Melusina ass den Numm vun enger weiblecher Seeërchersfigur, déi hallef Mënsch, hallef Fësch ass. Verbreet sinn d'Soe vun der Melusina (och: Mélusine, Melusine) a Frankräich, an Däitschland an och zu Lëtzebuerg, wou s'allkéiers dem lokale Kolorit ugepasst goufen.
D'Melusina gëtt no eeleren Usiichten mat der Artemis oder der Melissa a Verbindung bruecht, vläicht och mat der syrescher Gëttin Derketo, déi de Grof Guy de Lusignan1102 op sengem Besëtz op Zypern kenne geléiert kéint hunn.
Déi eelst Melusine-So ass aus Frankräich bekannt. Tëscht 1392-1394 huet de Jean d'ArrasMélusine ou La Noble Histoire de Lusignan geschriwwen, wouran och de Roman de Melusine virkënnt, déi op nach méi aler mëndlecher Iwwerliwwerung berout... > méi
...Rio de Janeiro iertemlech no engem "Januar-Floss" genannt gouf, deen et awer net gëtt?
... d'Zuel vun de Supermarchéën zu Lëtzebuerg tëscht 1996 an 2016 vun 42 op 106 eropgaangen ass?
... D'Ro'd Wullmaus eng lëtzebuergesch Schülerzeitung aus de Joren 1969-1973 war, déi wéinst hiren antiautoritären Texter a Karikaturen och alt de Prozess gemaach krut?
... d'Bisamrat keng Rat ass, mä villméi zu de Wullmais (Arvicolinae) gehéiert, vun deene se de gréisste Vertrieder ass?
… am Karni-Mata-Tempel zu Deshnok an Indien eng 20.000 Rate liewen, déi als helleg gëllen an deenen do Friesse geaffert gëtt? Archiv
1950: De franséischen Ausseminister Robert Schuman hält eng Ried, an där en déi europäesch Länner dozou oprifft, hir Kuelen- a Stolproduktioun zesummenzeleeën, fir sou zukënfteg Kricher onméigleg ze maachen. Domat leet hien de Grondstee vun der CECA, aus där spéider d'EU ervirgeet. Dowéinst gouf den 9. Mee zum Europadag proklaméiert.