NGC 1097

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
NGC 1097
Stärebild Fornax (For)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 02h 46m 19s
Deklinatioun - 30° 16' 29"[1]
Ausgesinn
Hubble-Sequenz (R'_1:)SB(r'l)bSy1[2]
Visuell Magnitude +9,5[3] mag
Visuell Magnitude (B-Band) +10,3[3] mag
Wénkelduerchmiesser 9,55 × 6,31[1]
Flächenhellegkeet mag/arcmin2  +13,8[3]
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu   NGC-1097-Grupp
(LGG 75) [4]
Distanz (Lj)  zirka 52 Mio.[2]
Routverrécklung  (4193 ± 133)  10-6
Radialvitesse  (1454 ± 40) [1]
Geschicht
Entdecker  Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum  9. Oktober 1790
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
AM  0244-302
Arp  77
GC  610
h  2495
H  5.48
HIPASS  J0246-30
IRAS  02441-3029
MCG  -05-07-024
NGC  1097
PGC  10488
UGCA  41
ESO  416-G20
SGC  024411-3028.9
2MASX  J02461905-3016296

Den NGC 1097 ass eng Balkespiralgalaxis vum Typ Seyfert am Stärebild Fornax.

Den NGC 1097 ass eng Galaxis mat engem aktive Kär. Am Zentrum ass en opfällegen, zirka 5500 Liichtjoer grousse Rank mat staarker Stäregenesis. Dëse Beräich ass dat aktuellt Zil vun en etleche Fuerschungsprojeten, ënner anerem beim ESO. Et gëtt daitlech Hiweiser op e Schwaarzt Lach mat ongeféier 100 Millioune[5] Sonnemassen am Kär vun der Galaxis (dat Schwaarzt Lach dat am Zentrum vun der Mëllechstrooss ugeholl gëtt, wier dogéint nëmmen e puer Millioune Sonnemasse grouss[5]). Déi elliptesch Galaxis NGC 1097A mat opfälleger këschtefërmeger Struktur ass en direkte Noper. Den NGC 1097A kreest ëm den NGC 1097 op enger Distanz vun 42.000 Liichtjoer. Am NGC 1097 goufe bis elo dräi Supernovaen observéiert: SN 1992bd, SN 1999eu an SN 2003B.

D'Galaxis gouf den 9. Oktober 1790 vum däitsch-briteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Hubble-Foto vum Rank mat staarker Stäregenesis ëm den Zentrum vum NGC 1097

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NGC 1097 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]