Mars Reconnaissance Orbiter

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
De Mars Reconnaissance Orbiter an engem Mars-Orbit (kënschtleresch Duerstellung)
MRO an der Montagehal kuerz virum Start, agewéckelt an MLI-Folie

De Mars Reconnaissance Orbiter (MRO), ass eng NASA-Raumsond fir d'Erfuerschung vum Planéit Mars, déi den 12. August 2005 op de roude Planéit gestart gi war an den 10. Mäerz 2006 hiert Zil erreecht hat. Zanter de Viking-Sonde vun 1975 war si déi schwéierst US-amerikanesch Mars-Sond. Beim Start huet si (mat Undriff an Dreifstoff) iwwer 2 Tonne gewien. Déi ganz Missioun hat ronn 720 Milliounen US-Dollar kascht, dovu 450 Millioune fir d'Entwécklung an d'Konstruktioun vun der Sond an hiren Instrumenter, 90 Millioune fir d'Drorakéit an 180 Millioune fir d'Primärmissioun déi fënnefanhalleft Joer sollt daueren.

Wéi den MRO beim Mars ukomm war, waren zesumme mam Mars Global Surveyor, Mars Odyssey a Mars Express fir d'éischt an der Geschicht véier Orbiter am Marsorbit gläichzäiteg aktiv.

Missiounsziler[änneren | Quelltext änneren]

Dat primäert Zil vun der Sond war d'Kartographéierung vun der Marsuewerfläch. De Mars Reconnaissance Orbiter huet bis elo déi Kamera mat der héchster Opléisung an eng Marsëmlafbunn bruecht. Si huet eng verbessert horizontal Bildopléisung vun engem Meter pro Pixel, wärend fréier Fotoen nach en ettlech Meter pro Pixel haten. Wéinst der Begrenzung vun der Datequantitéit, déi op d'Äerd gesent konnt ginn, konnten nëmmen ausgewielt Deeler vum Planéit mat der héchster Opléisung erfaasst ginn.

D'Fotoe sollten och méi kleng geologesch Strukturen erkenne loossen, z. B. hydrothermal Quellen, an deenen hirer Géigend Liewen ugeholl gëtt. Si erméiglechen domat och eng geziilt Auswiel vun interessante Landeplaze fir weider Marsmissiounen, wéi fir d'Phoenix-Sond, déi de 25. Mee 2008 sollt ukommen an de Mars Science Laboratory am August 2012.

Weiderhi sicht den MRO mat Radar no Waasser an Äis direkt ënner der Mars-Uewerfläch, besonnesch och op de Polkapen. D'Sond soll ausserdeem eng Relaisstatioun fir nei Landemissioune sinn.

Technik[änneren | Quelltext änneren]

Diagramm vum Mars Reconnaissance Orbiter

Am Ufank sollt de Mars Reconnaissance Orbiter mat enger Atlas-III-Rakéit gestart ginn mat enger Startmass vun 1.975 kg.[1] Nodeem der neier Atlas-V-Rakéit 2002 hiren éischte Fluch erfollegräich war, gouf decidéiert datt d'Sond mat där neier Rakéit sollt starten, well si zum Präis vun enger Atlas III méi Notzlaascht erlaabt. Doduerch ass d'Startmass vun der Sond op 2.180 kg geklomm, woubäi d'Eidelmass vun der Sond mat den Instrumenter 1.031 kg ass an de Rescht sinn 1.149 kg Dreifstoff. D'Drostruktur vun der Sond ouni Instrumenter weit 220 kg an ass aus liichtem, awer festem Material wéi Titan, Kuelestofffaser-Verbondmaterial an Aluminium a Sandwich-Wabekär-Bauweis. D'Struktur muss Startaccelleratioune vu 5 g aushale kënnen.

