi. --Otets 14:10, 20. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Dat ass relativ einfach ze erklären: Den 20. Oktober 2013 gouf op Translawiki.net (do wou d'Iwwersetzunge vun der Mediawiki Software) gemaach ginn an der englescher Originalversioun vun där Software d'Ännerung vum Message MediaWiki:Toolbox/qqq vun 'toolbox' op 'tools' geännert an doropshin huet de Benotzer 'FuzzyBot' vun Translatewiki.net all Sproochversioune vun deem Message esou markéiert datt een do gesi konnt datt dee Message vun der Software geännert gouf. doropshinn hunn ech dann de Message op lëtzebuergesch vu 'Geschirkëscht' op 'Geschir' geännert well ech mir dobäi awer net sécher war hunn ech (wéi bäi méi kriddelegen Iwwersetzungen méi dacks) den englesche Begrëff a Klameren hannendru gesat. Esou vill zur Erklärung.
Ech wollt awer och nach dorophiweisen datt ech kee Monopol op d'Iwwersetzungen vun der Software hunn a frou wier wa méi Leit sech un där Iwwersetzung bedeelege géifen. Ech schloen och vir do (zum Beispill op der Diskussiounssäit vum Portal fir déi lëtzebuergesch Iwwersetzungen oder op der Diskussiounssäit vum jeweilege Message also hei zum Beispill op der Diskussiounssäit vum MediaWiki Message Toolbox esou froen ze diskutéieren. --Robby (Diskussioun) 17:58, 23. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
P.S. Well dëst vun allgemengem Interessi si kéint kopéieren ech dës Diskussioun emol op Wikipedia:De Staminee.

Ech weess datt ech mech deels aus Bequemlechkeet an deels well ech net méi weess wou mäi Passwuert ass an der ganzer leschter Zäit aus den Iwwersetzungen erausgehalen hunn, mea culpa. Dovun ofgesi wier ech perséinlech (wéi och hei driwwer zitéiert) fir e reng lëtzebuergesche Begrëff ouni englesch Iwwersetzung hannendrun, an an deem Fall - well "Geschir" net eendeiteg am Sënn ass - fir en Zréck op "Geschirkëscht", egal wat d'Englänner sech bei hirer Ännerung geduet hunn (bei deenen ass "tools" jo endeiteg an di hu kee Problem domat). --Otets 10:35, 25. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Ech hunn an der Tëschenzäit hunn ech de Begrëff 'tools' nees op 'Geschirkëscht' zréckgesat an et steet elo och nees esou bei eis an der lénker Menüläischt.Robby (Diskussioun) 11:00, 8. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
Villmools Merci, Robby! --Otets 10:25, 9. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Zäitgeschicht: 1950-haut geschwë kee schwaarzt online-Lach méi[Quelltext änneren]

D'Nationalbiblithéik léisst wëssen, datt se sämtlech Nummere vum Lëtzebuerger Land digitaliséiert hätt an dës op eluxemburgenisa.lu zougänglech wéilt maachen. Am Ament sichen se den Accord vun all eenzelen Auteur, deen do publizéiert huet, well ouni Zoustëmmung keng Publikatioun... Wann déi Fläissaarbecht bis gemaach ass (hoffentlech geschwënn) wäert et endlech méiglech sinn, Artikelen iwwer d'2. Halschent vum 20. Jh. zu Lëtzebuerg am Internet ze fannen. Merci Land a BNL! --Zinneke (Diskussioun) 23:29, 23. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Eng gutt Saach! --Jwh (Diskussioun) 00:39, 25. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Fannen dat och super, wann et bis Realitéit ass! --Otets 10:36, 25. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Zanter dem 20. Dezember 2013 ass dat elo Realitéit an d'Lëtzebuerger Land Nummere vun 1954 bis 2007 sinn elo online disponibel. Méi Detailer doriwwer fannt Dir am [Communiqué um Site vun der Nationalbibliothéik. --Robby (Diskussioun) 09:39, 22. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

"Fotogewenst"[Quelltext änneren]

Moien, ech versti keen Hollännesch, mä wier et drann dës Schabloun nl:Sjabloon:Fotogewenst ze beaarbechten a bei eis ze benotzen?

