Niwwel (Astronomie)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Als Niwwel ( laténgesch nebula vum griicheschen nephele, »Wollek«) oder Niwwelfleck gouf an der Astronomie fréier als liichtend flächefërmegt Objet bezeechent. Dozou gehéierten och d’Galaxien (Spiralniwwel) an d’Stärekéip, well se bei klenger Opléisung am Teleskop oder mam bloussen A als Niwwelfleck ze gesi waren.

Haut gëtt Bezeechnung Niwwel oder Gasniwwel bal nëmmen fir interstellar Wolleken aus Stëbs a Gas gebraucht, déi je no Art vun hirem Liichten a verschidden Kategorien agedeelt ginn:

Dat éischt systematescht Verzeechnes vu Niwwelen ass dee vum Charles Messier opgestallten Messier-Katalog am Joer 1774. Ee weidert wichtegt Verzeechnes ass den New General Catalogue (NGC) vum Johan Ludvig Emil Dreyer am Joer 1888. Déi zwee Katalogen hunn Niwwelen, Galaxien a Stärekéip opgelëscht a ginn haut nach gebraucht.

Och als Niwwel gëtt an der Astronomie de Sonneniwwel bezeechent, d’Gaswollek, aus der sech dSonnesystem ôpgebaut soll hunn.

[Änneren] Literatur

  • James B. Kaler: Kosmische Wolken. Materie-Kreisläufe in der Milchstraße. Spektrum Akademischer Verlag, 1998.

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Niwwel – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools