(1866) Sisyphus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| (1866) Sisyphus | |
|---|---|
| Orbittyp | Apollo-Typ |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 1,8940 A.E. |
| Perihel – Aphel | 0,8738 – 2,9142 AE |
| Exzentrizitéit | 0,5387 |
| Inklinatioun | 41,174 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 952,05 Deeg |
| Mëttel Bunnvitesse | 21,64 km/s |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Duerchmiesser | 8,5 km |
| Mass | ? kg |
| Albedo | 0,15 |
| Mëttel Dicht | ? g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | 2,4 Stonne |
| Absolut Hellegkeet | 12 |
| Spektralklass | S-Typ |
| Entdecker Paul Wild | |
| Entdeckungsjoer | 5. Dezember 1972 |
| Aner Bezeechnungen | 1972 XA |
Den (1866) Sisyphus ass en äerdnoen Asteroid (Planetoid) vum Apollo-Typ.
Den Asteroid gouf de 5. Dezember 1972 vum Paul Wild entdeckt an ass no der Sisyphos, enger bekannter Figur vun der griichescher Mythologie, genannt.
De Sisyphus beweegt sech tëschent 0,8738 AE (Perihel) an 2,9142 AE (Aphel) a ronn 2,6 Joer ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,5387, d'Bunn ass mat 41,174° ongewéinlech staark géint d'Ekliptik gebéit.
De Sisyphus ass en Asteroid vum S-Typ mat enger Albedo vun ongeféier 0,15. En dréint sech an nëmmen 2,4 Stonnen ëm déi eegen Achs, an huet also eng aussergewéinlech séier Rotatioun. Mat engem Duerchmiesser vun iwwer 8 km ass de Sisyphus dee gréisste bekannten Apollo-Asteroid.