Wa mir esou eppes bei Persounenartikele setzen, hätte mir vläit méi Chance fräi Fotoë vun den Doudegen ze kréien... --Jwh (Diskussioun) 00:37, 25. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Hir Schabloun verweist op d'Säit wikiportret.nl, do ass richteg vill derhannert, ech mengen net datt mer et fäerdegbrénge giffen dat genee esou grouss opzezéie bei eis. Bis ewell hu mer an Infoboxe wou eng Foto feelt ëmmer manuell drageschriwwe "Plakat feelt nach" etc., wat net souvills manner kammoud wéi eng Schabloun ass, a leider ni groussen Erfolleg hat. Wat een awer sécher positiv ka gesinn, dat wier am Fall wou et net schonn eng Infobox gëtt, eng Schabloun ze maache fir Artikelen iwwer Persounen déi a Kameraräichwäit vun eise Wikipedianer respektiv eise Lieser sinn (also net d'Angelina Jolie, mee z.B. den Änder Jung), mat engen Opruff den Artikel ëm eng eege Foto vun deer Persoun ze kompletéieren. Den Thierry Origer wäert sech dann zwar freeë wa seng Schüler Handyfotoen eraschécken, mee dat ass dann en anere Problem ;) --Otets 10:52, 25. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Och, ech hätt näischt dergéint, eng Foto vum Angelina kënnen zu maachen, a giff se och bestëmmt dann eroplueden. Spaass op d'Säit: Ech fannen dat eng gutt Iddi, esou eng Këscht/Schabloun an Artikelen ze setzen, wou een hoffe kann, datt sech Leit ugesprach fillen, eng Foto eropzelueden (déi meescht wësse jo net, datt och si kënnen hei matmaachen). Ass do ee Basteler, deen emol en Entworf ka maachen? Fir alledéngs esou eng Campagne wéi d'Hollänner gemaach hunn, feelt et u Personal. --Zinneke (Diskussioun) 15:30, 25. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
PS: Den hollänneschen Text seet: "Hei feelt eng Foto (wuerwiertlech: Foto gewënscht). Hutt Dir eng selwer gemaache Foto, déi Der hei wëllt zur Verfügung stellen? Klickt hei fir s'eropzelueden."
Ech hunn elo mol esou eng Schabloun gemaach: {{FotoGewënscht}}. Momentan sinn 2 Varianten dran, eng Kéier als Leescht uewen am Artikel (esou wéi eis "Skizz"-Schabloun) an eng Kéier als Këscht riets (genee wéi bei den Hollänner). Wat mengt d'Gemeinschaft, wat besser ass/ausgesäit? Ech hunn emol op eis Eropluede-Säit verlinkt, mee et kann een awer och Commons huele wann dat éischt Amateuren net iwwerfuerdert mat der Klick-Orgie déi een do erwoart. --Otets 16:25, 25. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Schëtzeg! Dat ass dach immens, Merci!
Mir gefalen déi zwou, mä vläit ass déi Këscht riets besser, da stéiert se net wa scho Schablounen mat SKizz oder esou eppes dran ass. Soss och eventuel se trennen, da kann ee vu Fall zu Fall wielen. --Jwh (Diskussioun) 17:01, 25. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech hunn de Fotoapparat an déi Këscht fir riets uewe bäigesat. Eng zweet iwwer déi ganz Länkt mécht mMn net vill Sënn; kënnt d'Foto dach dohi stoen, wou d'eidel Këscht riets drop hiweist. Ausserdeem heescht d'Schabloun elo "{{Foto gewënscht}}" - esou wéi een et géif schreiwen. --Zinneke (Diskussioun) 15:35, 3. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
Ma Flott, Merci! --Jwh (Diskussioun) 15:58, 3. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
Ok, hunn d'Viruleedung ewechgeholl an d'Këscht mi breet gemach fir e besseren Zeilenëmbroch. Gutt Saach! --Otets 17:40, 3. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]


Englesch WP haut[Quelltext änneren]

Moien, op der Haaptsäit vun der englescher WP ass haut, 12. Dezember, eng vu menge Fotoen als Bild vum Dag - Today's featured picture - ze gesinn. --Cayambe (Diskussioun) 10:23, 12. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Flott, Féliciatatioun! Nach wie vor eng immens expressiv Foto. --Zinneke (Diskussioun) 14:02, 12. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
Super Claude! --Sultan Edijingo (Diskussioun) 15:14, 12. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
Gratuléieren! --Otets 16:02, 12. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Merci un iech all. --Cayambe (Diskussioun) 09:35, 13. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

gouvernement.lu[Quelltext änneren]

Moien, all déi schéi Referenzen am Staatlech Pressehëllef ergi lo error 403!

Ech denken dat ass och esou an den aneren Artikelen, d'Aarbecht op dausende vun Säiten ass deemno lo fir d'Kaatz. Majo Merci dann... --Jwh (Diskussioun) 08:40, 13. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, du hues leider Recht. Et kann een d'Rapporte nach ëmmer fannen, awer ënnert engem anere Link. Ech froe mech ob een déi staatlech Aktivitéitsrapporten net kënnt an d'Wiki eroplueden, dann hätte mer en zouverlässege Link drop.--MMFE (Diskussioun) 09:20, 13. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
Dat wier eng Saach, déi aner ass awer mol no all deem ze wullen a bei all Click e FORBIDDEN an d'Gesiicht ze kréien - Knuppefreed!
Merci e-lëtzebuerg! --Jwh (Diskussioun) 23:07, 13. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Och den CNA[Quelltext änneren]

