Rond-point

Vu Wikipedia
De Rond-point op der N7 zu Walfer

D'Wuert Rond-point gëtt am allgemenge lëtzebuergesche Sproochgebrauch gebraucht fir eng speziell Stroossenintersectioun an zwar d'Intersection à sens giratoire obligatoire wéi se am Code de la Route definéiert ass.

A Frankräich gëtt dëst d'Wuert och gebraucht fir Plazen déi an engem Krees ugeluecht sinn, ouni datt onbedéngt eng Fuerrichtung festgeluecht ass, an ouni datt motoriséierte Verkéier driwwer leeft. Dës sinn awer zimmlech rar.

Zu Lëtzebuerg huet eng bekannt Plaz an hirem Numm Rond-Point stoen. Et ass de Rond-Point Robert Schuman um Lampertsbierg an der Stad. Dës Plaz ass awer keng Intersection à sens giratoire obligatoire.

Turbo-Rond-point[änneren | Quelltext änneren]

Basis-Schema vun engem Turbo-Rond-point

Eng méi rezent Entwécklung ass de sougenannten Turbo-Rond-point dee staark Verkéiersstréim zwee- oder dräispuereg duerch de Rondel schleist.

Den Turbo-Rond-point gouf 1996 an Holland vum Lambertus Fortuijn, engem Fuerscher op der Delft University of Technology entwéckelt. E gëtt haaptsächlech an Holland, Frankräich oder der Belsch gebraucht. Zanter dem 9. November 2015 ass de Rond-point Serra um Kierchbierg och als Turbo-Rond-point a Betrib.

Den Automobilist muss sech schonn an déi richteg Spuer areien, ier an an de Rondel erafiert. Doduerch huet den Turbo-Rond-point eng grouss Leeschtungsfähegkeet. Am Rondel selwer kann een am Prinzip d'Fuerbunn net méi wiesselen.

En Turbo-Rond-point erlaabt et och net ëmmer, datt een de Rond-point benotzt fir d'Kéier ze maachen an dohin zeréckzefuere vu wou een hierkoum.

Den Turbo-Rond-point gëtt et och mat Verkéiersluuchten an der Afahrt an am Rondel selwer, oder och mat By-Päss déi fir déi éischt Ausfaart derlaanscht féieren.

Rond-pointen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de Rond-pointen op de Lëtzebuerger Stroossen,
bausssenzeg vun den Uertschaften[1]
Rond-point Strooss P.K.
Verdeeler Hamm

(och nach: Rond-point Robert-Schaffner)

A1 6868
Rond-point Gluck A3 1
Rond-point Märel A4 55
Rond-point Belval-Gare B40
Findel N1 6866
Potaschbierg N1 23102
Sandweiler West N2 6017
Sandweiler Ost N2 8766
Bous N2 18683
Cloche d'or N4 3965
Leideleng N4 6520
Gréiwelsser Barrière N5 5422
Biff (och nach: Rond-point André Siebenbour) N5 18234
Tossebierg N6 6712
Mamer West N6 8805
Wandhaff N6 13459
Verdeeler Luerenzweiler N7 11711
Verdeeler Mierscherbierg N7 19040
Ierpeldeng N7 30726
Verdeeler Angelduerf N7 31473
Fridhaff N7 37868
Schinker N7 51508
Housen Süd N7 53098
Maarnech N7 60265
Wemperhaart N7 72650
Rëmerschen N10 1379
Jonglënster „Lënster Bierg“ N11 14732
Iechternach „Ste-Croix“ N11A 518
Briddel N12 5469
Katrewang N12 11302
Rippweiler-Barrière N12 24260
Wolz-Rulljen N12 53949
Antoniushaff N12 73849
Recken N13 11686
Helleng N13 24774
Heischent N15 11404
Pommerlach Süd N15 26840
Pommerlach Nord N15 27329
Verdeeler Altwis N16 1497
Ellenger Gare N16 7463
Bleesbréck N17 2348
Beetebuerg „Wolser-Schéleck“ N31 4912
Nidderkuer N31 28521
Porte de Lamadelaine N31 33189
Péiteng „P.E.D.“ N31 33760
Suessem „um Woeller“ N32 247
Suessem „Gadderscheier Nord“ N32 845
Suessem „Gadderscheier Süd“ N32 1015
Rocade vun Déifferdeng N32 2106
Bartreng Rue de l'Industrie N34 1187
Bartreng Rue de Strassen N35 2036
Éilereng N37 1
Siren Ost CR132 11756
Verdeeler Waasserbëlleg CR141B 322
Duelem CR153 4982
Béiwen CR158 2612
Diddeleng „Riedgen“ CR161 625
Diddeleng „Eurohub“ CR161 2430
Krakelshaff CR161 3526
Féiz „CEGEDEL“ CR164 2589
Verdeeler Briddel „Giratoire Sud“ CR181 3751
Verdeeler Briddel „Giratoire Nord“ CR181 4227
Biergerkräiz CR181 8829
Conter CR226 10525
Stroossen „Bourmicht“ CR230 2877
Houwald CR231 1106
Industrizon Hesper CR231 1861
Conter „Weiergewan“ CR234 3060
Conter „Rosswénkel“ CR234 3416
Karelshaff CR305 10644
Agank Parc Housen CR322 10189
Lenzweiler CR332B 1052
Bartreng Europaschoul Rue Gaston Thorn
Jonglënster Lycée Contournement vu Jonglënster

Aner Rond-pointe déi mat an de Stroosseverkéier agebonne sinn[änneren | Quelltext änneren]

Belsch[änneren | Quelltext änneren]

  • Rond-Point Schuman zu Bréissel
  • Rond-Point Baron Paul-M.G. Lévy zu Gembloux
  • Rond-Point Kermadec nieft dem fréieren Octroishaischen zu Verviers

Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

  • Rond-point des Champs-Élysées zu Paräis
  • Rond-point aux Vaches zu Rouen
  • Le Rond-Point, op der D79 bei der Uertschaft Clémont am Cher
  • Rond-Point Henri Farman zu Bouy an der Marne

Schwäiz[änneren | Quelltext änneren]

  • Rond-point de Plainpalais zu Genf

Kuriositéiten[änneren | Quelltext änneren]

An England gëtt et e puer Rond-pointe bei deenen de Verkéier riets ronderëm leeft amplaz lénks.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rond-pointen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Règlement grand-ducal du 3 mars 2017 concernant les intersections à sens giratoire sur les voies publiques faisant partie de la voirie de l'Etat en dehors des agglomérations.