Energieversuergung[änneren | Quelltext änneren]

Solarkollektere vum MRO an der Montagehal

D'Stroumversuergung vum Orbiter geschitt duerch zwéi 5,35 m laang an 2,53 m breet Solarkollekeren. D'Solarkollektere kënnen onofhängeg vunenee souwuel erop an erof beweegt ginn an och ëm déi eegen Achs rotéiert ginn. Op der viischter Säit vun all Kollekter sinn 9,5 m2 Fläch jee mat 3.744 eenzele Solarzelle bedeckt. Déi effizient Triple-junction-Solarzellen hunn e Wierkungsgrad vun 26 %, d. h., si kënnen 26 % vun der Energie vum afalende Sonneliicht an Elektrizitéit ëmwandelen. D'Solarzelle si sou ugeschloss, datt si eng konstant Spannung vun 32 V liwweren, op déi d'Instrumenter vun der Sond ausgeluecht sinn. Déi ganz Energie vun de béide Solarkollekteren um Mars-Orbit huet ronn 2.000 Watt (am Äerdorbit géif d'Energieproduktioun duerch déi méi kleng Distanz zu der Sonn bei 6.000 Watt leien).

Am Mars Reconnaissance Orbiter sinn zwéin Néckel-Metallhydrid-Akkumulatore mat enger Capacitéit vu jee 50 Ah (Amperestonnen) déi ëmmer nees frësch opgeluet kënne ginn. D'Akkumulatore gi fir d'Stroumversuergung wärend de Fluchphase benotzt, an deenen d'Solarkollektere keng elektresch Energie liwweren. Dat ass beispillsweis beim Start, beim Aschwenken an d'Marsëmlafbunn, beim Aerobraking-Manöver oder wann d'Sond am Marsschiet ass. Well d'Spannung beim Entluede vun den Akkumulatore fält a sech de Bordcomputer bei engem Ofsénke vun der Spannung op ongeféier 20 V ofschalt, kann d'Sond nëmme ronn 40 % vun der Akkukapazitéit ausnotzen.

Elektronik[änneren | Quelltext änneren]

D'Häerz vum MRO-Bordcomputer ass en 133 MHz séieren, 32-bit-RAD750-Prozesser deen aus 10,4 Millioune Transistere besteet. De Prozesser ass am Grond ee géint Stralung gehäerte PowerPC-750 G3 an ass den Nofollger vum RAD6000-Prozesser, dee beispillsweis an de Mars-Rover Spirit an Opportunity Gebrauch fënnt. Och wann d'Vitess vum Prozesser mat 133 MHz am Verglach zu haitegen Home-PCs als niddreg ausgesäit, ass dat zurzäit de séierste Prozesser, dee – wäit ewech vum Schutz vum Magnéitfeld an der Atmosphär vun der Äerd – nach zouverlässeg schaffe kann.

Iwwer 20 GByte stinn fir d'Datespäicherung vum MRO zur Dispositioun, déi op méi wéi 700 eenzele Flash-Späicherchips mat enger Capacitéit vu jee 256 Mbit (= 32 MByte) verdeelt sinn. D'Späicherkapazitéit vun der Sond ass am Verglach zu engem Bild vun der HiRISE-Kamera, dat bis zu 3,5 Gbyte grouss ka sinn, net besonnesch héich.

De Bordcomputer setzt en VxWorks-Echtzäitbetribssystem an, dat fir seng Vitess an Zouverlässegkeet bekannt ass a schonn a ville Raumfaartmissiounen, wéi z. B. beim Spirit an Opportunity, zum Asaz koum.

Kommunikatioun[änneren | Quelltext änneren]

