Pectinatella magnifica

Vu Wikipedia
Pectinatella magnifica
Eng Kolonie vu Pectinatella magnifica

Eng Kolonie vu Pectinatella magnifica
Eng Kolonie vu Pectinatella magnifica
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Ectoprocta (Bryozoa)
Klass: Phylactolaemata
Uerdnung: Plumatellida
Famill: Pectinatellidae
Gattung: Pectinatella
Aart: Pectinatella magnifica
Wëssenschaftlechen Numm
Pectinatella magnifica
Leidy 1851
Statoblast vu Pectinatella magnifica. Zeechnung aus engem Artikel vum Alpheus Hyatt aus dem Joer 1868
Eng Kolonie vu Pectinatella magnifica an dem Stauséi vun Esch-Sauer, Buerfelt (Ënsber), September 2012

D'Pectinatella magnifica ass e Séisswaassermoosdéierchen, dat a Séien a Weieren oder a rouege Flëss virkënnt. Et bilt massiv, glëtscheg Kolonien, déi sech wéi Jelli ufillen, mä awer fest sinn.

Zoarium[änneren | Quelltext änneren]

D'Kolonie, den Zoarium, vu Pectinatella besteet virun allem aus enger gelatinéiser Mass (kee Gelatine !) ronderëm déi sech déi nëmmen ongeféier 3 Millimeter grouss Eenzeldéiercher, Zooide genannt, verdeelen. Dës Zooide gruppéiere sech zu 12 bis 18 Individuen a bilden eng Aart Rosett.

Jiddwer Zooid besteet aus engem viischten Deel, dem Polypid, an engem hënneschten Deel, dem Cystid, deen der Wand vum Kierper entsprécht. De Polypid ka sech aktiv an den Cystid zréckzéien. Beim ausgestreckte Polypid gesäit ee vir en Tentakelkranz, de Lophophor, mat 40 bis 80 Tentakelen, déi ëm de Mond stinn. Baussent dem Tentakelkranz, deen d'Form vun engem Houffeisen huet, läit den Anus, dee mam Mond duerch deen an U-Form gebéite Verdauungsschlauch verbonnen ass.

D'Mondgéigend ass rout pigmentéiert; donieft si véier wäiss Flecken (white spots) ze gesinn: zwéin an der Analgéigend an een an op dem distalen Deel vu jiddwer Lophophor-Aarm [1].

D'Kolonië vun der P. magnifica sëtze fest op engem Substrat (Steng, Äscht, déi am Waasser leien, etc.). Jee no dem Substrat hu si d'Form vun engem Coussinet, enger Bull oder enger Spëndel. Wa se méi al ginn, léise si sech lass a schwiewe fräi am Waasser. Si kënnen zimmlech grouss ginn an d'Gréisst vun engem Foussball oder souguer vun engem Autospneu erreechen. Kolonien, déi bis zu engem Kilo weien, sinn net rar. An der Literatur sinn alt emol Kolonië mat engem Duerchmiesser vun engem bis zwéi Meter ernimmt ginn.

Statoblasten[änneren | Quelltext änneren]

Wéi dat och bei anere Séisswaassermoosdéiercher de Fall ass, bilt d'P. magnifica resistent Dauerstadien, Statoblasten, déi beim Zerfall vun der Kolonie fräi ginn. Dat ass spéitstens am Hierscht de Fall; am Wanter si keng Kolonië méi do. D'Statoblasten iwwerdaueren a keimen am Fréijoer aus fir nei Kolonien ze bilden.

D'Statoblaste vun der P. magnifica sinn ongeféier ee Millimeter grouss. Am Contour si si méi oder wéineger kreesfërmeg a wéi e Suedel gebéit. Si hunn e Schwammrank; dofir gi si Flottoblaste genannt. De Schwammrank erliichtert d'Verbreedung vun de Statoblasten am Waasser. Op dem baussenzege Bord vum Schwammrank steet e Kranz Picken, déi un hirem Enn zwéin Hoken hunn a sou wéi en Anker ausgesinn. D'Zuel vun dëse Picke läit gewéinlech tëscht 11 an 20. Mat hirer Hëllef kënnen d'Statoblaste sech um Pelz vu Waasserdéieren oder de Plomme vu Waasservigel, awer och un engem Boot, engem Fëscher oder engem Daucher, asw. ukrämpen a sou vun engem Gewässer an en anert transportéiert a verbreet ginn, dacks iwwer grouss Distanzen.

