Bluesmusek zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Dësen Artikel behandelt zanter wéini, a vu weem zu Lëtzebuerg Blues gespillt gouf a gëtt.

Geschicht vum Blues zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Ufank[änneren | Quelltext änneren]

Et ass schwiereg, fir den Ufank vum Blues zu Lëtzebuerg genee ze datéieren. Obwuel eng Partie fréier Jazz- a Rockgruppen an hirem Repertoire sécherlech och Bluesstécker gespillt hunn, sinn eréischt an de spéiden 1980er Joren déi éischt reng Bluesmuseksgruppen entstanen.

De Guy Theisen, alias Lesley Kent, soll 1966 deen éischte gewiescht sinn, dee mat senger Band The Problems de Rhythm and Blues zu Lëtzebuerg agefouert huet.[1] An de 1960-80er Jere soll et zu Lëtzebuerg keng reng Bluesmuseksgruppe ginn hunn. De Concert vum Jimi Hendricks 1967 am Charly's[2], am Kader vun enger gemeinsamer Tournée mam Johnny Halliday,huet e bleiwenden Androck op déi lëtzebuergesch Musekszeen hannerlooss. An deene Joerzéngten hunn eng Partie Rockgruppen och Bluesnummeren an hirem Repertoire gehat, ë. a. We Feel a Cool Feet. 1970 huet um Lampertsbierg déi legendär Disko Blow Up hir Dieren opgemaach, an där regelméisseg Blues-Rock-Legenden opgetruede sinn, ë. a. Canned Heat.

Mainline heescht déi éischt Rock- a Bluesmuseksgrupp, déi de Luke Haas a senger Anthologie[3] ernimmt, bei där hie vun 1978 un och matgespillt huet. Réischt Enn der 1980er Joere goufen déi éischt reng Bluesgruppe gegrënnt: Blues Busters (1985-1992), Blues Connection (1987-?), Blues Train (1989-?), Blues, Women and Whiskey (1992-?) a Blues For Two (1989-1992).

De Blues-Club Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Blues-Club Lëtzebuerg ass e Veräin ouni Gewënnzweck, deen 1997 gegrënnt gouf a säi Sëtz an der Stad Lëtzebuerg huet. De Blues-Club huet sech zum Zil gesat, d'Blues-Musek an hir derivéiert Museksstiler z'ënnerstëtzen. En organiséiert regelméisseg Concerten, bei deenen international renomméiert Museker op der Affiche sinn, woubäi lokal oder regional Bluesgruppen d'Geleeënheet kréien, fir den éischten Deel ze spillen a sech domat en Numm ze maachen. D'Concerte vum Blues-Club gi gewéinlech am Sang a Klang am Pafendall gespillt.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Blues-Club Lëtzebuerg

Déifferdenger Bluesschoul[änneren | Quelltext änneren]

2006 hunn d'Museker Romain Heck a René Cavallini zesumme mam François Meisch vun der Kulturkommissioun vun der Stad Déifferdeng déi Déifferdenger Bluesschoul gegrënnt. Si gëtt vum Bluesgittarist Remo Cavallini geleet an ass an der Museksschoul vun der Stad Déifferdeng am Kulturzenter Aalt Stadhaus ze fannen. Souwuel Ufänger wéi och erfuere Museker kënne sech an hir Coursen aschreiwen.

Lëtzebuergesch Bluesmuseksgruppen[änneren | Quelltext änneren]

Bluesmuseksgrupp Gegrënnt Opgeléist
Blue Shade 2002 2007
Blues Busters 1985 1992
Blues Connection 1987 ?
Blues For Two 1989 1992
Blues Gangsters ? ?
Blues Train 1989 ?
Blues, Women and Whiskey 1992
Chicken Head 2014 -
Cleanhead & Cosa Nostra -
Crossroads 2001 -
Dave White and the Mighty Vibrators ? -
Dr. Rain & The Umbrellas 2007 2017
Eight Bar Blues Band 2015 -
Elo & The Bad Boys 2017 -
Fred Barreto Group ? -
Gaasserockbluesband ? -
Greyhounds 59 2016 -
Heavy Petrol 2011 -
Kid Colling Cartel 2012 -
Little Blues Band ? -
Ramblin' South 2015 -
Remo-Cavallini-Band 2009 -
Renegade Dukes ? ?
Sneaky Pete ? -
Strange Brew ? ?
The Coal Street MinOrs 2012 -
The Heritage Blues Company 2006 -
The Odd Blues Reunion ? ?
The Winklepickers 2001 -
Thunder Road 2016 -

Bluesfestivalen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Haas, Luke, 1982, Luxemburgs Rock Story (1959-1982), Éditions John Schmit, Capellen, 160 S.
  • Molinaro, Claude, 2018a. Bluesspuren – Die Anfänge eines Musikstils in Luxemburg. Tageblatt 160: 2. Och op Tageblatt-Online
  • Molinaro, Claude, 2018b. "Do war rot, Fa war gelb". Bluesgeschichten - Erinnerungen und Anektoden. Tageblatt 160: 3.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Haas 1982, zit. in Molinaro 2018a.
  2. D'Lokal huet spéider Scorpion geheescht.
  3. Cf. Haas 1982 an der Literatur.