Richtantenn vum MRO

Fir d'Kommunikatioun mat der Äerd huet den MRO eng Richtantenn (High-Gain-Antenna – HGA) mat engem Duerchmiesser vun dräi Meter, mat där Dateniwwerdroungsquot vu bis zu 6 MBit/s erreecht kënne ginn. D'Antenn ass beweeglech a ka punktgenee op d'Äerd ausgeriicht ginn. D'Sond sent am X-Band op enger Frequenz vun 8 GHz mat enger Leeschtung vun 100 Watt, ausserdeem ass eng experimentell Kommunikatioun am Ka-Band mat 32 GHz an 35 Watt geplangt. Mat der héijer Sendefrequenz kann eng méi héich Dateniwwerdroungsquot erreecht ginn. Sollt sech d'Kommunikatioun um Ka-Band duerchsetzen, ginn nei Raumsonde mat dëser Iwwerdroungstechnologie ausgerëscht. D'Sond huet och zwéi Verstäerker fir d'X-Band (den zweeten ass fir de Fall, datt den éischte verseet) a ee Verstäerker fir de Ka-Band. Nom Enn vun der primärer Missioun solle mat der Antenn ongeféier 34 Terabit u wëssenschaftlechen Donnéeën op d'Äerd iwwerdroe gi sinn (dëst ass méi wéi d'Dategréisst vun alle, bis elo, planetare Raumsonden zesummen), woubäi pro Dag ronn 10-11 Stonne laang Dateniwwerdroung mat enger duerchschnëttlecher Datequot vun 0,6 bis 5 Mbit/s (ofhängeg vun der Distanz Äerd-Mars) geschitt. Den Empfänger op der Äerd ass eng 34-m-DSN-Antenn. Zum Verglach: D'Sender um MGS an Odyssey haten/hunn eng elektresch Leeschtung vun 25/15W an eng Dateniwwerdroungsquot vun 20–80/14–120 kbit/s – méi wéi eng Gréisstenuerdnung manner wéi den MRO.

Dategréisst vum MRO am Verglach zu fréiere NASA-Raumsonden

Fir de Fall, datt d'Richtstralantenn net agesat ka ginn, huet den MRO zwou Niddregverstäerkungsantennen (Low-Gain-Antenna – LGA). D'Antenne sinn op der HGA-Schossel, eng op der viischter Säit an eng op der Récksäit. Fir mat der Äerd ze kommunizéieren, brauchen d'Niddregverstäerkungsantennen net drop ausgeriicht ze ginn, erreechen dofir awer och nëmme niddreg Datequot. Well d'Sond zwou vun dësen Antennen huet (jee eng deckt eng voll Hallefkugel of), ka si aus all Lag Signaler sowuel sende wéi och empfänken. D'Antenne gi wärend dem Start a beim Antrieden an d'Marsëmlafbunn gebraucht, déngen awer fir d'Ofsécherung vun der Kommunikatioun an engem Noutfall.

Ausserdeem huet den MRO eng Electra-UHF-Kommunikatiounsanlag, fir datt d'Sond mat sech anere Marssonde verstännege kann, souwuel mam Phoenix-Lander wéi och zanter 2012 mam Mars Science Laboratory. Doduerch kënnen d'Date vun de Landemissioune vum MRO op d'Äerd weidergeleet ginn. Ausserdem kann duerch d'Miessung vu Signallafzäiten déi genee Positioun vun de Lander op der Marsuewerfläch bestëmmt ginn.[2]

Undriffssystem[änneren | Quelltext änneren]

Den MRO huet en Undriffssystem, dee katalytesch zersaten Hydrazin als eenzegen Dreifstoff verbrennt an dofir keen Oxidator matféiert. Den Tank aus Titan vun der Sond huet e Volume vun 1.175 Liter a ka maximal 1.187 kg Dreifstoff ophuelen, woubäi awer nëmmen 1.149 kg Dreifstoff matgefouert ginn, fir d'maximal Notzlaascht vun der Drorakéit net z'iwwerschreiden. Dës Dreifstoffquantitéit geet duer fir d'Vitess vun der Sond ëm 1.551 m/s z'änneren. Iwwer 70 % vum Dreifstoff gouf beim Aschwenken an d'Marsëmlafbunn verbraucht, well hei d'Sond staark ofgebremst muss ginn, fir vun der Unzéiungskraaft vum Mars agefaangen ze ginn. Fir den Dreifstoff ënner Drock ze setzen, gëtt Helium-Gas benotzt, deen an engem separaten Tank ënner Héichdrock steet.

