Sylvain Julien Victor Arend

Vu Wikipedia
Sylvain Julien Victor Arend
Gebuer 6. August 1902
Robelmont
Gestuerwen 18. Februar 1992
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Astronom


De Sylvain Julien Victor Arend, gebuer de 6. August 1902 zu Robelmont bei Virton, Belsch Provënz Lëtzebuerg a gestuerwen den 18. Februar 1992, war e belschen Astronom, Physiker a Mathematiker.

Hien huet verschidde Koméiten entdeckt, dorënner den hellen C/1956 R1 (Arend-Roland), de periodesche Koméit 49P/Arend-Rigaux an de 50P/Arend.

Doriwwer eraus huet den Arend 51 Asteroiden entdeckt, dorënner den (1127) Mimi, de (1613) Smiley, de (1640) Nemo (no der Figur vum Kapitän Nemo am Roman 20 000 Lieues sous la mer vun Jules Verne), de (1652) Hergé (benannt nom Hergé, dem Auteur vum Tintin), den Amor-Asteroid (1916) Boreas an den Trojaner (1583) Antilochus.

Ausserdeem huet hien 1952 eng Nova am Stärebild Scutum, d'Nova Scuti 1952, entdeckt.

Him selwer ass den Asteroid (1502) Arenda gewidmet. Den Asteroid (1563) Noël ass no sengem Jong, Noël Arend genannt.

Den Arend war 1949 ënner anerem Grënnungsmember vum Comité Belge pour l'Investigation scientifique des Phénomènes réputés paranormaux, dem sougenannte Comité Para.

Entdeckt Asteroiden: 51
(1127) Mimi 31. Januar 1929
(1171) Rusthawelia 3. Oktober 1930
(1262) Sniadeckia 23. Mäerz 1933
(1263) Varsavia 23. Mäerz 1933
(1281) Jeanne 25. August 1933
(1286) Banachiewicza 25. August 1933
(1287) Lorcia 25. August 1933
(1313) Berna 24. August 1933
(1314) Paula 16. September 1933
(1315) Bronislawa 16. September 1933
(1348) Michel 23. Mäerz 1933
(1352) Wawel 3. Februar 1935
(1563) Noël 7. Mäerz 1943
(1565) Lemaître 25. November 1948
(1570) Brunonia 9. Oktober 1948
(1573) Väisälä 27. Oktober 1949
(1576) Fabiola 30. September 1948
(1579) Herrick 30. September 1948
(1583) Antiloque 19. September 1950
(1591) Baize 31. Mee 1951
(1592) Mathieu 01. Juni 1951
(1593) Fagnes 01. Juni 1951
(1613) Smiley 16. September 1950
(1625) The NORC 01. September 1953
(1633) Chimay 3. Mäerz 1929
(1639) Bower 12. September 1951
(1640) Nemo 31. August 1951
(1652) Hergé 9. August 1953
(1683) Castafiore 19. September 1950
(1717) Arlon 8. Januar 1954
(1787) Chiny 19. September 1950
(1887) Virton 5. Oktober 1950
(1916) Boreas 01. September 1953
(1969) Alain 3. Februar 1935
(2084) Okayama 7. Februar 1935
(2109) Dhotel 13. Oktober 1950
(2231) Durrell 21. September 1941
(2265) Verbaandert 17. Februar 1950
(2277) Moreau 18. Februar 1950
(2455) Somville 5. Oktober 1950
(2513) Baetslé 19. September 1950
(2538) Vanderlinden 30. Oktober 1954
(2642) Vésale 14. September 1961
(2666) Gramme 8. Oktober 1951
(2689) Bruxelles 3. Februar 1935
(2866) Hardy 7. Oktober 1961
(2973) Paola 10. Januar 1951
(3228) Pire 8. Februar 1935
(3346) Gerla 27. September 1951
(3755) Lecointe 19. September 1950
(3920) Aubignan 28. November 1948

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie