Europäesch Organisatioun fir d'Sécherheet vun der Aviatioun

Vu Wikipedia
Europäesch Organisatioun fir d'Sécherheet vun der Aviatioun
Englesch Bezeechnung: European Organisation for the Safety of Air Navigation
Sëtz: Bréissel
Generaldirekter: Eamonn Brennan[1]
Memberstaaten: 41
Grënnung: 1960
Den Haaptsëtz zu Bréissel

D'Europäesch Organisatioun fir d'Sécherheet vun der Aviatioun (op Englesch European Organisation for the Safety of Air Navigation kuerz Eurocontrol), ass eng international Organisatioun fir d'zentral Koordinatioun vun der Loftverkéierskontroll an Europa. Den Haaptsëtz vun dëser Ariichtung fir d'Fluchsécherheet ass zu Bréissel.

Ziler[änneren | Quelltext änneren]

Iewescht Zil vun Eurocontrol ass et, en europäesche Fluchverkéiersmanagement-System oprecht z'erhalen, deen net nëmmen en héije Sécherheetsniveau garantéiere soll, ma och bei engem Fluchverkéier deen ëmmer méi grouss gëtt, dozou bäidroe soll, Käschten ze spueren an d'Ëmwelt ze schounen.

Am System abegraff sinn dës pan-europäesch Funktiounen:

  • Directorate Network Management: Europawäit Routennetzwierk mam Zil, den europäesche Loftraum optimal auszenotzen a Behënnerungen am Loftverkéier ze vermeiden,
  • European AIS Database (EAD): Europäesch Datebank fir zentraliséiert, qualitéitsgeséchert Fluchinformatiounen, déi déi net harmoniséiert Methode vun der Aviatiounsdatenerfaassung a -liwwerung vun eenzele Staaten ersetze sollen,
  • Central Route Charges Office (CRCO): Europäesch Strecken- an Ufluchkäschten,
  • EUROCONTROL Experimental Centre (EEC): Fuerschung a Simulatioune fir d'Steigerung vun der Loftsécherungkapazitéit an Europa,
  • Central European Air Traffic Services (CEATS)
  • Institute of Air Navigation Services (IANS): Virubildung an E-Learning. Dësen Institut huet säi Sëtz um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg
  • Eurocontrol Safety Regulatory Requirement (ESARR): Sécherheetsufuerderungen am Beräich Aviatiounsmanagement.

Fir déi weider Steigerung vun der Effektivitéit am Fluchverkéiersmanagement huet Eurocontrol zesumme mat der Europäescher Kommissioun e Programm an dräi Phasen, de Single European Sky ATM Researchprogramm (SESAR) ugefaangen.

Maastricht UAC[änneren | Quelltext änneren]

Eurocontrol bedreift beim Maastrichter Fluchhafen de Maastricht Upper Area Control Centre, en internationale Loftraumkontrollzentrum, deen den ieweschte Loftraum vun de Benelux-Länner souwéi vun Nordwestdäitschland kontrolléiert.

Memberen no Antrëttsdatum[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Eamonn Brennan takes office as Director General of EUROCONTROL. www.eurocontrol.int. Gekuckt de(n) 2021-04-18.