D'Undriffssystem vun der Sond besteet aus 20 Dreifwierker, déi an dräi verschiddene Gréisste bestinn:

  • Sechs grouss MR-107N-Dreifwierker, déi jee 170 N Schub ausléisen (am Ganzen 1.020 N). Dës Dreifwierker gi fir dat éischt Kurskorrekturmanöver a fir den Aschoss an d'Marsëmlafbunn gebraucht.
  • Sechs mëttelgrouss MR-106E-Dreifwierker, déi jee 22 N Schub maachen. Dës Dreifwierker ginn fir d'Korrektur vun der Fluchbunn agesat a fir d'Sond beim Aschoss an d'Marsëmlafbunn op dem richtege Kurs ze halen.
  • Aacht kleng MR-103D-Dreifwierker, déi jee 0,9 N Schub maachen. Si ginn fir d'Lagreegelung vum MRO soouwuel wärend der normaler Operatiounszäit wéi och wärend dem Antrëtt an d'Marsëmlafbunn a wärend de Fluchbunnkorrekture agesat.

Ausserdeem gi fir eng prezis Lagreegelung véier Gyroskopen agesat, besonnesch bei héichopléisende Fotoen, wou schonn déi klengst Beweegung eng Onschäerft am Bild verursaacht. Jiddwer Rad gëtt fir jee eng Beweegungsachs gebraucht, dat véiert Rad gëllt als Reserv, wann eent vun de Rieder ausfale sollt. En eenzelt Drallrad weit 10 kg a ka mat bis zu 6.000 Ëmdréiunge pro Minutt rotéieren.

Navigatiounssystem[änneren | Quelltext änneren]

Navigatiounssystemer a Sensore liwweren Informatiounen iwwer d'Positioun, de Kurs an d'Ausriichtung vun der Sond wärend dem Fluch. Dës Donnéeën sinn entscheedend, fir genee Manöveren um Wee fir op Mars ausféieren ze kënnen a fir d'Solarkollekteren op d'Sonn a d'Antenn op d'Äerd ausgeriicht ze halen. Ausserdeem muss d'Lag vun der Sond ganz genee kontrolléiert ginn, fir héichopgeléist Fotoe vun der Marsuewerfläch maachen ze kënnen. Fir dës Zwecker huet d'Navigatiounssystem méi Sensoren an Instrumenter:

  • 16 Sonnesensore (aacht dovu sinn als Reserv geduecht) sinn op alle Säite vun der Sond festgemaach. D'Sensore sinn ganz einfach opgebaut a liwweren als Äntwert nëmme, ob si d'Sonn gesinn oder net. Aus den Date vun eenzele Sensore rechent de Computer dann déi ongeféier Positioun vun der Sonn. Sollt d'Sond d'Orientéierung verléieren, sinn dës Sensore gutt genuch, fir d'Solarkollekteren op d'Sonn auszeriichten an domat d'Stroumversuergung ze garantéieren. Allerdéngs kënne si net fir eng genee Ausriichtung vun der Sond op d'Äerd an op de Mars benotzt ginn.
  • Zwéi Star Tracker (een déngt als Reserv) vun der Mark A-STR vu Galileo Avionica[3] fir genee Ausriichtung souwuel op d'Sonn wéi och op d'Äerd an de Mars. Ee Star Tracker ass eng kleng Kamera, déi Digitalbiller vun de Stären ophëlt. Dës Biller gi mat Date vun Dausende vu Stäre verglach déi am Bordcomputer gespäichert sinn. Wann de Star Tracker d'Stären um Bild identifizéiert huet, da weess de Computer ganz genee, wou an a wéi enger Ausriichtung d'Sond steet. De Star Tracker hëlt zéng Biller pro Sekonn op.
  • Zwou Miniature Inertial Measurement Units (MIMU) (eng déngt als Reserv) vun Honeywell,[3] mat dräi Gyroskopen an dräi Accelleratiounsmiesser. Dobäi gëtt ee Gyroskop an een Accelleratiounsmiesser pro Beweegungsachs gebraucht. D'Gyroskope gi fir d'Miessung vun der Dréivitesse vun der Sond agesat (z. B. bei der Dréiung zu der Lagreegelung) an d'Accellleratiounsmiesser fir d'Moosse vun der Accelleratioun (z. B. beim Feiere vun den Dreifwierker). Zudeem gëtt beim Experiment Atmospheric Structure Investigation Accelerometers mat Hëllef vun den Accelleratiounsmiesser d'Bremswierkung vun den ieweschte Atmosphäreschichte wärend dem Aerobrakings gemooss. Dës gëttOpschloss iwwer d'Dicht a Struktur vun der ieweschter Atmosphär.

