Caponnière
Eng Caponnière ass e Festungselement, dat aus engem gedeckten oder massiv gemauerte Raum oder Gank besteet, dee Verdeedeger schützt an hinnen et erlaabt aus Luken oder Scharten e Befestegungsgruef ënner Feier ze huelen. Meeschtens si Caponnièrë mat Gewierer oder Muskéite verdeedegt ginn, allerdéngs gëtt et och Beispiller fir Kanoune vu klengem Kaliber déi agesat konnte ginn.
Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Caponnièrë waren net méi wéi gedeckten, d. h. vun 2 Säiten duerch Mauere geschützte Passagen, duerch déi d'Infanterie sech konnt tëscht Festungswierker beweegen. Mat dem Opkomme vun den éischte polygonale Befestegunge goufe Caponnièren och als Blockhaiser gebaut, d. h. als Gebaier déi op den Ecker vu Grief eenzel stoungen, awer mat der selwechter Funktioun.
Spéider goufen déi Befestegungen an d'Escarpe vu Befestegungswierker integréiert an domat am Buedem ageluecht, sou datt se vum Géigner net méi direkt ze gesi waren. Mam Opkomme vum indirekte Beschoss vu Festungen duerch Mortieren ass d'Noutwennegkeet opkomm, fir déi Caponnièrë mat Buedem oder Steng ze decken, wa se aus der Escarpe eraus stoungen. Ee Beispill vun enger Caponnièrë ass de Fort Lambert an der Stad Lëtzebuerg, deen duerch Caponnière déi duerch de Gruef leeft mat der Contre-escarpe verbonnen ass. Aner Typpe stinn einfach aus dem Gruef eraus, ouni eng Verbindung mat der Contre-escarpe ze maachen.
Am 20. Joerhonnert si Caponnièrë bei moderne Festungswierker weider gebaut ginn, sou zum Beispill bei de Wierker vun der Maginot-Linn. An der Schwäiz sinn eenzel Festungswierker mat Caponnièren nach ëmmer aktiv, och wann d'Caponnièrë mëttlerweil keng Funktioun méi hunn: mat der Weiderentwécklung vum indirekte Beschoss an dem Loftbombardement erfëlle si hir eigentlech Aufgab – de Schutz virun Infanterie – net méi.
Contrescarpe-Batterie
[änneren | Quelltext änneren]Eng Variant ass, fir d'Caponnière an d'Contre-escarpe z'integréieren. Dat huet de Virdeel, datt domat méi Deckung vun uewe besteet, ma se gëtt awer méi vulnerabel fir en Ugrëff duerch Stollen oder Minen, déi vum Géigner gegruewe ginn.[1]
Beispiller fir Caponnièren
[änneren | Quelltext änneren]- Fort Lambert (Festung Lëtzebuerg)
- Fort Thüngen (Festung Lëtzebuerg)
- Fort Obergrünewald (Festung Lëtzebuerg)
- Geschützkaponniere Nr. 1 (Zitadell Petersberg, Erfurt, Däitschland)
- Fort Douaumont (Verdun, Frankräich)
- Festung Airolo (Schwäiz)
-
Caponnière am Fort Napoleon zu Oostende (Belsch)
-
Caponnière, mat Buedem gedeckt, am Fort vu Sacavém (Portugal)
-
Geschützkaponniere Nr. 1 vun der Zitadelle Petersberg zu Erfurt (Däitschland)
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Militärarchitektur: Approche - Bockellinn - Caponnière - Contre-escarpe - Courtine - Escarpe - Glacis - Kasematt - Ravelin - Redoute - Reduit - Zitadell
- Festung Lëtzebuerg: mat: Bastioun Louis - Fort Olizy - Fort Thüngen - Kasematten - Malakoff-Tuerm - Nei Paart - Spueneschen Tiermchen
- Festungen an der Belsch: Fort de Tancrémont - Fort de Battice - Fort d'Aubin-Neufchâteau - Fort d'Eben Emael - Fort d'Évegnée-Tignée - La Chartreuse - Zitadell vu Léck
- Festungen a Frankräich: Maginot-Linn - Château d'If - Fort d'Illange - Fort de Villy-La Ferté - Fort de la Pompelle - Zitadell Montmédy - Tour Solidor - Fort de Charlemont - Fort-La-Latte - Mont-Dauphin - Zitadell vu Bitche - Redoute de la Justice
- Festungen an Italien: Festunge vu Folgaria - Trentiner Festungen
- Festungen an Norwegen: Festung Akershus
- Festungen a Portugal: Fortaleza de Sagres - Tuerm vu Belém
- Festungen an den USA: Alcatraz
- Festungen a Kanada: Zitadell vu Québec
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Caponnièren – Biller, Videoen oder Audiodateien |