Clausener Viaduc
Ausgesinn
De Clausener Viaduc vun der Zenser Säit aus gesinn | |
Geographie | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Plaz | Lëtzebuerg |
Koordinaten |
49° 36’ 42.5’’ N 06° 08’ 24.6’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Eisebunnsbréck |
Gleiser | 2 |
Benotzt vun | Nordstreck |
Féiert iwwer | Uelzechtdall |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Boubréck |
Totallängt | 208 m |
Breet | 15 m |
Héicht | 44 m |
Material | Steen |
Bemierkungen | |
Opgaangen | 1862 |
Architekt(en) Konzeptioun | Waring Brothers |
De Clausener Viaduc ass ee vun de véier Eisebunnsviaducen um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg. En ass nom Stater Quartier Clausen, iwwer deen e féiert, genannt.
D'Bréck huet eng Längt vun 208 Meter, ass 44 Meter héich, 15 Meter breet an dee gréisste Bou iwwerspaant 15 Meter.
Nodeem d'Nordstreck aus der Tranchée um Rummplateau kënnt, leeft se iwwer de Clausener Viaduc bis bei d'Verbindungsbréck am Clausener Bierg fir dann duerno iwwer de Pafendaller Viaduc weiderzeféieren.
D'Bréck ass 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf ginn, a se gouf am Optrag vum Adolphe Favier, deen d'Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Dräi aner Eisebunnsbrécken an der Stad Lëtzebuerg
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Clausener Viaduc – Biller, Videoen oder Audiodateien |