Vun Nordamerika an Europa an an Asien[änneren | Quelltext änneren]

D'P. magnifica staamt aus Nordamerika, wou si 1851 an der Géigend vu Philadelphia (Pennsylvanien) vum Joseph Leidy (1823-1891) entdeckt ginn ass [2]. An Europa ass si warscheinlech am Ballasttank vun engem Schëff importéiert ginn. 1883 ass si fir d'éischt an Europa, an der Géigend vun Hamburg, an zwar an der Bille, engem Niewefloss vun der Elbe, fonnt ginn [3]. Duerno huet si sech no Südosten ausgebreet. 1902 gouf se zu Berlin entdeckt, 1905 a Polen, 1928 an der Tschechoslowakei, an ufanks vun den 1960er Joren a Rumänien [4].

1957 ass d'Pectinalla an der Tierkei fonnt ginn [5], 1972 a Japan [6], 1996 a Südkorea [7] an 2005 a China[8].

An Europa huet d'Pectinatella, déi bis dohin Richtung Osten ënnerwee war, an engem gewësse Moment ugefaangen, sech och am Westen auszebreeden. A Frankräich ass si 1995 an engem Weier an der Géigend vun Nomexy (Vosges), enger Uertschaft am Dall vun der Musel, entdeckt ginn [9]; 1994 war si zwar scho bei Bermont am Territoire de Belfort gesi ginn, mä dat gouf eréischt 2002 bekannt[10]. An Éisträich ass si 1999 fonnt ginn [11], an Holland 2003 [12] an an der Schwäiz 2010 [13]. Am ukraineschen Deel vum Donaudelta gouf si fir d'éischt am Joer 2005 festgestallt[14] an a Finnland am Joer 2006[15].

Pectinatella zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am September 2001 ware Statoblaste vu Pectinatella magnifica an der Géigend vun Nenneg (Saarland), e puer Meter vun der däitsch-lëtzebuergescher Grenz, awer op däitschem Gebitt, fonnt ginn.[16]

