Davis Cup

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Logo

Den Davis Cup ass dee wichtegsten Tournoi fir Nationalequippen am Hären-Tennis. Den Tournoi ass 1899 an der Harvard Universitéit an Amerika entstanenen. De Pokal gouf deemools vum Dwight Filley Davis gestallt. Den Davis Cup gëtt all Joer tëscht méi wéi honnert Natiounen, a verschiddene Gruppen a Ronnen, ausgedroen. D' International Tennis Federatioun (I.T.F.) ass fir den Davis Cup zoustänneg. All Ronn tëscht zwou Equippe gëtt a véier Eenzelen an an engem Dubbel an dräi Deeg gespillt. Een ähnlechen Tournoi gëtt et och bei de Fraen, ënner dem Numm Fed Cup souwéi am Mixed (Dubbel mat enger Spillerin an engem Spiller pro Equipe) ënner dem Numm Hopman Cup

Spillklassen am Davis Cup[änneren | Quelltext änneren]

Am Davis Cup gëtt et am Ganze 5 Spillklassen; déi héchst Klass ass de Weltgrupp, an deem déi 16 bescht Natiounen vun der Welt spillen. Duerno kommen d'Europa/Afrika-Zon 1, d'Amerika-Zon 1 an d'Asien/Ozeanien-Zon 1. Nom selwechte Prinzip geet dat weider bis an déi 4. Divisioun vum jeeweilege Kontinent/vun der jeeweileger Regioun. Lëtzebuerg spillt zanter 2004 an der Europa/Afrika-Zon 1, also an der zweethéchster Klass, a konnt an deene leschten 2 Joer mat deelweis beandrockende Leeschtungen den Ofstieg verhënneren.

D'Finalisten[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Davis Cup – Biller, Videoen oder Audiodateien