Éiter

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Éiter
Éiter
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Oetrange
de: Ötringen / Oetringen
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Conter
Buergermeeschter Marion Zovilé-Braquet (CSV)
Awunner 890
  1. Januar 2023
Héicht 261 m
Koordinaten 49° 36’ 04’’ N
      06° 15’ 34’’ O


Éiter ass, mat knapp 900 Awunner(Stand 2023), eng mëttelgrouss Uertschaft an der Regioun Guttland am Kanton Lëtzebuerg an der Conter Gemeng. Am Duerfkär steet d'Parkierch vun der Par Éiter-Schraasseg, an am Nordoste vum Duerf ass d'Éiter Gare mat Stellwierk.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Éiter läit am Sirdall, tëscht den Uertschafte Schraasseg am Norden a Mutfert am Süden. Weider Nopeschdierfer sinn der Auer no, Kanech, Greiweldeng, Bus, Ierseng, a Sandweiler.

D'N2, d'Haaptverbindungsstrooss tëscht Réimech an der Stad féiert 2 Kilometer südlech laanscht d'Duerf. Trotzdeem geet ee groussen Deel vum däitsche Grenzverkéier iwwer d'Busser Strooss duerch Éiter, fir an d'Stad schaffen ze fueren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Siidlungsspueren an den Hielen an ënner de Fielsen, op béide Säite vum Ufer vun der Kackeschbaach, net wäit vun der Éitermillen, deiten op eng prehistoresch Siidlung an der Géigend vun Éiter hin. Den Nic Thill, en Hobby-Archeolog a fréiere Schoulmeeschter vun Éiter, huet an den 1930er Joren do bedeitend Entdeckunge gemaach. Hien huet, als éischt am Steebroch beim Kackerter Haff a méi spéit och um Huelen Äer (en Hank südwestlech vun der Heed), prehistoresch Déiereschanken an Handwierksgeschier fonnt. Dat mécht Éiter zu enger vun den eelste Siidlungen zu Lëtzebuerg.

Réimesch Spueren[änneren | Quelltext änneren]

Éiter vum Kuelebierg aus, Oktober 2006
Loftbild vun Éiter 1991

Am Wénkellach si réimesch Griewer entdeckt ginn, an Iwwerreschter vun enger réimescher Villa mat Waasserleitung goufen am Wëllemslach fonnt. Déi wichtegst réimesch Siidlung stoung um Hacca, an der Géigend vum haitegen Hakenhaff. Do stoung eng grouss réimesch Villa um Kiem, eng wichteg Militär- an Handelsstrooss, déi Metz mat Tréier verbonnen huet an duerch Éiter gelaf ass. Ee klenge Wee, ee sougenannten Diverticulum, deen d'Stroosse vu Reims op Tréier an déi vu Metz op Tréier matenee verbonnen huet, huet um Hacca op d'Haaptstrooss geleet. D'Villa um Hacca war warscheinlech ee Posten, wou d'Passante vum Diverticulum kontrolléiert gi sinn.

Fränkesch Spueren[änneren | Quelltext änneren]

Den däitschen Numm, Ötringen (Oetringen), deit op ee fränkeschen Ursprong hin. Uertsnimm mat der Endung "-ingen", ginn an der Reegel op déi vir-karolengesch Siidlungsperiod zeréck. Warscheinlech hu sech, scho virum Enn vun der Vëlkerwanderung, fränkesch an alemannesch Famillen zu Éiter néiergelooss. Ee Beweis, fir déi Besiidlung, si fränkesch Griewer, déi beim Bau vun der Strooss, tëscht Éiter a Kanech, géint Enn vum nonzéngte Joerhonnert, fräigeluecht goufen. D'Franken an d'Alemannen, déi zur Spéit-Antiquitéit agewandert sinn, hunn déi réimesch Villaen zerstéiert, éier si sech an der Géigend néiergelooss hunn. D'Réimer, sinn zu hirer Zäit, deene suppegen Ecker laanscht d'Sir, ëmmer aus de Féiss gaangen, an hu léiwer op de Koppen iwwer dem Dall gebaut, déi nei Eruewerer, am Géigesaz, sinn awer lues a lues an den Dall geplënnert, fir do hir Siidlungen ze bauen. D'Duerf, a senger haiteger Form, ass deemno eréischt an der Frankenzäit entstanen. Zu där Zäit ass och ugefaange ginn, d'Sir riicht ze zéien.

Geschichtlech Dokumenter[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt noweislech Schrëftstécker, an deenen Éiter ernimmt gëtt, féieren op d'Joer 1128 zeréck. 938 haten d'Mënschen aus der Diözees Tréier ënner enger schwéierer Dréchent ze leiden. Déi betraffen Awunner hate vun do u geschwuer, all Joer op Tréier ze pilgeren, sollt hiert Gebiet no Reen erhéiert ginn. Well de Reen dunn agetraff war, huet den deemolegen Tréierer Äerzbëschof, Egbert vun Tréier an engem Schreiwes déi sougenannt Bannpressessioun op Tréier ugeuerdent, déi all Joer um Mëttwoch vun der drëtter Woch no Ouschtere si sollt. Méi spéit hunn déi Uertschaften, déi méi wäit ewech waren, erlaabt kritt an d'Abtei a Clausen ze pilgeren. Den Abt Folmar hat d'Erlabnes, fir d'Verleeë vun der Wallfaart vum Tréierer Bëschof Bruno krut. An engem Schreiwes vun 1128 huet de Folmar sech dee Privileeg, vum Poopst Honorius II., bestätege gelooss. 26 Pare si vun elo un a Clausen gepilgert, eng vun deene benannte Pare war Otheriga, also Éiter.

Entstoe vum Duerf[änneren | Quelltext änneren]

No der Vëlkerwanderung hu sech verschidden Eruewerer am Sirdall néiergelooss. Dat Duerf dat an där Period entstanen ass, war am Ufank sou kleng, datt et den Titel "Duerf" eigentlech kaum verdéngt hat. Meeschtens waren déi haiteg Dierfer deemools nëmmen aus e puer, oder souguer nëmmen aus engem eenzegen Haff, zesummegesat. Och Éiter war warscheinlech am sechste Joerhonnert, nëmmen zwéi bis dräi Häff grouss, mat ronn 20 Awunner. Zu Éiter ass d'Bevëlkerung bis zum Schluss vum éischte Joerdausend staark geklommen. D'Zuel vun den Häff war an der Tëschenzäit an d'Luucht gaangen, an Éiter war e richtegt Duerf ginn. Wéi vill Bauerenhäff genee zu där Zäit do waren, ass net genee gewosst. Aus dem fréie Mëttelalter, sinn nach keng Dokumenter iwwer Éiter opgedaucht.

Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Eng Kierch hat Éiter scho ganz fréi, mat Sécherheet am Joer 938 a warscheinlech schonn am siwenten oder aachte Joerhonnert no Christus.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Éiter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  • W. Abel, Geschichte der deutschen Landwirtschaft, Stuttgart 1978
  • Administration communale de Contern
  • O. Barst, Alltagsleben im Mittelalter, Frankfurt 1983
  • F. Lutge, Geschichte der deutschen Agrarverfassung vom Mittelalter bis zum 19. Jahrhundert, Stuttgart 1963
  • R. Schiel, 10 Joer Éiter Dëschtennis, Ötringen 1984
  • E. (R.D.C.)Theisen, Schuttringen und die Geschichte des oberen Syrtals, Luxemburg 1954
  • J. Wilhelm, La Seigneurie de Munster, Luxemburg 1904