Zu Lëtzebuerg ass d'P. magnifica am Summer 2012 (Enn August/ufanks September) massiv am Stauséi vun Esch-Sauer opgetrueden, wou se Zeien no och schonn 2011 gesi ginn ass a méiglecherweis och schonn 2010.[17] Am Summer 2013 ass d'Presenz vu P. magnifica zwar lokal am Stauséi festgestallt ginn, ma am Ganze war se zimmlech diskreet. Am Joer 2014 ass si fir d'éischt Ufanks Juli gesi ginn.[18]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Allgemeng Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Aleksandrov,_B., O. Voloshkevich, A. Kurakin, A. Rybalko, V. Gontar, 2014. The first finding of bryozoan Pectinatella magnifica (Lophopodidae) in Lower Danube. Vestnik zoologii 48(4): 269–274, 2014.
  • Bauer, C., J. Mildner & I. Šetlíková, 2010. Das Moostierchen Pectinatella magnifica in Österreich. Österreichs Fischerei 63, S. 262-264.
  • d'Hondt, J.L. & B. Condé, 1996. Une espèce de Bryozoaire d'eau douce (Phylactolaemates) nouvelle pour la faune française : Pectinatella magnifica (Leidy, 1851). Bulletin mensuel de la Société Linnéenne de Lyon 65, 1996, S. 322-326.
  • d'Hondt, J.L. & J.P. Mignot, 2010. À propos de l'introduction du bryozoaire phylactolaemate Pectinatella magnifica (Leidy, 1851) dans le lac de Vassivière en Limousin, Bulletin de la Société zoologique de France 135(1-2), S. 63-78.
  • Hyatt, A., 1868. Observations on Polyzoa. Suborder Phylactolœmata [continued from vol. IV, page 228]. [Proceedings of the Essex Institute], Communications of the Essex Institute 5 (1866-1867): 97-112, 145-160, 193-232, pl. 15.
  • Kraepelin, K., 1887. Die Deutschen Süsswasser-Bryozoen. I. Anatomisch-systematischer Teil. Abhandlungen des Naturwissenschaftlichen Vereins in Hamburg 10, S. 1-168.
  • Lacourt, A.W., 1968. A monograph of the freshwater Bryozoa : Phylactolaemata, Zoologische Verhandelingen 93, S. 1-159.
  • Leidy, J., 1851a. Cristatella magnifica, n. s. Proceedings of the Academy of Natural Sciences of Philadelphia 5 (1850-1851), S. 265-266 [Issue Sept.-Oct. 1851].
  • Leidy, J., 1851b. On some American fresh-water Polyzoa, Proceedings of the Academy of Natural Sciences of Philadelphia 5 (1850-1851), S. 320-322 [Issue Nov./Dec. 1851].
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 2005. Die Süßwasserbryozoen in der Fauna Europaea 2004: Karten und Kommentare. Denisia 16, 2005, S. 167-174 [Fig. 5: ≠ Pectinatella magnifica = Plumatella geimermassardi, cf. Fig. 3]. Corrigendum.
  • Mawatari, S., 1973. New occurrence of Pectinatella magnifica (Leidy) in a Japanese lake. Proceedings of the Japanese Society of Systematic Zoology 9, S. 41-43.
  • Notteghem, P., 1999. Pectinatella magnifica (Leidy, 1851) : une nouvelle espèce de Bryozoaires pour la Bourgogne. Revue périodique de la Physiophile 74 (131), S. 12-25.
  • Notteghem, P., 2009. Évolution de la distribution de la Pectinatelle, Pectinatella magnifica (Leidy, 1851), Bryozoaire d'eau douce, en France et en Europe, Revue scientifique Bourgogne-Nature 9/10, S. 188-197.
  • Oda, S., 1990. Life cycle of Pectinatella magnifica, a freshwater Bryozoan. In: M. Hoshi & O. Yamashita (eds): Advances in invertebrate reproduction, 5, Elsevier Science Publishers B.V. (Biomedical Division), S. 43-48.
  • Prenant, M. & G. Bobin, 1956. Bryozoaires. Première partie. Entoproctes, Phylactolèmes, Cténostomes. Faune de France 60, S. 1-398.
  • Seo, J.E., 1998. Taxonomy of the freshwater bryozoans from Korea. The Korean Journal of Systematic Zoology 14(4), , S. 371-381.
  • van der Waaij, M., 2010. Dutch freshwater bryozoans (moss animals), online.
  • Vuorio, K., A.K. Kanninen, S. Mitikka, M. Sarkkinen, H. Hämäläinen, 2018. Invasion of Finnish inland waters by the alien moss animal Pectinatella magnifica Leidy, 1851 and associated potential risks. Management of Biological Invasions, Volume 9, Issue 1: 1–10.
  • Wang, B., Wang, H. & Cui, Y., 2016. Pectinatella magnifica (Leidy, 1851) (Bryozoa, Phylactolaemata), a biofouling bryozoan recently introduced to China. Chinese Journal of Oceanology and Limnology 2016, 1-6, doi:10.1007/s00343-017-6052-2.
  • Wood, T.S., 1989. Ectoproct Bryozoans of Ohio. Bulletin of the Ohio Biological Survey N.S. 8(2), S. I-X, 1-70.
  • Wood, T.S., 2010. Bryozoans. In: J. Thorp & A. Covich (eds): Ecology and classification of North American freshwater invertebrates, 3rd ed., Academic Press, London, S. 437-451.
  • Wood, T.S. & B. Okamura, 2005. A new key to the freshwater bryozoans of Britain, Ireland and Continental Europe, with notes on their ecology. Freshwater biological Association Scientific Publication 63, S. 1-113.

Literatur iwwer d'Pectinatella zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pectinatella magnifica – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mukai & Oda 1980
  2. Leidy 1851a,b.
  3. Kraepelin 1887, S. 133
  4. Kuck: Massard & Geimer 2002
  5. Lacourt 1968, S. 100
  6. Mawatari 1973
  7. Seo 1998
  8. Wang et al. 2016
  9. d'Hondt & Condé 1994
  10. Rodriguez & Vergon 2002
  11. Bauer et al. 2010
  12. Massard & Geimer 2005, S. 170
  13. Massard, Geimer & Wille 2013
  14. Aleksandrov et al. 2014
  15. Vuorio et al. 2018
  16. Massard & Geimer 2002
  17. Massard & Geimer 2013, Massard, Geimer & Wille 2013
  18. Massard & Geimer 2014