Dwight D. Eisenhower
Ausgesinn
Dwight D. Eisenhower | |
---|---|
Funktioun | |
34. President vun den USA | |
20. Januar 1953 - 20. Januar 1961 | |
Virgänger | Harry S. Truman |
Nofollger | John F. Kennedy |
Partei | Republican Party |
Biographie | |
Gebuertsnumm | David Dwight Eisenhower |
Gebuer | 14. Oktober 1890 |
Gestuerwen |
28. Mäerz 1969 Washington |
Educatioun |
United States Military Academy, Command and General Staff College, United States Army War College |
Den Dwight David Eisenhower, genannt "Ike", gebuer de 14. Oktober 1890 zu Denison am Texas a gestuerwen den 28. Mäerz 1969 zu Washington D.C., war ee Fënnefstäre-Generol an der US-amerikanescher Arméi an en amerikanesche Politiker.
Hie war Member an der Republikanescher Partei a vum 20. Januar 1953 bis den 20. Januar 1961 de 34. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
Den Eisenhower zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Als ieweschte Kommandant vun den alliéierten Truppen an Europa war den Eisenhower signifikativ un der d'Befreiung vu Lëtzebuerg vun der Naziokkupatioun bedeelegt.
Fir un de Generol z'erënneren, goufen zu Lëtzebuerg eng Rei Stroossen oder Plazen no him genannt (Stad Lëtzebuerg, Ollem, Wolz) an och Gedenkplacken opgeriicht.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Dwight Eisenhower – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Kuerzfilm Eisenhower à Luxembourg vum Pierre Bertogne aus dem Archiv vum CNA, kuerz nom Enn vum Zweete Weltkrich (3 Minutten, ouni Toun)