Op den Inhalt sprangen

Chrëschtdag

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Chrëschtdag feieren d'Chrëschten d'Gebuert vum Jesus vun Nazaret, an dem si de Jong Gottes gesinn. Et ass no Ouschteren dat wichtegst Fest vum Chrëschtentum.

Et läit haut an deene meeschte westleche Staaten all Joer um 25. Dezember, mä d'Chrëschtfeiere selwer fänke schonn den Dag virdrun op Hellegowend un. An den orthodoxe Kierchen, déi liturgesch um julianesche Kalenner festhalen, fält Chrëschtdag op de 7. Januar (wat de 25. Dezember am julianesche Kalenner ass).

Fest Bestanddeeler vu Chrëschtdag sinn zanter dem 13. respektiv 16. Joerhonnert eng Krëppchen an e Chrëschtbeemchen. Op Hellegowend bréngt d'Chrëschtkëndchen de Kanner Kaddoen. Doduerch huet sech d'chrëschtlecht Fest hautdesdaags dacks zu engem éischter weltleche Konsumfest entwéckelt, wat virun allem de Commerce freet.

D'Gebuert vum Jesus gëtt an der Bibel vun den Evangeliste Matthäus am Kapitel 1 an 2 a Lukas am Kapitel 1 an 2 erzielt.

Och de Koran erzielt d'Gebuert an der 19. Sure, déi den Titel Maryam dréit.

Als kierchleche Feierdag ass de 25. Dezember zanter 336 zu Roum beluecht; wou en hierkënnt ass allerdéngs ëmstridden. Dacks gëtt dat réimescht Fest vum Sonnegott (Sol invictus) als Ursprong ugeholl; dat germanescht Julfest ass eréischt méi spéit beluecht ginn.

Feierdagsreegelung

[änneren | Quelltext änneren]

D'Chrëschtdeeg si gemenkerhand gesetzlech Feierdeeg am Dezember oder Januar. Jee no Land ass d'Festleeung vun der Zuel vun de Feierdeeg ënnerschiddlech. Zu Lëtzebuerg ass Chrëschtdag grad ewéi Stiefesdag e gesetzleche Feierdag.

Commons: Chrëschtdag – Biller, Videoen oder Audiodateien