Ausserdeem huet de MRO mat der Optical Navigation Camera en Experiment fir optesch Navigatioun fir e geneeën Aschoss an d'Marsëmlafbunn. Dozou ginn d'Mars-Mounde Phobos an Deimos 30 bis zwéi Deeg virum Untreffe vun der Sond um Mars fotograféiert, fir sou déi genee Positioun vun der Sond festzestellen. D'Optical Navigation Camera ass fir d'séchert Antriede vum MRO an d'Ëmlafbunn net néideg. Sollt dëst Experiment positiv Resultater liwweren, gëtt dës Aart vun Navigatioun bei neie Landemissioune agesat, déi mat enger héijer Prezisioun um Mars ukommen mussen, fir déi genee festgeluechte Landeplazen net ze verpassen.[4]

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

Instrumenter vum MRO an hiren Asazgebidder
HiRISE-Kamera bei de Startvirbereedungen
Verglach vun der HiRISE-Kamera mat der MOC-Kamera vum Mars Global Surveyors

U Bord vum MRO si sechs wëssenschaftlech Instrumenter wéi och e puer technesch Experimenter, wéi d'Ka-Band-Kommunikatioun, d'Electra-Kommunikatiounsanlag an déi optesch Navigatiounskamera. Déi technesch Experimenter goufen am Artikel Technik beschriwwen, hei ginn déi wëssenschaftlech Instrumenter virgestallt.

