Kaaschtel
De Kaaschtel ass d'Bezeechnung vun engem Fielsplateau um rietsen Ufer vun der Albaach (Gander) (deemno a Loutrengen, Frankräich) tëschent Munneref an Altwis, op deem eng Kapell steet. "Kaaschtel" bezeechent fir d'Awunner op béide Säite vun der Grenz souwuel de Fielsplateau wéi och d'Kapell, déi dem Christus den Erléiser geweit ass.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Schonns d'Kelten hu viru 25 Joerhonnerten de Fielsplateau als Schutzplaz ëmgebaut andeems si op der südlecher Säit en Hiwwel opgetippt hunn, deen haut nach ze gesinn ass.
Ënnert dem Keeser Hadrian hunn d'Réimer ëm d'Joer 119 déi wichteg Handelsstrooss vu Lyon op Köln gebaut, déi duerch Metz, Duelem an Tréier gefouert huet. Si ass no bei Altwis laanscht gaangen an d'Réimer hunn op engem Fielsplateau e Castellum gebaut, deen als Refugium gedéngt huet, dohier och den Numm "Kaaschtel[1]", dee sech bis haut gehalen huet. Et gëtt ugeholl, datt och eng Kultplaz um selwechte Plateau ageriicht gouf, well um ëstlechen Hang goufe räich dekoréiert Sailendeeler fonnt.
An der Merowengerzäit stoung och e klengt Klouschter op där Plaz. D'Ermesinde huet 1237 dat Klouschter a seng Kapell der Kierch "Sainte Madelaine", dem spéideren Hellege Geescht-Klouschter an der Stad geschenkt.
D'Chronik vun der Altwiser Par seet, datt vu 1571 un eng Benediktiner-Brudderschaft sech ëm d'Kapell an ëm d'Verdeele vun den Affer vun de sëlleche Pilger këmmert. D'Plaz war deemools e wichtege Pilgeruert ginn, deen am ganzen Herzogtum Lëtzebuerg bekannt war. D'Awunner vu Fréiseng, Pëttleng[2], a Loutrengen, an Duelem ware souguer zum Pilgere gezwongen, soss gouf et eng Geldstrof.
D'offiziell Prëssessioun goung all Joer op Päischtméinde vun der Munnerefer Kierch bis op de Kaaschtel, wou eng Mass virun der Kapell gehale gouf.
Op engem Hastee an enger Dierrumm erënnert d'Joreszuel 1611 un den Duerchgang tëschent der Klaus an der Kapell. Bis 1826 hunn eng sëllech Eremiten um Kaaschtel gewunnt an hu sech ëm den Ënnerhalt bekëmmert. Si hu vun Affer gelieft.
D'Pilger hu sech iwwert d'ganzt Joer afonnt an der Hoffnung, vun hirem Kapp- oder Zännwéi geheelt ze ginn. Si hu sech dobäi geseenten eise Kränz op de Kapp gesat, déi op der Plaz ze kréie waren.
De Kaaschtel läit zënter der definitiver Festleeung vun der Grenz am Joer 1769 op franséischem Territoire.
A fréieren Zäite war d'Kapell vill méi grouss wéi haut. 1880 war den Daach vum Schëff an engem esou schlechten Zoustand, an et ware keng Fongen do fir Reparaturen sou datt den Daach einfach ofgedroe gouf. Dee "Bannenhaff" mat senger Mauer ass näischt aneschtes wéi dat fréiert Schëff vun der Kapell. Dat bis haut erhale Gebai ass de Chouer vun der fréierer Kapell.
1908 gouf am rietsen Eck vum "Bannenhaff" eng Lourdes-Grott agebaut.
Bemierkenswäertes [änneren]
- Ënnert der Sakristei, déi hannert der Kapell ugebaut ass, ass e verwëllefte Keller aus réimescher Zäit.
- Den Altor an der Kapell ass e Wierk vun de bekannte Sculpteure Greef vun Altwis aus dem Joer 1696. Et ass de fréieren Haaptaltor vun der Munnerefer Kierch.
- Um Parvis vun der Kapell stinn eng Rei Robinien (och nach falsch Akazien, Robinia pseudacacia), wouvunner déi an der Mëtt wéinst hirer Gréisst an hirem Alter bemierkenswäert ass. Den Här vu Präisch soll enger Legend no dës Akazie vun enger Pilgerfaart an d'Hellegt Land matbruecht an am Joer 1787 planze gelooss hunn. Dës Akazie wier deemno den éischten Individuum vun dëser Aart an der ganzer Ëmgéigend.
