D'Wëll Lann vu Kënzeg ass eng Wanterlann (Tilia cordata), där hiren Alter op ronn 500 Joer geschat gëtt, woumat si ee vun deenen eelste Beem zu Lëtzebuerg ass. Si steet zu Kënzeg nieft der Maximäin-Kapell aus dem Joer 1732, net wäit vun der aler Gare vun der Atertlinn ewech.
Den Ëmfank vum Bam, op Broschthéicht gemooss, war ëm d'Joer 2000, 6,93 Meter, bei enger Gréisst vun 23 Meter. Domat ass et déi déckst Lann zu Lëtzebuerg.
Bei engem schroen Donnerwieder mat vill Wand a Knëppelsteng ass de 25. Juni 2006 deen déckste vun deenen zwéin Haaptäscht ewechgebrach, sou datt och déi aner Äscht zeréckgeschnidden hu misse ginn, an nëmme méi de Stamm an en Deel vun deem aneren Haaptaascht iwwreg blouwen... > méi
... dem belsche Kënschtler Paul Van Hoeydonck säi Fallen Astronaut dat eenzegt Konschtwierk ass, dat bis ewell um Äerdmound installéiert gouf?
... den 18. Mee1975 ronn 12.000 jonk Leit zu Lëtzebuerg op ee Coup groussjäreg goufen, well den Alter dofir per Gesetz vun 21 op 18 Joer erofgesat gouf?