Jean-François Eydt

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Jean-Georges-François Eydt)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Jean-François Eydt

De Jean-François Eydt[1], gebuer den 20. November 1809 op der Polvermillen a gestuerwen de 5. Juni 1884 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Architekt.

Hie war vun 1834 bis 1869 Architekt vun der Stad Lëtzebuerg. Duerno huet hien en eegenen Architektebureau opgemaach.

Inhaltsverzeechnes

Säi Liewen [änneren]

De Jean-François Eydt staamt aus der Famill vu Mëlleren op der fréierer Millen um Sichenhaff (moulin Neumühle, moulin d'Eydt). Säi Papp huet ëm 1800 d'Millen op der Polfermille kaaft, wou de Jean-François Eydt den 20. November 1809 gebuer gouf.[2]

No der Première am Stater Kolléisch (1827) huet de Jean-François Eydt Architektur op der Bauakademie zu Dresden (1828-1833) an zu Paräis (1833-1834) studéiert.[2] Den 10. November 1834 krut hie seng Nominatioun als Architekt vun der Stad Lëtzebuerg (dat mat engem Ufanksgehalt vu 500 Frang, 1300 Frang am Joer 1861).

1869 huet hie bei der Stad demissionéiert fir säin eegenen Architektebureau ze grënnen. Bei der Gemengeverwaltung huet e sech beklot, datt hien net déi néideg Bureauen a genuch Personal krut hätt, fir déi vill Aarbecht ze leeschten, dat virun allem nodeems 1867 d'Stad 'opgaange' war. Säin Nofolger am Service vum Architekt bei der Stad gouf den Antoine Luja.

1837 gouf de J.-F. Eydt an d'Fräimaurerloge Enfants de la concorde fortifiée zu Lëtzebuerg opgeholl.[2]

De Jean-François Eydt huet an enger Villa mat Bléck op de Péitrussdall gewunnt, déi no senge Pläng gebaut gouf. Hien ass do de 5. Juni 1884 gestuerwen. D'Haus gouf spéider als Villa Baldauff bekannt.[2]

De Jean-François Eydt ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen, zesummen am Familljegraf mat sengem Eedem, dem Pierre Funck, a sengem Enkel, dem Paul Funck (béid och Architekte vu Beruff).[3]

Säi Wierk [änneren]

Als Architekt vun der Stad Lëtzebuerg [änneren]

  • 1834 huet de Jean-François Eydt d'Leedung vun de Bauaarbechten um Gemengenhaus um Knuedler iwwerholl. Déi éischt Sëtzung vum Gemengerot am neie Gebai war den 22. Oktober 1838.
  • No senge Pläng goufe gebaut:
    • déi éischt Kierch am Pafendall (1843/1844) (déi spéider ofgerappt an 1872 duerch d'Kierch vun haut ersat gouf);[4]
    • d'Stroossebeliichtung mat Gas an der Stad Lëtzebuerg (1865-1866);
    • déi éischt ënnerierdesch Waasserleitung an der Stad Lëtzebuerg, an zwar tëschent dem Pëtz vun der Neipuert an de Quelle bei der Porte d'Eich (Pläng vun 1866).

Als privaten Architekt [änneren]

No de Pläng vum J.-F. Eydt goufe realiséiert:

  • den Ëmbau vun der Kierch zu Mamer (1844);[5]
  • d'Villa an der Avenue Marie-Thérèse (Lëtzebuerg) an där hien no 1867 gewunnt huet, an déi 2011 nach besteet.[6];
  • den deemolege Konvikt vum Bistum vun 1870 bis 1874;
  • d'Biederhaus an der Biedergaass an der Stad Lëtzebuerg, zesumme mat sengem Eedem, dem Architekt Pierre Funck, vun 1873 bis 1875;[7]
  • d'Villa Vauban an der Stad Lëtzebuerg (1869, haut Konschtgalerie vun der Stad)[8]

Literatur [änneren]

  • Gilbert, P., 1986. Luxembourg. La capitale et ses architectes. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. Cote BNL LB 1061.
  • Kunnert, Jemp, 1987. Les architectes de la ville de 1817 à 1987. ons stad 24, S. 6-10. PDF
  • Loutsch, J.-C., 1982. La famille Eydt de Neumühle-lez-Luxembourg. In: 125 Jor Sang a Klang Pafendall, S. 240-264. Dréckerei Print-Service, Lëtzebuerg, 280 S.
  • Philippart, R., 2007. Jean-François Eydt (1808-1884). In (S. 94): Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8
  • Yegles-Becker, I., 1998. Parcs et espaces verts: L'invention du promeneur. ons stad 58 S. 11-16. PDF

Um Spaweck [änneren]

Commons: Jean-François Eydt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. Um Register vum État-civil gouf hien (iertemlech?) als Jean-Georges agedroen, gedeeft gouf hien an der Kierch Saint-Jean am Stadgronn ënner dem Numm Jean-François. Quell: J.-C. Loutsch, 1982.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 J.-C. Loutsch 1982. An dëser Aarbecht fënnt een eng detailléiert Geschicht vun der Famill Eydt, dat vum 18. bis an d'20. Joerhonnert.
  3. R. Philippart 2007, S. 94.
  4. Cf. F.T. (=Fernad Théato): Geschicht vun der Pafendallerkierch op der Websäit vun der Pafendallerpor
  5. Websäit vum Parverband Mamerdall
  6. D'Gebai, dat spéider als Villa Baldauff bekannt gouf, steet 2011 zënter e puer Joer eidel a gehéiert der Banque privée Edmond de Rothschild.
  7. Fir de Konvikt an d'Biederhaus: Jemp Kunnert 1987, ons stad 24, 1987.
  8. I. Yegles-Becker 1998, S. 18