Och beim CNA hunn se gemengt, warscheinlech fir vill Suen, e Web-Designer unzestellen, fir datt hire Site "soll besser ausgesinn", an dobäi déi ganz al Struktur op d'Kopp geheit, sou dass hei all Linken zu Filmer op hirem Site an d'Näischt féieren. --Zinneke (Diskussioun) 18:28, 17. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Déi hunn nach net erausfonnt datt sériéis Webmeeschteren et fäerdegbrénge fir Redirecte vum ale Link op den neien unzeleeën. Se kaschte warscheinlech vill Sue kaschten, awer se kënnen näischt, oder et ass hinne schäissegal. Sollte mer net emol beim CNA reklaméieren. Well déi un der Spëtz déi kréien dat eréischt mat wann et laang ze spéit ass. --Les Meloures (Diskussioun) 18:38, 17. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
Eng Schaan! Idem commune.lu - do war virdrun op den eegenene Säite vun de Gemenge munch Interessantes ënner "Geschicht", lo heescht et "Kultur" - Veiner Märtchen.
Gutt Iddi fir ze intervenéieren, ma da vu Leit déi méi diplomatesch si wéi ech --Jwh (Diskussioun) 20:50, 17. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Nationaldichter - eng Fro[Quelltext änneren]

Moien, wéivill hu mir der eigentlech hei zu Lëtzebuerg? Eng Sich ergëtt:

Michel Lentz: "deen als Nationaldichter bezeechent gëtt"
Dicks-Lentz-Monument (woufier déi sech nach haut am Graf dréien): "ee Monument fir déi zwéin Nationaldichter"
André Duchscher: "Fabrécksgrënner a Lëtzebuerger Nationaldichter"
an och "eis dräi Nationaldichter wéi Dicks, Lentz a Rodange ginn." (firwat "wéi", dat sinn der dräi)

Gëtt dat Wuert iwwerhaapt nach benotzt? Soss misst et jo eigentlech och bei Manderscheids, Brauns oder Rewenigs opdauchen, oder ass d'Betounung méi op National wéi op Dichter?

Also just eng Fro fir mat an de Weekend ze huelen --Jwh (Diskussioun) 23:27, 13. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, eng Äntwert nom Weekend: Déi Bezeechnung war besonnesch an der Belle époque, a vläit nach e bëssen dono, aktuell, wou ee mat deem Bësse, wat een hat, weise wollt, datt een als Natioun gläichberechtegt mat deenen aneren do stoung, an esou eben, wéi d'Noperen och, en "National-xxx" (hei: "Dichter") hat. Héichpunkt war wuel d'Opriichte vum Dicks-Lentz-Monument op der Plëss. Et gëtt awer keng Definitioun, wat dat ass, an den Terme kléngt haut verstëpst, wann net esouguer liicht lächerlech. Et misst een en dofir an den Artikelen op d'mannst tëscht Gänseféissercher stellen, woubäi een idealerweis misst kënnen erausfannen, wéini a wou en esou genannt gouf. Oder awer déi Passagen ëmschreiwen, à la "deen uganks vum 20. Jh alt zu den "Nationaldichtere" gezielt gouf", oder änlech. Zéck deemno net, dat riicht béien ze goen.
--Zinneke (Diskussioun) 11:30, 16. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
Merci, esou gesinn ech dat dann och --Jwh (Diskussioun) 00:01, 17. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Mojen, wann een am bibnet no Nationaldichter sicht, fënnt een 18 Referenzen, déi meescht dovun aus de leschten 20 Joer [1]. Hei nach eng Säit op myschool ënnert dem Titel "Eis Nationaldichter", wou am Text präziséiert gëtt, datt domatter eis klassesch Auteure gemengt sinn: [2]. Vläischt sollt een beim Cnl nofroen, wéi si mat deem Begrëff ëmginn an eventuell en Artikel doriwwer uleeën? --Christian Ries (Diskussioun) 07:47, 17. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Op Nofro beim Cnl krut ech matgedeelt: "De Begrëff ass dee vun der Belle Epoque a bezitt sech op déi Dichter am 19. Jorhonnert, déi fir d'Entwécklung vun der Literatur a lëtzebuerger Sprooch als zentral ugesi ginn. De Begrëff gëtt vu Welter bis Hoffmann benotzt." --Christian Ries (Diskussioun) 15:55, 17. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
Merci Christian. Dat confirméiert, wat ech uewendriwer schrouf. --Zinneke (Diskussioun) 18:30, 17. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
O Gott, dat sinn der da méi wéi eis dräi déi der 4 goufen. An och nach de Welter. An den Hoffmann, ass dat de Poldi oder de Fernand? Da sprange se awer e bëssen iwwer d'Belle Époque eweg oder sinn ech am falsche Film? Dat jäitzt jo no enger Kategorie. An dann awer och gläich eng fir zäitgenössesch Literatur, do denken ech un den André Kemmer. --Jwh (Diskussioun) 20:44, 17. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Glückwunsch zum 40.000. Artikel! --Holder (Diskussioun) 06:06, 29. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Merci, schéin datt mer et nach dëst Joer gepackt hunn op 40.000 ze kommen. Déi läscht Wochen hunn der vill matgeschafft, dofir hinnen all e grousse Merci a besonnesch dem Benotzer:Les Meloures fir de 40.000. Artikel. Bei där Geleeënheet wëll ech och all de Wiki-Mataarbechter hei e gudde Rutsch an d'neit Joer wënschen.--MMFE (Diskussioun) 09:32, 29. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]