- Laanscht de Pad vu Munneref erop gouf 1913 e Kräizwee opgeriicht mat 7 Statiounen aus Keramik, déi 7 Leede vun der Jongfra. Well d'Keramiken duerch d'Wieder gelidden haten, huet de Syndicat d'initiative vu Mondorff (F) 1988 d'Statiounen duerch Take vum Kënschtler Lé Tanson ersetze gelooss.
Weeër op de Kaaschtel [änneren]
- Vun Altwis iwwert d'Victor Hugo-Bréck féiert e Feldwee laanscht de fréieren "Hôtel de Paris"[3] direkt op de Kaaschtelbierg.
- Vu Munneref féiert e Pilgerwee op de Kaaschtel: fir d'éischt op Lëtzebuerger, dann op franséischer Säit laanscht d'Gander, bis eng laang Trap am Bësch op de Kaaschtelbierg eropféiert.
Fotoalbum [änneren]
Bibliographie [änneren]
- Anonym, ouni Datum. Le "Castel" - De Kaaschtel. Dépliant rédigé par une étudiante pour le Syndicat d'initiative de Mondorf-les-Bains.
- Blouard, René,1961. Souvenances d'Austrasie, domaine carolingien : Mondorf-les-Bains. le castel d'Altwies. Le Guetteur wallon Nr. 4. 35p. Namur. (Enthält e Gedicht vum Andrée Sodenkamp: Hymne a la chapelle du castel d'Altwies)
- Didderich, Émile, 1910. Der Castelberg bei Mondorf. Sonderdruck der Obermoselzeitung. 7 S.
- Hentzen, Ernest, 1961. Der Kâschtel. In: Fahnenweihe / L.C.G.B. Altwies: pp. 32–36. Luxemburg.
- Karels, François, 1970. Der "Kâschtel" in Geschichte, Literatur und Kunst. In: Inauguration du nouveau drapeau: dimanche, 7 juin 1970 : festivités du cinquantenaire: dimanche, 14 juin 1970 / Fanfare de Mondorf-les-Bains. (Keng Säitenzuelen)
- Koltz, Jean-Pierre, 1979. Das "Castell". Heimat und Mission Jg. 53, n° 1/2: 16-20, 28. Clairefontaine.
- Mertes, Jean-Paul, 1997. Der "Kaaschtelbierg": ein Wallfahrtsort mit ungewöhnlicher Vergangenheit. Lëtzebuerger Sonndesblad Jg. 130, Nr. 45: 6 & Nr. 46: 14.
- Molitor, Jean-Pierre, 1939. Ortsgeschichte von Altwies. Gemeinde Bad Mondorf (Hrsg.). 148 S. Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg.
- Schindler, Reinhard & Karl-Heinz Koch, 1977. Vor- und frühgeschichtliche Burgwälle des Grossherzogtums Luxemburg. Trierer Grabungen und Forschungen Bd. 13,1. Mainz am Rhein.
- Wilhelm, Frank, 1985, 1986. Victor Hugo, curiste à Mondorf-Altwies. In: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur Joer 6 (1985) n° 3: 101-130 & Joer 7 (1986) n° 1: 41-78. Luxembourg.
- Zenner, Roby, 1990. Der "Kâschtel" und seine Wallfahrt. Lëtzebuerger Sonndesblad Jg. 123, Nr. 27: 34.
- Zenner, Roby, 1991. Altwies und sein "Kâschtel". Lëtzebuerger Sonndesblad Jg. 124, Nr. 51: 24.
- Zenner, Roby, 1992. Altwies und sein "Kâschtel". Lëtzebuerger Sonndesblad Jg. 125, Nr. 44: 24.
- Zenner, Roby, 1994. Altwies und sein "Kaaschtel". Lëtzebuerger Sonndesblad Jg. 127, Nr. 27: 14.
Referenzen [änneren]
- ↑ Weider Schreifweisen: Lb: de Kâschtel, de Kaaschdel, de Kaschtel, de Castell; Fr: le castel; De: das Kastell.
- ↑ Op Franséisch Puttelange-lès-Thionville. Fréier Puttelange-lès-Rodemack genannt.
- ↑ De Victor Hugo huet 1871 bal 4 Wochen an dësem Hotel gewunnt (Wilhelm 1985, 1986), eng (leider beschiedegt) Plack op der Fassad erënnert dorunner. Op der Plack steet: "Séjour / de / Victor HUGO / en 1871"
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Kaaschtel – Biller, Videoen oder Audiodateien |