High Resolution Imaging Science Experiment (HiRISE)
Dat gréisst a wichtegst Instrument u Bord vum Mars Reconnaissance Orbiter ass den HiRISE, eng Fotokamera mat enger héijer Opléisung a mat engem Cassegrain-Teleskop vun 1,40 m Längt an engem Duerchmiesser vu 50 cm. Den HiRISE ass nom HRSC vum Mars Express déi zweet héichopléisent Stereokamera vun enger Mars-Sond. D'Teleskop huet dräi Spigelen an e Siichtfeld vun 1,14° × 0,18°. D'Kamera weit ongeféier 65 kg a kann aus 300 km Héicht Fotoe mat enger maximaler vertikaler Opléisung vun 20–30 cm pro Pixel maachen. Fir d'Fotoe stinn dräi Spektralbänner zur Dispositioun: Blo-Gréng BG (400–600 nm), Rout (550–850 nm) an No-Infrarout NIR (800–1.000 nm). Am BG-Band gëtt eng 6 km breet Sträif erfaasst, an Rout an NIR jee 1,2 km breet. D'Längt vum erfaasste Bild huet dobäi ongeféier dat Duebelt vu senger Breet. Fir d'Erfaassung vum afalende Liicht hält HiRISE am Ganze 14 detector-chip-assemblies (DCA), déi jee ee CCD-Modul mat der dozougehéierender Steierelektronik ophuelen. All CCD-Modul besteet dobäi aus jee 2.048 12 × 12 µm grousse Pixele schréi zu der Fluchrichtung souwéi 128 TDI-Elementer laanscht der Fluchrichtung. D'TDI-Elementer (Time Delay and Integration) ginn zur Verbesserung vum Signal-Stéier-Verhältnes gebraucht. Fir d'BG- an den NIR-Band stinn jee zwou DCAs mat am Ganzen 4.048 Pixel fir all Band bereet. Fir d'Rout-Band sinn et zéng DCAs mat am Ganzen 20.264 Pixelen. Fir d'Echtzäitdatekompressioun kann eng Lookup-Tabell gebraucht ginn, déi mat der Kamera opgeholle 14-Bit-Signaler an 8-Bit-Signaler transforméiert. Zousätzlech steet eng verloschtfräi 2:1-Kompressiounsmethod zur Dispositioun. En typescht héichopléisend Bild vun der HiRISE-Kamera ass 20.000 × 40.000 Pixel grouss (d. h. zirka. 800 Megapixel), a fir d'Iwwerdroung op d'Äerd ginn an Ofhängegkeet vun der Äerd-Mars-Distanz an dem Kompressiounsfakter 4 bis 48 Stonne gebraucht. D'Kamerahuet en interne 28-GBit-Späicher, fir d'Fotoe tëschtzespäicheren, ier si un de Bordcomputer weider geschéckt ginn. D'Entwécklungskäschte fir HiRISE louche bei ronn 35 Milliounen Dollar. D'Instrument gouf vu Ball Aerospace op Uerder vun der Universitéit vun Arizona gebaut.[5],[6]
Context Imager (CTX)
CTX ass och eng Kamera, déi Grostufebiller am visuelle Liicht mat enger Wellelängt vu 500 bis 800 nm mécht a mat enger klengerer Opléisung vun ongeféier sechs Meter schafft. Si soll dozou déngen, Deeler vum Mars ze kartographéieren, virun allem awer, fir d'Date vun der héichopléisenden HiRISE-Kamera an dem CRISM-Spektrometer richteg an de globale Kontext asetzen ze kënnen. Den CTX huet e Maksutov-Teleskop mat 35 cm Brennwäit an 6° Siichtfeld, fir d'Foto déngt eng aus 5064 Pixele bestoende CCD-Zeilenarray. En typescht Bild ass ongeféier 30 km wäit. D'Instrument huet en 256 MB groussen DRAM-Späicher, wat duergeet, fir e 160 km laangt Bild intern ofzespäicheren, ier et an den Haaptspäicher vun der Sond iwwerdroe gëtt. Gebaut gouf d'Instrument bei Malin Space Science Systems.[7],[8]
Mars Color Imager
Mars Color Imager (MARCI)
MARCI besteet aus enger Wäitwénkelkamera an enger Telekamera, déi haaptsächlech fir Ënnersich vun der Mars-Atmosphär agesat ginn. MARCI ass eng Kopie vun där Kamera, déi beim Mars Climate Orbiter 1999 verluer gaange war. Nëmmen d'Objektiv vun der Kamera gouf duerch ee méi grousst Fëschaobjektiv mat 180° Bléckwénkel ersat, fir Rullbeweegunge vun der Raumsond ze kompenséieren, déi fir de Betrib vun aneren Instrumenter néideg sinn. D'Kamerae sinn un eng kollektiv Elektronik ugeschloss a hunn iwwer siwe Spektralkanäl, dovu fënnef am visuelle Liicht bei Wellelängte vu 425, 550, 600, 650 an 725 Nanometer an zwou am UV-Liicht bei 250 an 320 Nanometer. Mam Instrument sollen Uewerflächenännerunge wéi Sandbeweegungen oder Polkapenännerunge registréiert ginn, zudeem soll d'Atmosphär no verschiddenen Elementer, sou z. B. no Ozon, duerchsicht ginn. Ausserdem gëtt MARCI agesat, fir deeglech Wiederberichter vum ganze Planéit ze liwweren. D'Instrument gouf bei Malin Space Science Systems gebaut.[9]
