Op den Inhalt sprangen

Fernand Kartheiser

Vu Wikipedia
Fernand Kartheiser
Pseudonym Fernand Le Chartreux
Gebuer 30. September 1959
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Duebelagent
Partei ADR

De Fernand Kartheiser, gebuer den 30. September 1959 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker, Militärwëssenschaftler an Auteur.

Hien huet Sozial- a Militärwëssenschaften op der École royale militaire zu Bréissel studéiert, spéider Geschicht op der Universitéit vu Montpellier.

Vun 1983 bis 1989 war hien Offizéier an der Lëtzebuerger Arméi. Hien ass duerno an den diplomateschen Déngscht gaangen a war lëtzebuergeschen Ambassadeur fir Griicheland, Zypern a Rumänien.

Zanter dem 8. Juli 2009 ass hien ADR-Deputéierten fir de Walbezierk Süden an der Chamber, wuer hien 2013 an 2018[1] erëmgewielt gouf.

De Fernand Kartheiser ass President vun der Association des hommes du Luxembourg. De 25. Mäerz 2012 gouf hie vum Nationalkongress vum ADR mat 91% vun de Stëmmen zum Partei-President gewielt.

De 7. Juni 2013 huet d'Lëtzebuerger Land reveléiert, datt de Kartheiser Duebelagent fir den CIA an de russesche Geheimdéngscht GRU war; dee Betraffenen huet dat op RTL Radio confirméiert[2].

Publikatiounen

Literatur

  • Claude Wolf, Gesellschaftliche Gerechtigkeit ; Interview an der Revue datéiert op den 8. Abrëll 2009, Ss. 20-23 (mat Fotoe vum Thierry Martin).
  • Dani Schumacher, Nach dem Führungswechsel bei der Reformpartei: "Keine ewige Oppositionspartei" - ADR-Parteipräsident Fernand Kartheiser bezieht Stellung ; Interview mam Luxemburger Wort, Ausgab vum 25. Abrëll 2012; S. 4 (mat enger Foto vum Michel Brumat).

Um Spaweck

Commons: Fernand Kartheiser – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. elections.lu
  2. "Lëtzebuerger Land: Fernand Kartheiser war 'Duebel-Agent'". RTL.lu - 06.06.2013, 17:10 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.06.2013, 07:35.