CRISM-Experiment (NASA)
Compact Reconnaissance Imaging Spectrometer for Mars (CRISM)
CRISM ass e Spektrometer, mat deem déi komplett Marsuewerfläch no ënnerschiddleche Mineralvirkomme gescannt gëtt. Dofir huet CRISM iwwer 544 verschidde Spektralkanäl, woumat gezilt no bestëmmte Mineralie gesicht ka ginn. Dobäi geet et virun allem ëm d'Mineraler, déi bei engem Kontakt mat Waasser entstoe kënnen, wéi z. B. Hämatit. CRISM soll déi ganz Marsuewerfläch mat enger Opléisung vun 100–200 m an an ronn 70 Spektralkanäl scannen, fir dann Gebidder auswielen ze kënnen, déi mat enger héijerer Opléisung erfaasst ginn (maximal bis 18 m). De Spektrometer huet och en Teleskop mat enger 10-cm-Apertur an 2° Siichtfeld, mat deem Biller vun der Marsuewerfläch mat enger Breet vu ronn 10 km opgeholl kënne ginn. D'Instrument zeechent d'Liichtintensitéiten am Spektralband bei Wellelängte vun 370 bis 3.940 nm op, woubäi dëst Band an 6,55 nm breet Sträifen opgedeelt gëtt. D'Entwécklungskäschte fir dëst Instrument ware 17,6 Milliounen Dollar. D'Instrument gouf vum Applied Physics Laboratory vun der Johns Hopkins Universéit entwéckelt.[10]
Mars Climate Sounder (MCS)
MCS ass en Experiment fir d'Ënnersich vun der Marsatmosphär an déngt als Ersatz fir bei de Missioune Mars Observer an Mars Climate Orbiter verlueregaangen Instrumenter mat änlecher Aufgab. Den MCS huet zwéi Teleskope mat Aperture vu 4 cm. Am Géigesaz zu aneren Instrumenter, déi all vertikal no ënne kucken, sinn d'Teleskope vum MCS am Normalbetrib op den Horizont ausgeriicht, kënnen awer och an aner Richtunge gedréit ginn. Den MCS huet iwwer néng Spektralkanäl a soll d'Verdeelung vu Stëbs a Waasserdamp an der Atmosphär studéieren. Ausserdeem gëtt d'Verännerung vun der Lofttemperatur an dem Loftdrock erfaasst. Ee vun de néng Kanäl ëmfaasst d'Frequenze vum visuellen a vum no-infraroudem Liicht bei enger Wellelängt vun 300 bis 3.000 nm. Déi iwwereg aacht Kanäl sinn am thermeschen infraroude Beräich vum elektromagnéitesche Spektrum bei Wellelängte vun 12 bis 50 µm. Aus den Date vum MCS soll eng dräidimensional Kaart vun der Mars-Atmosphär mat Stëbs, Waasserdamp, Drock an Temperaturverdeelunge bis an 80–100 km Héicht entstoen. D'Instrument gouf vum Jet Propulsion Laboratory entwéckelt.[11]
Kënschtleresch Duerstellung vun der SHARAD-Aarbechtsweis
Shallow Radar (SHARAD)
De SHARAD soll mat Hëllef vun engem Buedemradar no Waasser an/oder Äis ënner dem Marsbuedem sichen. De SHARAD ass de Nofollger vum MARSIS-Experiment, Mars-Express-Raumsond (2003). De SHARAD ka vun 100 Meter bis zu engem Kilometer déif an de Buedem andréngen, huet eng horizontal Opléisung vun 0,3–1 km laanscht der Fluchrichtung an 3–7 km schréi zu der Fluchrichtung souwéi eng vertikal Opléisung vu 7 m. Dat bedeit, datt den Objet op d'mannst dës Dimensioune muss hunn, fir observéiert ze ginn. Mat dem SHARAD solle sech Waasserexistenz ënner dem Marsbuedem bis an 100 m Déift fanne loossen. D'Instrument gouf vun Alenia Spazio op Uerder vun der Italieenescher Raumfaartagentur (ASI) entwéckelt.[12],[13]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mars Reconnaissance Orbiter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. NASA: ATLAS III CHOSEN TO LAUNCH MARS RECONNAISSANCE ORBITER, 11. Juni 2002
  2. NASA: Spacecraft Parts - Electra
  3. 3,0 3,1 American Astronautical Society: Mars Reconnaissance Orbiter Design Approach for High-Resolution Surface Imaging (PDF; 4,5 MB), 2003
  4. NASA: Spacecraft Parts - Optical Navigation Camera
  5. HiRISE Homepage
  6. Sixth International Conference on Mars (2003): HiRISE: Instrument Development (PDF; 1,4 MB)
  7. Malin Space Science Systems: Context Imager (CTX)
  8. NASA: Spacecraft Parts - Context Imager (CTX)
  9. Malin Space Science Systems: Mars Color Imager (MARCI)
  10. APL: Compact Reconnaissance Imaging Spectrometer for Mars (CRISM)
  11. NASA: Spacecraft Parts - Mars Climate Sounder (MCS)
  12. SHARAD Homepage
  13. Planetary and Space Science: SHARAD: The MRO 2005 shallow radar (PDF)